deSCOUT 1/2004

17
de SCOUT 1/04 Camp Federal 2004 an Ungarn SZERVOUSZ MAGYARORZAG SCOUTEN A GUIDEN FNEL No 506 / 84. Joergang

description

Periodique officiel de la FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg)

Transcript of deSCOUT 1/2004

Page 1: deSCOUT 1/2004

dedeSCOUTSCOUT1/04

Camp Federal 2004 an UngarnSZERVOUSZ MAGYARORZAG

SCOUTEN A GUIDENF N E LNo 506 / 84. Joergang

Page 2: deSCOUT 1/2004

EDITORIAL3

Périodique officiel de la FNEL Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg

43, rue de Hollerich, Luxembourg

Parait 4 fois par an

Rédaction et mise en page Anne Kaiffer, Martine Feller, Jacques Degardin, Claude Freistroffer Impression Imprimerie Victor Buck, Leudelange Adresse postale deSCOUT (FNEL) B.P. 2676 L-1026 Luxembourg Tel +352 26 48 04 50 Fax. +352 26 48 04 30 [email protected] Internet www.fnel.lu

Clôture de rédaction pour le prochain numéro le 15 mai 2004

deSCOUT

An och wann dës Rechnung e bësse komesch ausgesäit, si stëmmt. A manner wéi 2 Méint ass et endlech sou wäit: Europa begréisst 10 nei Länner a senger grousser Famill. Polen, Litauen, dei tchechesch Republik, Zypern, Slowenien, déi slowakesch Republik, Estland, Lettland, Malta an Ungarn bleiwe geographesch gesinn zwar op der selwechter Plaz, réckelen awer op villen anere Pläng e gutt Stéck méi no u Mëtteleuropa erun.

Egal op politeschem, wiertschaftlechem, geographeschem, kulturellem oder sproochlechem Plang, op eis alleguerte komme ganz sécher eng sëllechen Ännerungen duer. Op jiddefall ass et wichteg, dass jidder eenzelnen “alen” Europäer seng Dier op seng Aart a Weis fi r dës néi Membere vun eiser europäescher Famill opmécht an déi néideg Toleranz vis à vis vun dësen “neien” Europäer un den Dag leet.

Dëse Summer féiert onse Federal-Camp eis da bis an Ungarn, eent vun deenen 10 Länner, déi am Mee der europäescher Unioun bäitrieden. E Camp, dee fi r eis alleguerten eng gutt Manéier ass, fi r dëst Land a seng Awunner e bësse besser kennen ze léieren a nei Erfahrungen ze sammelen.

EDITORIALAnne Kaiffer

Chargée de la Communication

2 deSCOUT 1/04

ACKERMANN Charles Louis Luxembourg ALS Claudine Luxembourg ANGEL Robert Luxembourg ANGEL Tom Luxembourg AREND-PESCHON Norbert Dippach ARENDT Georges Luxembourg ARNO Vincenzo Luxembourg AUDRY-OLINGERPaule Bech BECK Charles Luxembourg BENASSUTI Nicolas Dudelange BERGER-NOEL Eugène Peppange BERNARD Albert Luxembourg BICHEL-SCHEECKClaudine Lorentzweiler BILLON-JACQUEMARTAndrée Luxembourg BOCK Nicole Luxembourg BONN Alex Luxembourg BOURSIER Madeleine Cap BREEDYK-WARDEN Paula Hunsdorf BRAQUET Sylvie Roodt sur Syre BRAQUET Michel Luxembourg BRASSEUR Anne Luxembourg CALMES Trixie Munsbach DALEIDEN Simone Beringen DE LORENZI René Schiffl ange DE MUYSER Guy DE MUYSER Guy DE MUYSERLuxembourg DENNENWALD Francis Echternach DIDERICH Georges Bridel DIESCHBOURG Henri Echternach DOLIZY Pit Strassen DONVEN Michel Peppange DUPONT Marc Rumelange DUPONT Philippe Luxembourg EHMANN-MATHIEUMonique Bissen ELVINGER Tom Bridel ELVINGER Martine (Eilo) Bridel ENTRINGER Edith Heisdorf ERNST-GRUBER Claire Luxembourg ERNST-GRUBER Claire Luxembourg ERNST-GRUBER FABER André Luxembourg FABER-CAROSATI Josée Luxembourg FABER-SCHMIT Martine Olm FABER Carlo Steinsel FABER-CALMES Rita Luxembourg FEDERSPIEL René Mamer FEIDER Marc Luxembourg FID.WEBER+BONTEMP Luxembourg FOEHR Vincent Clemency FRANCK Adrienne Luxembourg FRANCK-ARENDT Norbert Luxembourg, GALOWICH Marc Luxembourg GEORGES Alain Luxembourg GEORGES-MAYER Josette Luxembourg GEORGES-MAYER Josette Luxembourg GEORGES-MAYERGIERENZ-WEBER A. Strassen GIERENZ-WEBER A. Strassen GIERENZ-WEBER GOEBBELS Raymond Luxembourg GROFF Jean-Camille Kehlen GUT Roland Fennange HAAS Christiane Mondorf-les-Bains HALSORF Charles Colmar-Berg HAMILIUS Jean Luxembourg HAMMELMANN-FABER Malou Bergem HAUSEMER Georges Luxembourg HELMINGER-SCHINT Carine Luxembourg HINZ Günther Lorentzweiler HOFFMANN Jean Dommeldange, HOFFMANN-MINET Guillaume Bridel HOLLENFELTZ-BOUSSER Laurence Bereldange HOLLENFELTZ-BOUSSER Laurence Bereldange HOLLENFELTZ-BOUSSERHOUEL-HOFFMANN Frutzi Kehlen HOSCH Henri Cap INFALT R. p.a.Tageblatt Rédaction Esch-Sur-Alzette JACQUEMART Alexandre Luxembourg

d’FRENN vun der FNEL

E grousse Merci un Iech alleguer. Mat Äerem Don oder Orde Permanent ënnerstëtzt Dir d’FNEL an hëlleft d’Aktivitéiten an d’Formatiounen ze fi nanzéieren.

KASS-FRISCH Edith Luxembourg KILL Mariette Strassen KIOS-SCHAEFFER Nicole Luxembourg KIOS-SCHAEFFER Nicole Luxembourg KIOS-SCHAEFFERKNAFF Lydia Diekirch KNEIP Robert Luxembourg KOEUNE-MULLER Yvonne Lorentzweiler KONTZ-PRUSSEN Annemie Luxembourg KRECKE-GIVER Monique Bereldange KREMER Remy Luxembourg KRIEPS Alexandre Luxembourg KROMBACH Charles Luxembourg KUBORN-WEBER Paulette KUBORN-WEBER Paulette KUBORN-WEBERLuxembourg KUFFER Jean Echternach KUFFER Claude Echternach KUNSCH-LENTZ Rom Mersch LAUER Jos Koerich LAUFF Henri Luxembourg LAUFF Alain Kehlen LECORSAIS Reggie Luxembourg LECORSAIS René Luxembourg LEESCH Max Koerich LENTZ Georges Luxembourg LINDEN Tit Bertrange LOESCH Tom Luxembourg LOESCH-WAGNER Marianne Luxembourg WAGNER Marianne Luxembourg WAGNER LORENZ Michèle Echternach LOSCHETTER Joseph Luxembourg LUCAS Danielle Heisdorf LUJA Alice Luxembourg MAAS Rainer Kehlen MAGNANI Raymond Schiffl ange MAJERUS Edmond Beaufort MANGERS-ANEN Edmée Dudelange MARSONG-BEFFORT Marguerite Bertrange MATAGNE Pierre Imbringen METZLER Tom Luxembourg MOSSONG Bernadette Boudler MUNCHEN Charles Luxembourg MUNCHEN Marie-Anne Cap NICOLAS Frederic Luxembourg PAQUET Sylvie Beidweiler PAQUET-MULLER Dedette PAQUET-MULLER Dedette PAQUET-MULLERLuxembourg PASTORET-KEHL Carlo Differdange PASTORET-KEHL Carlo Differdange PASTORET-KEHLPFEIFFER Paul Luxembourg PROBST S.à.r.l. Howald, PRUM Pit Luxembourg PRUSSEN-BATTIN Renée Luxembourg RAUS Jacques Waldbredimus RECKINGER Bob Schoenfels RECKEN-SCHNEIDEClaude Reckange REDEN Doris Luxembourg RIES Eric Luxembourg SCHAACK André Osweiler, SCHINTGEN Claude Flaxweiler SCHNEIDER Jean-Claude Luxembourg SCHOCKWEILER Colette Luxembourg SCHOCKWEILER Carlo Senningerberg SCHWERTZER Jacquot Schrassig SIMON-JUNIUS Coryse Hesperange TAPIS HERTZ Luxembourg TONEY Kenneth et Lisa Prettingen TURK Philippe Luxembourg VANDELOO-SCHARR Romaine Lenningen WEBER-WAGNER Alphonse Biwer WEBER-WAGNER Alphonse Biwer WEBER-WAGNERWELL Jean Luxembourg WELL-FONCK Renée WELL-FONCK Renée WELL-FONCKLuxembourg WIES Georges Dudelange WITRY-SCHWACHTGEN Tuddie Luxembourg WOLTER Thierry Noerdange WURTH Michel Luxembourg

Stand: 31.12.2003

15 + 1.Mee 2004 = Europa zu 25

Page 3: deSCOUT 1/2004

INHALT5

6

6

AKTUELL

RONDEREMMisäershaff RONDEREMMisäershaff RONDEREMHike des MisérablesRONDEREMHike des MisérablesRONDEREMMérite-Jeunesse Wat ass dat?

ONGD-FNEL Expositioun am Cercle

ONGD-FNEL Eng Rees an de Nepal

BEAVERPiwitschenBEAVERPiwitschenBEAVER Camp zu HeeschdrefBEAVER Camp zu HeeschdrefBEAVER13

1415

WELLEFCHER

EXPLORERPanthères NoiresEXPLORERPanthères NoiresEXPLORER BuergbrennenEXPLORER BuergbrennenEXPLORERLoutres Camp zu Weicherdang

1617

101112

1920 2122

AiglesWELLEFCHERAiglesWELLEFCHER Sortie “Transfair”WELLEFCHER Sortie “Transfair”WELLEFCHERMelusina-Fiiss Sortie an de Musée

InternationalAKTUELLInternationalAKTUELL Scouten an UngarnAKTUELL Scouten an UngarnAKTUELLPresserevue Fir iech gelies...

Annonce deSCOUT sicht Reporter

TITELTHEMASzervousz Magyarország TITELTHEMASzervousz Magyarország TITELTHEMAEng Zäitrees duerch Ungarn: de Camp Fédéral 2004 bei Budapest.

ZU GUDDER LESCHTVu et entenduZU GUDDER LESCHTVu et entenduZU GUDDER LESCHTEch schwätze mat

Les cadres de la FNEL

E gudde Rotschlo

De klenge Scout

3 Froen

24 Vu et entendu2526293031

17

211/04

INHALT deSCOUT 1/04

Mar

c Ka

lbus

chLo

utre

s

Page 4: deSCOUT 1/2004

deSCOUT 1/046TITELTHEMA TITELTHEMA7

SZERVOUSZ MAGYARORSZAG

De Federal-Camp vun der FNEL ass vum 17. bis den 31. Juli 2004 an der Géigend vu Budapest

Moien Ungarn - dat heescht des komesch Iwerschreft op ungaresch. Esou heescht awer och de Summer-Camp vun der FNEL 2004, deen ënnert dem Thema “Zäitrees duerch Ungarn” steet.

Während zwou Woche ginn also d’Zelter zu Nagykovácsi, eng 10 km westlech vu Budapest, der Haaptstad vun Ungarn, opgeschloen. D’Camp-Plaz, de Sztrilich Pál Scout Park, gehéiert der ungarescher Scouts-Federatioun a läit an deBuda-Koppen direkt bei engem Bësch.

Den Terrain huet eng Gesamtfl äch vun ongeféier 10 Hektar a besteet aus méi oder manner grousse Wisen, déi vu klenge Baamgruppen vuneneen ofgetrennt sinn an eng fl ott Landschaft bilden. Op dëse Wisen ass genuch Plaz, fi r déi eenzel Sous-Camp’en ze verdeelen, doniewent gett

Jacques Degardin

nach eng dovun als Veillée’s-Plaz benotzt an eng

aner fi r Sports-Aktivitéiten.

Am Moment lafen d’Preparatiounen op

Héichtouren. Ennert der Leedung vum Chef de

Camp, dem Hengi Schreiner, ass d’Equipe vu ronn

60 Cheffen amgaang, d’Zäitrees fi r déi 392 Guiden,

Scouten, Explorer, Rover a Cheffe virzebereeden.

De Kader-Programm steet scho bal komplett,

elo ass et un deene verschiddenen Equipen, fi r

d’Aktivitéite méi am Detail ze plangen. Eng Partie

vum Programm ass fi r jidderee gläich, mee all

Sous-Camp kritt och d’Méiglechkeet fi r en Deel

vun der Zäitrees selwer ze organiséieren.

Op der Camp-Plaz selwer wäerten z.B.

Veillée’en, Sport, Scouts-Kiirmes, Workshops

ofgehale ginn. Mee virun allem wäert d’Emgéigend

erfuerscht ginn, ënnert anerem um Hike, dee fi r

d’Scouten/Guiden 2 Deeg, fi r d’Explorer a Rover

3 Deeg wäert daueren. Och Budapest, mat senge

Schlässer, Kierchen, Musée’en an Thermalbieder,

wäert sech vu méi no ugekuckt ginn. Mee eng Rees

an Ungarn wär net komplett ouni ee Besuch um

Balaton-Séi, der Vakanzendestinatioun vun den

Ungare schlechthin. A wien dann nach ëmmer

Zäit huet, dee ka sech et gemittlech maachen an de

Goulasch, d’Camp-Zeitung, liesen.

d’Camp-Plaz matzen an der Natur

Cap

er P

iwits

chen

De Concours fi r de Logo vum Camp gouf vum Philippe Mayer vun de Panthères Noires gewonnen. Hien däerf fi r näischt mat op d’Zäitrees fueren.

den Hengi Schreiner,Chef de Camp

Wien ass bei wiem? Wien ass eise Chef? Zu wéivill si mer?

SCOUTEN-GUIDEN 1: 63Mischi NicolayCBDM, Castors, Greng Scouten a Guiden, Hirsch

SCOUTEN-GUIDEN 2: 62Nathalie SchweichHoga, Kiewerlecken, Lions Bleus, Piwitschen

SCOUTEN-GUIDEN 3: 65Fabienne WagnerAigles, Dachsen, Panthères Noires, Wiselen

SCOUTEN-GUIDEN 4: 67Christian BetzenBisons Futés, Eclaireurs d’Echternach, Loutres, Lusseg Quaichlécken, Wëll Sai

EXPLORER: 70 ROVER: 26Guy Bichel Thierry Blau

SOUS-CAMPSSOUS-CAMPS

a seng EQUIPEDat ungarescht Triumvirat gett vum Chef de

Camp, Hengi Schreiner, a sengen zwee Adjoint’en, dem Marc Blau an dem Carlo Schott, forméiert. De Pit Dolizy këmmert sech em d’Finanzen an d’Claudine Scheeck em d’Sekretariat.

An der Programm-Equipe fanne mer de Carlo Schott erëm: hie këmmert sech em d’Visiten. Och de Marc Blau ass dobäi, an zwar bei der Hike-Equipe. D’Pouss Blau responsabel fi r de Sport an d’Anouk Prim koordinéiert d’Workshop’en.

Den Alain Kap ass de Responsabel vun der

Intendance-Equipe. Ennerstëtzt gett hie vum Dani

Schong, wat sech em de Ravi këmmert; den Yves

Blasen kuckt, dass dat richtegt Material matgeet;

de Frank Stolz-Page kacht fi r déi Cheffen, déi

net an engem Sous-Camp sinn. Den Dr. Roger

Wirion leet d’Infi rmerie an de Claude Kuffer ass

responsabel vun der Redaktioun vun der Camp-

Zeitung “Goulasch”.

Page 5: deSCOUT 1/2004

8TITELTHEMA TITELTHEMA9

895 gett d’Karpatenbecken vun de magyareschen Stämm aus dem Osten eruewert

1241 d’Tataren verwüsten d’Land1382 geet d’ungarescht Räich vun Neapel bis Polen1396 gewannen d’Tierken d’Schluecht vun Nikopolis 1456 schléit de János Hunyadi de Sultan Mohammed II.

zu Belgrad1458 bis 1490 ass Ungarn eng europäesch Grouss-

muecht an eruewert Wien1541 gett Buda vun den Tierken eruewert. E groussen

Deel vum Land geréit ënner tierkesch Herrschaft, en aneren ënnert déi vun den d’Habsburger

1699 ginn d’Tierke mat der Hëllef vum Habsburger Kaiser aus Ungarn verjot

1740 fängt d’Herrschaft vun der Maria Theresia un an dauert bis 1780, dono kennt déi vum Joseph II.

1848 ass eng Revolutioun zu Pest. De Kinnék Ferdinand V. ernennt déi éischt onofhängeg Regierung. E Fräiheetskampf géint d’Habsburger gët 1849 niddergeschlon

1867 Versöhnung mat Eisterräich. De Franz-Josef I. get ungareschen Kinnek, domat ass déi éisterräichesch-ungaresch Monarchie gegrënnt

1914 nodeems zu Sarajevo en Attentat op den Thronfolger Franz-Ferdinand verübt gett, erkläert déi éisterräichesch-ungaresch Monarchie Serbien de Krich. Den 1. Weltkrich fänkt un

1918 no der Krichsnidderlaag fällt d’Monarchie Eisterräich-Ungarn auserneen

1919 gett d’Republik ausgeruff, se hält awer just 133 Deeg, dann hëlt eng Géigenregiirung mat Hëllef vun der Arméi Budapest ënner Kontroll

1920 gett beim Fridde vun Trianon d’Fläch vun Ungarn vun 288 000 op 93 000 km2 an d’Bevölkerung vun 18,2 op 7,6 Milliounen erofgesat

1921 gët d’Gesetz iwwert d’Entthrounung vun den Habsburger gestëmmt

1932 bis 1936 sicht Ungarn ëmmer méi Ennerstëtzung bei Däitschland an Italien

1938 kritt Ungarn duerch dat italienesch-däitscht Schiedsgericht en Deel vun sengen aalen Territoiren zeréck

1941 Ungarn erlaabt den däitschen Truppen, a

BUDAPEST

D’Haaptstad vun Ungarn besteet aus zwee Deeler op all Säit vun der Donau: op der westlecher Säit an den Hiwwelen läit Buda, Pest op der östlecher Säit läit an der Gewan

Jacques Degardin

Richtung Jugoslawien duerchzemarschéieren. Am Juni erkläert d’Regierung der Sowjetunioun de Krich

1944 as Ungarn vun Däitschland besat. Am vu Russland besaatenen Deel kënnt eng provisoresch Nationalversammlung zesummen an erkläert Däitschland de Krich

1945 dreiwt d’sowjetesch Arméi déi däitsch eraus1947 Ungarn ass eng Republik. D’kommunistesch

Partei gewënnt duerch e Walbedrug d’Walen1948 All déi aner Parteie verschwannen. Betriber gi

verstaatlecht, vill Leit gi veruerteelt.1956 Revolutioun fi r méi Demokratie. Den

1.November trëtt Ungarn aus dem Warschauer Pakt aus. Sowjetesch Truppen intervenéieren an d’Revolutioun gett niddergeschloen.

1968 scheckt Ungarn als Member vum Warschauer Pakt Truppen an d’Tchekoslowakei fi r dem Prager Frühling en Enn ze setzen.

1989 laafen Gespréicher tëscht der Ungarescher Sozialistescher Aarbechterpartei an der Oppositioun fi r e fridelechen Iewergang zu engem demokratesche Rechtsstat. Am September mécht d’Regierung d’Grenzen fi r DDR-Flüchtlingen op.

1990 gin d’sowjetesch Truppen ofgezunn an déi éischt fräi Parlamentswahlen ofgehalen.

2004 Ungarn kënnt an d’Europäesch Unioun.

ZÄITREES duerch UNGARNFabienne Lentz

E Résumé vun der ungarescher Geschicht

D’Heldeplaz zu Budapest erënnert un d’Geschicht vun Ungarn

Déi éischt Bewunner vum heitegen Buda si keltesch Stämm, déi sech um Gellert-Hiwwel nidderloossen. Zur Réimerzäit entwéckelt sech d’Siedlung Aquincum zu enger Stad mat 30 000 Awunner. D’Réimer baue Stroossen, Festungen, Amphiteateren, vun deenen een haut nach eng ganz Rei Ruine ka gesinn.

Am 9. Jorhonnert gett d’Land vun de Magyaren besidelt, déi sech fi r t’éischt an de fl aache Géigende ronderëm d’Donau nidderloossen. No den Tataren-Invasiounen stellt sech eraus, dass et schwéier ass, sech op enger fl aacher Gewan ze verdeedegen. Ronderëm d’Stied ginn deck stenge Maueren opgeriicht an de Kinnék Béla IV. léisst sech säi Palais op de sécheren Hiwwele vu Buda opriichten. Am Mëttelalter existéierelaanscht d’Donau zwou separat Stied: Buda mat hire Palais’en an de Wunnenge vun der héijer Bourgeoisie um Westufer a Pest, d’Stad vun den Händler op der östlecher Säit vum Floss.

D’Entwécklung vun der Stad huet sech am 16. Jorhonnert radikal geännert. Mat der tiirkescher Besatzung huet Budapest sech orientaliséiert, villes gouf zerstéiert. Dat wichtegst, wat d’Tierken no hirer 140jähreger Occupatioun hannerloossen, sinn d’Thermalbäder, vun deenen der haut nach bestinn, wéi zB d’Király, d’Rác an dRudas Bieder.

Am 18. Jorhonnert erhëllt d’Stad sech lues a lues vun der Besatzung. Am 19. Jorhonnert bidden d’Hiwwele vu Buda an d’Mauere vu Pest kee Schutz méi. An der Gewan gett quasi eng ganz nei Stad opgebaut a Pest get erëm den Zentrum vun der Haaptstad, déi während der éisterräichesch-ungarescher Monarchie e weideren ekonomeschen a kulturellen Opschwonk erlieft.

1873 fusionéiere Buda a Pest offiziell zur Stad Budapest. Et gi Brecken, Parken, Avenuen, e Metro an öffentlech Gebeier gebaut a Budapest gett ëmmer méi mat Wien verglach. Lues a lues entwéckelt sech Pest zum ekonomeschen a politeschen Zentrum.

Am zweete Weltkrich gett e groussen Deel vun der Stad zerstéiert. Vun der kommunistescher Epoch gesäit een eigentlech ausser verschidden groussen Bürosgebaier haut net méi ganz vill. Am sougenannten Statue-Park kann ee sech aal Skulpturen ukucken, déi während dem Kommunismus an de Stroossen stoungen.

www.budapestinfo.hu

d’Parlament

déi sougenannte Kettebréck war 1849 déi éischt permanent Bréck tëscht Buda a Pest

deSCOUT 1/04

PHO

TOS:

Inte

rnet

Page 6: deSCOUT 1/2004

deSCOUT 1/0410AKTUELL AKTUELL11

... dass et weltwäit méi wéi 28 Millioune Scoute ginn, Jonker an Erwuessener, Jongen a Meedercher, an dat an net manner wéi 216 Länner a Géigenden. An 154 dovunner si

vun Internationale Scout Organisatiounen unerkannt.

Ass dat dee gréisste Foulard vun der Welt? D’Scoute vu Palencia a Spuenien hunn dat 15t Treffen vum Catholic Scout Movement organiséiert an d’Foularden vun de Vertrieder vun der ganzer Welt zesummegebitzt. Elo brauche mer eigentlech just nach dee passende Knuet!

11 243 - dat ass d’Zuel vun de Scouten déi et an Ungarn ginn - ëmmerhin duebel souvill wei zu Lëtzebuerg. Déi Zuel ass u sech och net erstaunlech, vu dass Ungarn jo och e Stéck méi grouss ass wéi Lëtzebuerg - erstaunlech ass et dann awer , wann ee bedenkt, dass d’Ungaren des Trupp eréischt an den leschte 15 Joer opgebaut hun… mee eent nom aneren.

Déi éischt Trupp vun der Magyar Cserkeszszövetség - oder Hungarian Scout Association - gouf 1910 gegrënnt, domat waren se eis schonn em 2 Joer viraus. 1919 ass déi éischt Girl Guide Troop opgaang, an 1924 hunn d’Ungaren um 2. World Jamboree deelgeholl an déi prestigiéis drëtt Plaz an der “Competition of Nations” krut (dat verkënnen si op jiddefall houfreg op hirem Site). Iwwerhaapt hunn d’Ungaren ëmmer vill op Jamboreen an hir international Relatioune gehal: 1926 organiséire si hiren éischten nationalen Jamboree, wou 8235 Scouten aus 12 Natiounen matman. 1933 ass den

4. World Jamboree zu Gödöllö, an Ungarn, wou net manner wéi 26000 Scouten aus 54 Natiounen gezielt ginn.

Tëscht 1945 an 1948 ginn et déi éischt Schwieregkeeten: et gi Problemer déi national Scout Associatioun offi ziell unerkannt ze kréien. 1948 fänkt dann eng däischter Zäit u fi r den ungareschen Scoutissem: ënnert de Kommuniste gin d’Scoute verbueden, verschidde Cheffen an déi, déi probeiert hunn d’Associatioun nees nei z’organséieren, ginn an de Prisong gesat.

Dat trauregt Resultat vun der ungarescher Geschicht: vun enger Gesamtpopulation vun 10 Millioune Leit liewen ëmmerhin 5 Milliounen ausserhalb vun Ungarn. Déi, déi an déi “fräi Welt” emigréiert sin, stelle lues a lues d’Hungarian Scout Association Abroad op d’Been, an däer sech emigréiert Ungaren erëmfannen. Si gett et haut nach an zielt ëmmerhin 4000 Membren. Et ass matt hirer Hëllef wou vun 1989 un nees eng legal an offi ziell Hungarian Scout Association gegrënnt gett.

1990 gett d’HAS vun der Weltorganaisdatioun vun de Scouten unerkannt. Tescht 1990 bis 1995 gi massiv Cheffenformatiounen a Camp’en organiséiert, ënnerstëtzt vun internationaleScoutstruppen. Wann een 1991 nëmmen 17 Ungaren um World Jamboree an Korea konnt fannen, da waren et der 1995 zu Dronten an Holland ëmmerhin nees eng 70. The Hungarians are back! Et ass also séier nees Bierg op gaang, haut zielen si nees 11 243 Scouten, 60% Jongen a 40% Meedercher, a mir si gespaant e puer vun hinnen am Summer vläit ze gesin.www.cserkesz.hu

LÉGUY RÉSENMartine Feller

*

ww

w.sc

out.o

rg

*Emmer bereetPRESSE-REVUE

Claude Freistroffer

d’Lëtzebuerger LandNummer 07/04, 13. Februar 2004, Säit 5 Extrait’en vum Artikel Jeunesse cadréevum Anne Heniqui

[...] Elle (la ministre de la Famille, Marie-Josée Jacobs) part du constat que les habitudes associatives des jeunes ont changé, qu’ils ne sont plus aussi intéressés par ces structures que ne l’étaient leurs parents ou grands-parents, même si les chiffres refl ètent une tendance encore positive: 66 pour cent des jeunes passent régulièrement du temps dans des associations, 65 pour cent sont membres dans au moins l’une d’entre elles. 21 pour cent deas jeunes de moins de 25 ans sont attirés par les clubs de jeunes, les guides et scouts, les mouvements politiques ou syndicaux, tandis que 37 pour cent se retrouvent dans des organisations sportives.

C’est que les jeunes préfèrent bouger, ne pas se fi xer trop longtemps, garder une porte ouverte pour d’autres opportunités qui pourront se révéler plus attrayantes. Et ils le disent franchement. [...]

Bref, l’engagement des jeunes est tout aussi sérieux et authentique dans la plupart des cas, sauf qu’il ne dure plus toute la vie. [...]

Les jeunes s’investissent dans la vie de société d’abord pour s’amuser, à condition de pouvoir se retirer de leur engagement à tout moment et de pouvoir infl uencer ce qu’ils font, selon leurs capacités spécifi ques. Les bénéfi ciaires de leur engagement doivent en être les autres jeunes, ils doivent pouvoir être ensemble avec leurs amis et s’en faire d’autres, apprendre quelque chose d’utile et enfi n, que leurs

activités soient totalement différentes de ce qu’ils vivent en classe ou au travail. [...]

Les organisations « traditionnelles » comme les scouts ont sans doute des problèmes de recrutement par ce qu’elles n’ont pas su s’ouvrir aux jeunes non-luxembourgeois. Sur 5 013 membres, un septième seulement sont des étrangers, alors que la moyenne pour le Grand-Duché est de quarante, bientôt de cinquante pour cent. [...]

Wampoum (CB/DM)Nummer 03/04

[...] Après sa première jeunesse de 20 ans, le home actuel va subir une solide cure d’agrandissement et de remise en forme. Les plans que nous vous avons déjà présentés à plusieurs reprises n’ont pas vraiment changé. Le volume du home sera globalement multiplié par deux, il y aura une cuisine digne de ce nom ainsi que des dortoirs avec installations sanitaires correspondantes (non, non, le Donnerbalken n’est plus accepté par l’ITM). Il y aura aussi des grandes pièces et des Scoutenbuden qui permettront de nouveau d’héberger tout le groupe sous un même toit, ce qui n’est pas trop tôt après presque deux années de solution provisoire à Hollerich.

Comme la nouvelle construction sera en béton pour le sous-sol mais en bois pour les parties supérieures, le chantier devrait avancer rapidement et nous visons la fi n de la construction en automne 2004. Nous ne manquerons pas de vous informer régulièrement de l’évolution des travaux.

deSCOUT mécht iech d’Liewe méi einfach a liest souguer d’Zeitung fi r iech! Hei kritt dir en Iwerbléck, wat esou vun an iwwert d’Scoute geschriwwe gëtt.

International

Wosst de schonn...Rekord

SMS: Kuerznorichten aus aller Welt

Page 7: deSCOUT 1/2004

deSCOUT 1/04

deSCOUT sicht:

TOP REPORTER an UNDERCOVER AGENTEN m/f

déi di onméiglechst Geschichten opdecken (aus dengem Grupp, dengem Duerf oder der grousser Welt)

du brauchs:- e Bic an e Blat (am beschten awer vläicht e Computer)- laangjäreg Erfahrung (op d’mannst 1 Mount) - Loscht fi r eppes z’erzielen- d’Fäegkeet am richtege Moment zouzeschloen- (am beschten och) en A fi r fl ott Momenter an/mat Fotoe festzehalen

du solls:- liesen an schreiwe kënnen- tëscht 8 an 88 Joer aal sinn (duerno gëtt en Test gemaach)- fl exibel a stressgepréift sinn- konstruktiv Kritik erdroe kënnen (och vun ons)- däi Scoutsversprieche kënnen opsoen (oder wësse wou’s du déi néideg Informatioune fënns, wann ee freet)

dir gëtt gebueden:- du schaffs an enger fl otter, jonker, dynamescher Equipe- deng Reportage ginn an der oplagstäerkster Publikatioun vun der FNEL verëffentlecht- deng Reportage ginn am ganze Land gelies- du kanns hei deng zukënfteg Carrière an der nationaler an internationaler Press starten- et ass fi r de Reporterbadge unerkannt!- du kriss en hauseegenen Auswäis PRESSE

Dest ass deng eemoleg Chance fi r an dëser Equipe matzemachen. Mir freeën ons op all nei Mataarbechter.Mell dech bei: [email protected] oder deSCOUT (FNEL) B.P. 2676 L-1026 Luxembourg

12AKTUELL BEAVER13

Laurence Meres, Caper Piwitschen

BEAVERCAMP zu HEESCHDREFDe Camp stoung ënnert dem Thema

„Wikinger“ an all Kand krut och eng Kette mat sengem Wikingernumm um Ufäng vum Camp.

Och wa während dem Camp kee Schnéi gefall ass, hunn eis Wikinger sech gutt ameséiert a vill gelaacht.

Beim Sigisspill hunn se den Numm vun engem anere Kand gezunn. Mat dësem Kand hunn se du misse besonnesch fei sin an hun em herno e Kado (selwer gebastelt oder selwer kaaft) iwwerreecht.

Fir e bëssen a Krëschtstëmmung ze kommen hun d’Kanner och e Bam gerëscht an eng Dekoratioun gebastelt.

Natierlech hunn déi kleng Wikinger net nëmme gespillt a gebastelt. Si hunn och beim Schaffe gehollef an dat souguer fräiwëlleg.

Den zweeten Dag gouf et dunn eescht an déi méi nei Beaver hunn hiert Versprieche gemaach. Dëst ass beim selwer gemoolte Wikingerscheff ofgehale ginn.

Leider ass och op dësem Camp d’Zeit vill ze schnell vergaang an d’Kanner ware guer net esou begeeschtert, wéi d’Elteren se siche komm sinn.

Vum 20 bis den 22 Dezember 2003 hunn 10 Beaver vun de Caper Piwitschen an hier Cheffen hiere Chreschtcamp zu Heeschdref am Chalet Gingko verbruecht.

vlnr: Felix Schaaf, Michelle Slunecko, Adam Karleskind

Basile Fronville

vlnr: Anne Sclunecko, Lou Kayser (Reebou), Eric Seburger, Michelle Slunecko

Cap

er P

iwits

chen

job|search le marché de l’emploi scout

AN EEGENER SAACHFir ons d’Aarbecht mei liicht ze maachen (an iech eigentlech och…) hei nach e puer Recommandatiounen:

Gitt eis w.e.g. den Text an d’Photoe getrennt eran.

Den Text: soll fi r eng Säit ca. 300 Wieder hunn, e brauch net formatéiert ze sin (mir bekëmmeren ons selwer em de Layout)

D’Photoen: déi digital sollen esouvill Pixelen wéi méiglech hunn; de Format ass TIFF oder JPEG; déi normal scanne mir am léifste selwer (dir kritt se selbstverständlech zréck). W.e.g. keng Photoe vum Internet erofl uede fi r bei är Artikelen (d’Opléisung ass fi r onsen Zweck net ze gebrauchen)

Wa mer dat ganzt op CD, Disquette oder Email kréien, si mir voll zefridden.

Page 8: deSCOUT 1/2004

deSCOUT 1/0414WELLEFCHER WELLEFCHER15

Le samedi, nous sommes allés

au Musée de la nature voir

l’exposition du toucher. Nous

avons commencé par enlever

nos chaussures, puis la visite a

commencé. Nous avons d’abord

traversé une série de mains en

caoutchouc. On pouvait leur

serrer la main, c’était très bien.

Après, il y a avait un ordinateur

qui nous disait ce qu’il fallait faire.

Puis, il fallait nouer un lacet de

chaussures avec des gants. Après,

nous sommes allés dans une salle

où il y avait des espèces de sièges

pour se coucher ou s’asseoir.

Et puis nous sommes allés l’un

après l’autre dans une toute petite

salle où il y avait plein de gros

ballons… C’était super !!

Anne-Lorraine Reinbold, Melusina-Fiiss

au MUSEE

La meute des Melusina-Fiiss est allée voir l’exposition Très Toucher au Musée d’Histoire Naturelle.

Um 2 Auer hu mer eis mat der Meute an der

Scoutstroupe an der Stad virum Cercle Municipal

getraff. Du si mer och eragaang wou mer eng

éischt Aféierung zum Thema Transfer mat den

Drëttweltlänner kruten.

SORTIE “TRANSFAIR”Lisa Klemann, Aigles

D’Aigles haten eng Sortie zum Thema Transfair a waren d’Expo vun der ONGD-FNEL an de Cercle kucken.

Mig

a Th

ill

Duerno hu mer eng Visite Guidée gehal krut mat Foto’en iwwert de Projet vun der ONG an der FNEL am Nepal.

Et wor immens interessant, virun allem fi r d’Wëllef, déi och emol eppes iwwert eng aner, nach onbekannten, Kultur geléiert hun. Et wor erstaunlech

fl ott erzielt gin, well eis Wellefcher hunsuper gutt

nogelauschtert.

Duerno krute mer e Froebou ausgedeelt zum

Thema an hun e « Rallye » duerch d’Stad gemaach.

De Problem wor just, dass en e bëssen ze schwéier

fi r déi ganz kleng wor, mä am grousse ganzen hunn se sech awer gutt amëséiert a wore motivéiert bei der Saach, virun allem wann se zu dräi duerften an d’Geschäfter froe goen.

Um 4 wore mer dunn zoppnaass erëm am Cercle ukomm, wou d’Elteren hir Kanner siche komm sin.

Mar

c Ka

lbus

ch

Page 9: deSCOUT 1/2004

deSCOUT 1/0416EXPLORER EXPLORER17

Wéi och schonn déi Joere virdrun, huet et e puer Versammlungen an e sëllechen Telefonsgespréicher gebraucht, iert sech e Grupp Leit eng éischte Kéier, Freides viru Buergsonndeg, op der traditioneller Buergplaz “der Schanz” zu Luerenzweiler getraff huet, fi r éischt Préparatiounen ze treffen.

Richteg lass goung et dunn awer Samschdes mueres, wéi jidderee mat méi oder manner schwéierem Geschir, ugefaang beim Hummer bis zum Trakter, sech op der Plaz afonnt huet. Fir dat néidegt Holz hat de Fierschter beschtens gesuergt. Lo konnt et lass goen.

Den Ufank maachen natiirlech ëmmer d’Bamstämm, déi, op déi richteg Lengt gekierzt an da matenee verschrauwt, d’Grondgerüst fi r d’Buerg duerstellen. Wann dëst geschitt ass, kënnt dann onauswäichlech ëmmer déi wichtegst Diskussioun vum Weekend : wéi war dat scho méi? Kommen elo fi r d’éischt Dennereiser, dann d’Stréi an duerno eréischt d’Gromperesäck, oder vläicht dach ëmgedréint oder war et d’lescht Joer net esouguer ganz anescht !????????

Nodeems des wichteg Fro dann dach iergendwa gekläert ass, geet et lass mam Bannen, dëst dauert da meeschtens bis Sonndes, bis och dat läscht Lach mat Stréi vollgestoppt a mat engem Gromperesak bedeckt ass.

Niewebäi gett natierlech och nach un anere Saache geschaft, wéi z.B. d’Zelter opriichten, de Grill- an de Gedrénksstand amenagéieren, kanadesch Feieren opstellen, de Wee fi r op d’Plaz zeechnen, an natierlech och mat de Wëllefcher an de Scouten an enger Miniaturausgab vun eiser Buerg, duerch d’Duerf zéie

fi r d’Leit op eis opmierksam ze maachen.

Wa Sonndes dann alles preparéiert an d’Buerg

fäerdeg gebonnen ass, feelt nëmmen nach eppes:

d’Buerg muss nach opgestallt ginn! Heifi r versammele

sech dann och ëmmer, wei op Bestellung, e ganze

Koup Leit aus dem Duerf, déi bei desem wuel

schwieregsten an opreegendste Moment derbäi wëlle

sinn.

Mee och wéi déi Kéiere virdrun, ass dëst Joer

rëm alles ouni Problem verlaf a géint 5 Auer stoung

déi 12m héich Buerg dunn, an huet iwwer dem

Uelzechtdall getrount. D’Wiss huet sech iwwerdeems

ëmmer weider mat Leit gefëllt, déi genau sou gespaant

wéi mir op den Ament vum Ustieche gewaart hunn.

Géint halwer 8 dunn, hunn déi éischt kleng Flamen

ënne beim Fouss gefl ackert a just e puer Minutte méi

spéit stoung dunn déi ganz Buerg, déi gutt mat Wues

getränkt war, a Flamen. Mee leider ass dann no

spéitstens 20 Minutten och déi bescht gebonnensten

Buerg ofgebrannt, an déi ésicht Leit maache sech

dann och schonn erëm op den Heemwee.

Wann dann och dee Leschten säi Wupp giess

a säi leschte Patt gedronk huet, ass et och schonn

erëm un der Zäit fi r un d’Apaken ze denken. Géint

Mëtternuecht ass dann erëm alles geraumt, just dat

schwaarzt Gerëpp vun der Buerg war nach e puer

Deeg um Bierg iwwer Luerenzweiler ze gesin.

Dëst Joer war et scho fi r d’drëtte Kéier, dass d’Panthères Noires zesumme mam Grupp St. Laurent vu Luerenzweiler d’Buergbrennen organiséiert hunn.

BUERGBRENNENRana Rat-Race

Dass et op Weicherdang goe géif, war ganz schnell festgeluegt an der Versammlung. Mir konnten eis nach gutt un déi bezaubernd Vue erënneren, déi mer erblecke konnten, wei mer eis lescht Joer do gemittlech ageriicht haten. An de Programm war och schëtzeg op d’Bee gesat, deen de Lieser hei nach gewuer wäert ginn.

Sou hunn da Samschdes mueres 9 gutt gelaunten Explorer vu Miersch den Zuch a Richtung Norden geholl, fi r vu Wëlwerwolz u sech zu Fouss op de Wee fi r bei den Home ze maachen. No engem Trajet iwwert déi typesch Feldweeër vun Eislek, enger Stäerkung tëschenduerch an dun rëm engem Marsch laanscht eng idyllesch Baach, koume mer um Ziel un. Bei gemittleche Gesellschaftsspiller ass de Metten am Nu ëmgaang an den Änder huet sech an der Kiche breet gemaach fi r eis schliesslech eng deliciéis Prince Orloff opzedëschen. No der Spull hu mer eis et an der Fotell bequem gemeet an eis Bauchmuskelen mat 2 witzege Filmer strapazéiert. Et gouf näämlech eppes ze feieren: dem Hannah säi 17. Gebuertsdag. Käerze goufe mat engem Stouss ausgeblosen an de Kuch huet jidderengem geschmaacht. Gutt gefi ddert si mer dunn an eis Schlofsäck gekroch.

Deen aneren Dag um 10 si mer rëm aus de Plomme gehopst an eis de Blatz aus den Ae geriwwen. Kaum war den Dësch vum Moiesiesse geraumt, dunn hat eise Kach scho

Ben Jacoby, Loutres

d’LOUTRES zu WEICHERDANG

D’Explorer vun de Loutres ware vum 21. bis den 23. Februar zu Weicherdang um Camp.

Lout

res

Lout

res

Panthères Noires

Page 10: deSCOUT 1/2004

deSCOUT 1/0418EXPLORER RONDEREM19

Fischstäbecher an der Pan leien a Spätzlen am Dëppe kachen. Mëttes sin d’Marianne an d’Nora mat hiren original Loutres-Schwänz duerch den Home gegeeschtert, während et bei „Siedler“ héich hier goung, och well verschidde Leit Fusiounen agaange sin. Anerer hu beim „Monopoli“ mol gekickelt, mol gefl ucht oder et gouf „Killer“ gespillt. Nom Geschnëtzeltes als Owesiesse sinn eis déi 2 Explorer-Geselle vun der FNEL besiche komm an kruten direkt den Dessert zervéiert. Duerno stoung den Héichpunkt vum Camp um Programn: den ominéisen „Raid des Nuits“. Waarm agepaakt, hunn 3 Gruppen vu jeeweils 3 Mann sech op de Wee bis bei den nächste Poste gemeet, wou rëm déi nächst Koordinaten ze fanne waren. Sou ass dat vun 10 owes bis moies 4 gaangen, woubäi et op deenen zirka 20 Kilometer net ëmmer evident war, wou et da lo higoe géif. Schliesslech si mer dunn awer all rëm beim Home

geland a wéi de Gérard bis Kichelcher erbléckt hat,

war hien och erëm gutt drop. Schnell sinn eis dunn

awer d’Aen zougefall an am Dortoire war kee

Mucks méi ze héieren.

No sou engem ausgefl ippten Trajet an der kaler

Nuecht (d’Loutres sin eben esou) hate mer eis eise

Schlof bis knapps viru Mëtteg och verdéngt. Well

Tomatenzooss schon den Dag virdru virbereet

gouf, stoung déi feierech Penne all’Arrabiata

geschwënn um Dësch an dat war och net vu

Muttwëll: Beim Araume vun de Rucksäck a beim

Botze vum Home ass en Zand bäigeluecht ginn

a péünktlech stounge mer all dobausse fi r op der

Photo ze grinsen. Op Wolz ass et dunn (natierlech)

rëm zu Fouss gaang, wou den Zuch déi ganz Band

erëm zu Miersch erausgehäit huet.

Wou weist den Norden vum Kompass op

der Südhallefkugel? Wéi war dat scho rëm mat

der Force de Coriolis? Dat si Froen, déi engem

wahrscheinlech vun Honger kommen… obwuel

se no der Zopp nach net gekläert woren...

Geschwënn dono wor Taps.

Moies fréi wore mer frou, dass mer net

gepokert haten: Reen a Wand beim Kaffi drénke

mussen net onbedéngt sinn! Obwuel mer se op

der Mëttesplaz dunn als Compagnon haten, hu

mer alt erëm festgestallt dass d’Iessen um Hike

ëmmer wonnerbar schmaacht. Ob et um Hike

oder um Kach oder um Feier läit, ass nu wierklech

net festzestellen. Dëse Miserablen Hike wäert

wuel als sou verreent an d’Geschicht agoen, wéi

säi Virgänger als souuuu kal. Mee virun allem fl ott

an d’nächst Joer erëm!

Wéi ëmmer hat de Yak am Numm vun der

Equipe vun de Miserablen op en Hike gelueden.

Et handelt sech heibäi ëm en Hike, deen iwwert

Koppen (Koppen, wat soen ech, Bierger!)

an duerch Däller vun iergendwou bis op de

Misärshaff geet.

Iergendwou, dat wor dëst Joer Maarteleng.

Do hu mäer 8 Leit an 2 Muppen eis um 14 Auer

getraff a sinn dunn och geschwë lassgaang. Well

(wéi esou oft) schlecht Wieder gemellt war, hei an

der Géigend d’Buchestierwen roost an doduerch

gutt Nuetsplaatzen rar ginn, hu mer décidéiert, um

Misärshaff op der Genn iwwert dem Schapp ze

schlofen. Den Yves, eis gutt Fee ass eis also siche

komm. Wee wollt, duerft sech iwwert dem Schiele

vun diversem Geméis fi r an d’Zopp e klengen

Apero bei der Entrée genehmegen.

HIKE des MISERABLES

Wéi all Joer, waren och dëse Wanter, den 10. an 11. Januar, nees e puer Haarder ugetruede fi r en Hike, deen des Kéier vu Maarteleng bis op de-Misärshaff gefouert huet.

Sandra Cellina

Lout

res

Page 11: deSCOUT 1/2004

deSCOUT 1/0420RONDEREM

Fir all Grad vum Mérite-Jeunesse ginn et 4

Kategorien (ausser fi r Gold, wou nach eng 5.

derbäi kënnt) an deene sech de Kandidat fi r eng

gewëssen Zäit engagéiert.

Hei e puer kleng Beispiller fi r déi, déi sech

ënnert de verschiddene Kategorien näischt esou

richteges kënne virstellen: Ennert Service versti

mer z.B. aktive Chef an enger Branche sinn;

Skills ass z.B. eng Formatioun maachen, oder e

Muséksinstrument spillen.

Et ginn natierlech nach vill aner Méiglechkeeten!

Fir méi eng detailléiert Lëscht ze kréien, kanns de

dech bei engem vun de Responsabele mellen.

An deenen nächste Woche wäerte mer och eng

Versammlung am QG maachen, wou mer da bei

jidderengem eenzel kucken, wat e fi r säi Mérite

kann ugerechent kréien, wat net, a wat en nach

alles maache muss. Jiddereen dee sech ugemellt

huet, kritt nach eng Invitatioun geschéckt, wou

dann d’Detailer wäerten drop stoen.

Bei dëser Geleeëenheet kréien dann och déi nei

Kandidaten hiert „Record book“, wat um Enn

vum Mérite muss ausgefëllt ginn.

Méi ass et am Fong geholl net..... Du gesäiss, et

muss een net esou vill dofi r maachen…. Also mell

dech schnell bei engem vun eis un.... !!!

De Mérite ass eng Auszeechnung, déi e perséinlecht a sozialt Engagement ausdréckt. En ass an 3 Graden opgedeelt: Bronze, Sëlwer a Gold

de MERITE-JEUNESSE

BronzeService: 3MéintHike: 2 Deeg, 1 Nuecht, 24 kmSkills: min. 6 MéintSport: 3 Méint

SëlwerService: 6 MéintHike: 3 Deeg, 2 Nuechten, 48 kmSkills: min 12 MéintSport: 4 Méint

GoldService: 12 MéintHike: 4 Deeg, 3 Nuechten, 80 kmSkills: min 18 MéintSport: 5 Méint„Residential project“ (Auslands-Projet)

ResponsabelAnne Blau: [email protected], Anne Weis: [email protected]

Anne Blau, Anne Weis

RONDEREM21

L’ambiance était à la découverte, ce vendredi 30 janvier, au Cercle municipal de la Ville de Luxembourg, pour le vernissage de l’exposition «Népal, un beau défi » organisée par l’ONGD-FNEL.

Sylvie Martin

l’ONGD-FNEL s’exposeDécouverte des coutumes,

par l’apposition sur le front du visiteur d’une tikka rouge, apportant bonheur et chance, mais aussi des traditions culinaires à travers, entre autres, un délicieux yaourt népalais dénommé «lassi». Etaient présentes de nombreuses personnalités telles que Anne Brasseur, ministre de l’Education nationale, Jean Spautz, président de la Chambre des députés, Eugène Berger, secrétaire d’Etat à l’environnement et vice-président de l’Association Luxembourg-Népal, le député Ben Fayot et Paul Helminger, bourgmestre de la Ville de Luxembourg. Guy AACH ainsi que les représentants des divers groupes et associations de la FNEL, tout comme les divers partenaires de l’ONGD-FNEL.

Mais le vernissage était surtout l’occasion de présenter l’action humanitaire de l’ONGD-FNEL au Népal. Alain Georges, président de la FNEL, a ainsi rappelé dans son discours que si «tous les hommes sont pareils quels que soient leur race, religion ou classe sociale, l’égalité des chances n’est pas évidente». Aider la population népalaise est donc un devoir qui permet également aux jeunes de « s’engager et de devenir responsables ». Quant à Pierre Matagne, président de l’ONGD-FNEL, il a rappelé leur présence depuis quinze ans au Népal, marquée surtout par la construction d’une école, d’un hôpital pour enfants et le reboisement autour de villages.

Les photos prises par Vic Fischbach et Marc Kalbusch en avril dernier montrent ce « pays très fascinant et les gens formidables qui y vivent », pour reprendre les termes de Eugène Berger. L’exposition est le témoin de tous les projets en cours. Grâce aux panneaux explicatifs, elle permet de se faire une idée concrète de l’action humanitaire de l’ONGD-FNEL au Népal.

L’ONGD-FNEL présente également huit pierres tibétaines qui vous apporteront bonheur et chance au fi l des années. La première, gravée d’un couple de poissons et symbolisant la fertilité, est d’ores et déjà en vente, au prix de 30 €, après un virement sur le compte CCPL LU10 1111 1003 3032 0000 de l’ONGD-FNEL. Les bénéfi ces ainsi obtenus aideront à développer les actions de l’ONGD-FNEL au Népal.

LUXP

RES

S/Je

an-C

laud

e Er

nst

Marc Kalbusch

Page 12: deSCOUT 1/2004

deSCOUT 1/04

De Max, Gruppechef vun de Kiewerlecken, war iwwer Neijoschdag an de Nepal fi r de Startschoss fi r de Projet FNEL021, e Sportsterrain zu Godam Chowr, ze ginn.

Max Bega, Kiewerlecken

eng KUERZ REES an de NEPAL

22RONDEREM RONDEREM23

D’Aventure huet ugefaang, wéi mäi Papp an ech mam Auto bis op München gefuer sinn. Vun do si mer dunn an de Qatar gefl unn, a vun do aus direkt weider an de Nepal.

Knapps aus dem Fliger, si mer um Flughafe vu Kathmandu vun engem Grupp vun Taxi-Chaufferen empfaang ginn an déi wollten eis och all an eisen Hotel bréngen. Leider hu mer séier misse feststellen, dass dat net esou einfach géif ginn. Mir wossten zwar, dass mir en Zëmmer am Hotel Annapurna reservéiert haten, mä mir wosste net, dass et däer zu Kathmandu dräi gëtt.

Fir ee vun deenen Taxichauffere wor dat awer kee Problem: nodeems hien e bësse ronderëm telefonéiert hat, souze mer och schonn no enger halwer Stonn an onsem Zëmmer.

Vill Zäit fi r ze raschten hate mer awer net, well dee selwechten Owend hate mir scho Rendez-Vous mam Konsul vu Lëtzebuerg a Generalcommissaire vun der nepalesescher Scoutsferderatioun, dem Shree Ram Laminchane.

No enger erhuelsamer Nuecht si mir am fréie Moien op Kakhani gefuer, wou d’ONGD-FNEL mat de nepalesesche Scouten e Formatiounscenter baut.

Wéinst dem schlechte Wieder gouf et hei awer leider net vill ze gesinn, dofi r awer eng wonnerbar gutt Taass Milk-Tea ze drénken. Keen

Téi schmaacht esou gutt wéi dësen typesche Biergertéi. Kuerz drop hu mir ons du mat deem eigentlechen Ziel vun onser Rees beschäftegt: e neie Projet am klengen Duerf Godam Chowr op d’Bee kréien. Zu dësem Zweck hu mir ons dunn op de Wee gemaach op Godam Chowr an hunn ons do mat deene verschiddene Responsabelegetraff, fi r den éischte Kontakt ze knëppen a fi r de Projet un d’Rullen ze kréien. D’Ziel vun dësem Projet ass et, am Duerf e Sportsterrain opzeriichten, deen zur Entwécklung vu jidderengem am Duerf a ronderëm d’Duerf soll bäidroen.

No dësem Meeting hu mer och den Architekte-Büro, dee scho säit Joere fi r d’ONGD-FNEL schafft, getraff an d’Idee vum Projet virgestallt.

Op dëser Réunioun ass du festgeluegt ginn, dass den Architektebüro fi r t’éischt de ganzen Terrain opmoosst an eis dann en Devis vum Projet schéckt, dee vun der Village Community approuvéiert muss ginn. D’Village Community besteet aus deenen Duerfbewunner, déi sech em d’Entwécklung vun hirem Duerf bekëmmeren.

Nieft der Opstellung vun dësem Projet hate mir och d’Eier fi r am Numm vun der ONGD-FNEL en Agreement mat den Nepal Scouts ze ënnerzeechnen. Dësen Accord steet ënnert der Tutelle vum nepaleseschen Erzéiungsminister.

Niewt dëse méi offi zielle Beschäftegunge war an onsem Agenda awer och Zäit iwwereg

fi r e bëssen Tourismus a Shopping. Onzielbar Souveniren hu mir am Thamel, dem Akafzentrum vu Kathmandu, fonnt. Hei konnte mer ons och Zäit huele fi r vun deene villen Händler déi beschte Präisser ze handelen. Duerch Zoufall hate mer och d’Geleeënheet dem Krounprënz fi r säi Gebuertsdag via e Représentant Blummen ze iwwerreechen.

Mat grousser Freed hu mir d’Lëtzebuerger Scouten op engem Camp vun den Nepali Scouten vertrueden. Do hate mir d’Geleeënheet fi r d’Kinnigin vum Nepal kennen ze léieren.

Um Wee fi r zeréck op Lëtzebuerg hu mer dunn och nach e klengen ongewolltenen Ofstiecher zu Roum gemaach, sou dass mer an enger Woch vill Länner ze gesi kruten, dank deene modernen Transportmëttelen …

Alles an allem wor dës zweet Rees an den Nepal eng ganz schéin. Sécher huet se mech erem ugereegt, Leit opmierksam ze maachen op dat Land mat deene ville Sehenswierdegkeeten an och deem villen Aarmut. Ennert anerem huet et mer och gewisen, dass déi ganz Aarbecht, déi mir an d’ONGD-FNEL gemaach hunn a nach weider maachen, wertvoll Aarbecht ass an se ganz dréngend gebraucht gett.

Op deser Plaz wéilt ech nach all deene Leit Merci soen déi sech an iergendenger Form agesat hu fi r mat eis dem Nepal ze hëllefen. Ph

otos

: Max

Beg

aPh

otos

: Max

Beg

a

Page 13: deSCOUT 1/2004

deSCOUT 1/04

VU et ENTENDUDIE HAND DES HERZENSDen zahlreichen Gästen der 10–Jahrfeier des luxemburger Mérite Jeunesse ist nicht entgangen wie Grossherzog Jean, bei Gelegenheit der Diplom-Ueberreichung im Festsaal der Europa-Schule, ganz spontan unseren Pfadfi ndern, die bei diesem Festakt Uniform trugen, die linke Hand reichte, als er ihnen zu ihrer Leistung gratulierte. Das Zeichen von Verbundenheit von Millionen Scouts und Guiden weltweit.

SPORT ET SCOUTISMELiés dès le début par les idées, les activités et les protagonistes, continuent à faire bon ménage 90 ans plus tard. Deux anciennes, issues du mouvement ont pris la parole pour le lancement de l’Année européenne de l’éducation par le sport au gymnase de la « coque»: Anne BRASSEUR, ministre de l’Education nationale et des Sports, et Viviane REDING, commissaire européene en charge de l’éducation, la formation, la jeunesse, l’audiovisuel, la culture, le sport et la société civile devant un auditoire de sympathisants présidé par S.A.R. le Grand-Duc HENRI, ancien de la troupe Sigefroy. Depuis leur nuage du haut de l’Olympe les champions du traditionnel tir à la corde aux premiers pow-wow, de leur temps boyscouts aux Eclaireurs de l’Athenée, au Sporting Club,à la Fola ou autres Trappeurs bleus ont dû écraser une larme, quand retentissait le “Héich de Bockel voll Gepäck”, la plus vieille chanson de marche de la FNEL pour rythmer la démonstration gymnique plein d’entrain du groupe Sport pour tous des Ainés.

ENG NEI JUGENDHERBERGgëtt zu Iechternach beim Séi gebaut : 130 Better, di meescht an Zëmmer zu 4 a 6. Derbäi kënnt eng Hal fi r Basket an eng Klotermauer vu 14m.

NOEL SANS DOMICILE FIXE.Cette année également des chefs et routiers de la FNEL se sont engagés lors du Réveillon de fraternité des SDF, organisé par la « Stemm vun der Strooss » en assurant le montage de la grande tente et en préparant le dîner.

LES PIEDS DANS L’EAULa ville iranienne de RAMSAR a donné son nom à une convention entre gouvernements en 1971 en faveur de la conservation et d’un usage prudent des zones humides et de leurs ressources. Actuellement, 1328

Norichte ronderem Scoutismus a Scouten

ROVER oder net méi ROVER

24ZU GUDDER LESCHT ZU GUDDER LESCHT25

sites Ramsar sont comptés dans 138 pays. La zone humide la plus importante au Luxembourg, inscrite sur la liste de Ramsar, est la réserve naturelle Haff Réimech à Remerschen. Un deuxième site proposé avec la Région Wallonne concerne la Vallée de la Haute-Sûre, superfi cie environ 46.000 ha, dont 16.900 ha du côté luxembourgeois. On y trouve une des rares stations à épipactis des marais. Sa faune est également remarquable par la présence de la cigogne noire, la loutre, la moule perlière et la mulette batave.

DEENEN DEI A NOUT SIN ZE HELLEFENhu mir all een Dag versprach a mir halen ons och drun. Just dass et dofi r awer net an d’Zeitung kënnt; esou ass et jo och net geduecht. Ma mir sinn net nëmmen e bëssen houfreg, wann dann awer des Guide oder dee Scout fi r di gutt Aarbecht bekannt gemaach gett. Ewéi elo de fréiere Chef aus de Grénge Scouten a Guiden Jean-Jacques CIAFFONE a sei Mupp di verschotte Mënschen no den Aerdbiewe siche gounge mat dem Roude Kräiz.

WIBBELEG FELDMAISsi farwech verkleet an der Fuesend zu Eilereng duerch d’Stroosse gezunn, am Dengscht vum TELEVIE, a koumen dobäi an de Schlappekino.

D’CAPER PIWITSCHENhu Molereien a Skulpture vu befrënnten Artisten ausgestallt. De Verkaf ass gutt gelaf an d’Trupp huet mat der “Association Luxembourgeoise d’Aide pour Personnes Atteintes de Maldies Neuromusculaires ALAN” an der “Associatioun vun de Cochlear Implantéierten LACI” gedeelt.

SUCHT PER NACHAHMUNG“Es ist richtig, dass sich Jugendliche an Gleichaltrigen orientieren. Die “peer group” ist aber auch ein Spiegelbild der Gesellschaft, denn Jugendliche übernehmen größtenteils die Werte der Erwachsenen. Wenn Jugendliche trinken, rauchen oder Tabletten nehmen und dafür viel Geld ausgeben, dann doch unter anderem deshalb, weil Erwachsene ihnen das vorleben,” so Psychologin Thérèse MICHAELIS, Leiterin des Centre de prévention des toxicomanies.

LAO TSEMieux vaut allumer une bougie que maudire les ténèbres.

A wat méchs du da well an der FNEL?

Wéi mengs de?

Majo, du bass jo kee Rover méi mat dengen 30 Joer.

Wéi dann ?

An den neie Statute steet, dass d’Rover just nach bis 26 ginn, an dat vun dësem Joer un.

Ah sou? An elo, wat sinn ech dann elo? An all déi aner vun onser aler Equipe?

Aere Grupp huet dach eng Amicale…

Bass du geckeg esou al sinn ech dach awer elo wierklech net!

Jo, bon, du muss deene méi Jonken awer och d’Méiglechkeet ginn, ënnert sech ze sinn. Et ass jo praktesch onméiglech, eng Aktivitéit fi r esou eng grouss Alters-Spart “17- onendlech” ze fannen. An di jonk Rover wësse vläicht mat der Zäit och näischt méi mat esou eelerem Geschir unzefänken.

Also elo maach awer mol ee Punkt, ech si vläicht 30, awer bis elo hat ech nach kee Problem, mat deem jonke Gemöis mat ze halen: ech mengen nämlech, dass ech hinnen, ebe well ech e WEINEG méi al sinn, hinnen nawell eppes mat op de Wee ka ginn. An ech bleiwe jo eigentlech och doduerch mei jonk, de Profi t ass also op deenen zwou Säiten.

Mee awer, du bass esou gutt wöi bestued, hues däin eegent Haus, verdengs deng eege Suen a meckers wanns de muss op enger Carrimat

um Buedem schlofen, wou bleift dann do nach d’Freed?

Natierlech man ech an der Woch eppes anescht wéi vläicht en 18-jähregen, mee ech ma jo och nees eppes anescht ewéi de Pitt, deen huet de selwechten Alter an ech hunn awer näischt mat him um Hutt. An iwwerhaapt, dat as jo grad dat interessant bei de Scouten, a virun allem bei de Rover: dass du an enger Equip mat Leit bass, mat deenen’s du am normale Liewe vläicht net esou vill ze dinn hues. T’ass grad do, wou’s du vunenaner léiers, wou’s du aneren Alteren a Sparte méi no kënns a mierks, dass iech vläicht vill méi verbënnt wéi ausernanerhält. Et ass em sou méi fl ott, matt esou ville verschiddene Leit eppes op d’Been ze stellen. An elo…musse mer ons fi r eng Kachequipe umelle fi r kënnen op dee selwechten Camp ze goen…!

Sorry, mee ech mengen, du bass do awer éischter d’Ausnam; et ginn nämlech einfach Leit déi sech inkrustéieren an och nach mat 50 ëmmer wëlle Rover spillen … d’Scoute sinn ee Jugendmouvement a keng Amiperas fi r Leit, déi soss näischt mat hirer Fräizäit wëssen unzefänken!

d’Diskussioun ass lancéiert, wann der wëllt matschwätzen, gitt an de Forum op www.fnel.lu

...that is the question

ech schwätze mat... iwwer Themen, déi fi r d’Scouten an d’FNEL aktuell sinn. Op dëser Säit an am Forum um Internet-Site vun der FNEL kanns du däi Pefferkär bäileeën.

Page 14: deSCOUT 1/2004

deSCOUT 1/04

Les cadres de la FNELCommissaire aux louveteauxAnnouk PRIM, CD / CTCommissaire adj. aux louveteaux Philippe MAYER, CTCommissaire aux scouts/guidesGilles MARTIN, CD / CTCommissaire adj. aux scouts/guidesChristian BETZEN, CTCommissaire adj. aux scouts/guidesNathalie SCHWEICH, CTCommissaire aux explorersGuy BICHEL, CD / CTCommissaire adj. aux explorersSandra CELLINA, CTCommissaire adj. aux explorersPatrick TOMBS, CTCommissaire à la route f.f.Pouss BLAU, CD / CTGérant des biensMariette KILL, CD / CAChargé de la communicationAnne KAIFFER, CD / CACoordinateur du Centre de formationTom SCHOLTES, CD / SFFConseiller juridiqueFrançois TURK, CAConseiller médicalRoger WIRION, CA

Président nationalAlain GEORGESVice-Présidente nationaleAndrée BILLON-JACQUEMARTPrésident national honoraireGeorges HAUSEMERCommissaire généralPierre MATAGNE, CD / CG / CPCommissaire général adjointPierre DAX, CD / CG / CPCommissaire générale adjointeMartine FABER-SCHMIT, CD / CG / CPSecrétaire généralPit DOLIZY, CD / CA / CG / CPCommissaire au programmeHenri SCHREINER, CD / CT / CG/ CPCommissaire au programme adj.Pouss BLAU, CTCommissaire à la formationCarlo SCHOTT, CD / SFF / CG / CPCommissaire adj. à la formationPatty NEY, SFFTrésorier généralReggie LECORSAIS, CD / CA / CPCommissaire internationalPaulette NICOLAY-TONNAR, CD / CA / CPCommissaire aux beaversCarole CAHEN, CD / CT

Les Aigles, RollingergrundEYSCHEN Marc, FRANCK AdrienneBisons futés, FrisangeCAPELLE-DONVEN Danièle, HOURSCHT JeannotCB/DM, Luxembourg-, NICOLAY MischiLes Castors, Schuttrange-, FUNK MarcoDaereldéieren, BridelBOURONE Georges, NOTHAR FélixDachsen, DippachMONVILLE Yves, -Eclaireurs d’Echternach, EchternachKOHN Jean-Jacques, KAUFFMANN DanEilerenger Feldmais, EhlerangeDe JAGER Lucien, DE JAGER PaulFIISS, Luxembourg-CentsTHILL Miga, ENGELMANN LucFOLA, Esch-sur-Alzette-, -Greng Scouten a Guiden, DudelangeJADIN Yves, REDING ChristianeLes Hirsch, Colmar-BergCHRISTEN-HALSDORF Pat, BANZ AdrienneHOGA, Hollerich-GareMULLER Jean-Claude, CIGRAND Romain

26ZU GUDDER LESCHT ZU GUDDER LESCHT27

Les Loups Blancs, Luxbg-LTPEMLSTREFF Yves, -Kiewerlecken, StrassenBEGA Max, JOST NicolasLions Bleus, BonnevoieMAJERUS Patrick, SCHINTGEN ClaudeLes Loutres, MerschJACOBY Vic, LUDWIG PatrickLussig Quaichlecken, EchternachHERKES Ferny, VAN DER MOLEN JuliettePiwitschen, CapBLAU Eric, BLAU MarcPanthères Noires, LorentzweilerKAP Alain, WAGNER FabiennePeaux Rouges, DudelangeBRANDENBURGER-DETAIL Michèle, SCHUBERT GuyRobert Schuman, LuxembourgCOGLIATI Maria Grazia, -Telstar, LuxembourgATKINSON Beverley, HOOD MartinWell Säi, SteinselGERSON Liliane, HERMES SharonWiselen, MamerDELLERE Caroline, HAMER Claude

Composition de la Conférence permanente (Délégué, suppléant)

CP:

Con

fére

nce

Perm

anen

teC

D: C

omité

de

Dir

ectio

nC

G: C

omm

issa

riat

Gén

éral

CT

: Con

seil

tech

niqu

eSF

F: S

ervi

ce F

orm

atio

n FN

ELC

A: C

onse

il A

dmin

istr

atif

Conseil national LBSAPierre MATAGNEMartine FABER-SCHMITPier DAXPit DOLIZYPaulette NICOLAYHenri SCHREINERNadine SCHUMMER (31.12.03)Reggie LECORSAIS (1.1.04)Michèle MAJERUSGroupement Ass. & Féd. Scouts/Guides Lux.Pierre MATAGNE, Pierre DAXMérite JeunesseGeorges HAUSEMER, trésorierNancy BROSIUS, coordinateurNATURAChristiane LOOS-SCHONGCGJLFrank STOLZ-PAGE

COSLPaulette NICOLAYComité OMBUDSMANJean-Jacques KOHNConseil Supérieur de la jeunesseGroupement GAFSGLConseil Supérieur du bénévolatGroupement GAFSGLAssociation du bénévolatGroupement GAFSGLSFF : Commission consultative SNJ-formationCarlo SCHOTT, Pit DOLIZYRéseau pédagogique sur l’éducation à l’environnementTom SCHOLTESFondation FNEL Entente des Gestionnaires des maisons de jeunesMichel SIMONIS, Pierre MATAGNE

Représentants de la FNEL

Groupe Histoire FNELAlfred GUILLON, Aender HATZ, Georges HAUSEMER, Claude KUFFER, Jos LOSCHETTER, Robert PEFFER, Nadine SCHUMMER, Roby SUNNEN, Rudy von GRAESCommission des distinctions honorifi quesJos LOSCHETTER (Président), Yves JADIN, Jean-Claude MULLER, Pierre MATAGNE, Martine FABER-SCHMIT, Pier DAX, Henri SCHREINER, Carlo SCHOTT, Pit DOLIZYCoordinateur OMMS JOTA / JOTINico REULANDEquipe internationaleClaudine SCHEECK, Frank STOLZ-PAGE, Annouk PRIMEquipe Scout-ShopMariette KILL, Martine EYSCHEN-CONTER, Micky LEYDET HUBERTY, Josette RAUS-BEFFORT, Liette WIRION LECORSAISEquipe matérielYves BLASEN, Marc BLAU, Steve KLEIN, Henri SCHREINERGérance camionnette / installation sonoHenri SCHREINERBuvette QG FNELCarlo STEMPEREquipe SCOUTJacques DEGARDIN, Martine FELLER, Claude FREISTROFFERGestion www.fnel.luYves JADINGestion www.misaershaff.luClaude FREISTROFFER

Equipes Service FNEL

Amicale FNELMichel WURTH, PrésidentMichel DONVEN, Secrétaire, Délégué à la Conférence permanenteFrancis EYSCHEN, Trésorier

Fondation FNELGuy AACH, PrésidentMichel WURTH, Vice-PrésidentRobert LOOS, SecrétaireMichel SIMONIS, Trésorier

ONGD-FNELPierre MATAGNE, PrésidentPaul GEDITZ , Vice-Président, Délégué à la Conférence permanenteCristina RODRIGUES, SecrétaireGary SPECK, Trésorier

Page 15: deSCOUT 1/2004

deSCOUT 1/04

Employés salariés

däi RUCKSAK

28ZU GUDDER LESCHT ZU GUDDER LESCHT29

BeaversBetty WELTER (respo), Frank BAULER, Carole CAHEN, Pit DOLIZY, Margot GUILLON, Sharon HERMES, Andrée TAPP, Leini WEBER LouveteauxLine KUFFER (respo), Corinne GUIDORENI, Patty NEY, Pierre SCHOLTES, Sandy SPIELMANN, Dennis WEZENBERGScouts/GuidesMarc LAUX (respo), Luc ANTONY, Christian BETZEN, Caroline DELLERE, Luc ENGELMANN, Fabienne WAGNERExplorersMaria KOPPERS (respo), Christophe LAMPACH, Tom SCHOLTESTronc communDany SCHONG (respo), Pit DOLIZY, Pat HALSDORF, Patrick JAANS, Isabelle KAYSER, Line KUFFER, Carlo SCHOTT

Secrétaire Conseil techniqueClaudine SCHEECKFormateurPit DOLIZYSecrétaire administrative Yvette GEDITZ-PETERS (courrier, fi nances)Secrétaire administratifClaude KUFFER (fi chier FNEL, publications, maintenance siège)Secrétaire administrative (11.03 – 04.04)Ginette GUILLONONGD-FNEL SecrétariatMichèle BEAUFILS-BENEREONGD-FNEL SensibilisationMax BEGA

Beavers

Sonja ADAM, Anne BUCHLER, Patrick GRAAS, Lou

KAYSER, Carine KERSCHEN, Carole LENTZ, Marc

MERGEN, Laurence MERES, Lynn MERTZIG, Alex

SCHNEIDER

Louveteaux

Fabienne HERMAN, Kirsten TOMBS, Nathalie

SCHMIT, Paul SIMON, Timo MANN

Scouts/Guides

Anne BLAU, Marc BLAU, Marc EYSCHEN, Claude

HAMER, Andy HENDRIKS, Serge LUDWIG, Mischi

NICOLAY, Daniel SEIL

Explorers

Yves BLASEN, Tom GIRARDIN, Steve KLEIN, Tom

SCHOLTES, Thierry WINCKEL

Rovers

Mike FANTIN, Lex KILBURG, Danielle MAJERUS-

SUNNEN, Felix WANTZ, Anne WEIS,

Leadership

Yves JADIN (respo), Max BEGA, Marc BLAU, Marc

EYSCHEN, Yves GAFFINET, Gilles MARTIN, Guy

MODAFF, Misch NOSBUSCH, Nathalie SCHWEICH,

Benoit WAGNER

Scoutsakademie

Nancy BROSIUS (respo), Marc BLAU, Georges

CAMPILL, Mike FANTIN, Nico REULAND, Steffen

TROCH

Bosses et Bobos

Pouss BLAU (respo), Frank BAULER, Pit DOLIZY,

Tania DONDELINGER, Véronique SCHOTT, Roger

WIRION

Equipes fédérales

SFF-Equipes formations

Claude Freistroffer

De gudde Rotschlo, fi r unzefänken iwwert eent vun de wichtegste Stecker, déi engem Scout gehéieren:

Déi khaki ronn Bulle vu Rucksäck, déi een nach heiansdo op de Karikature vu Scoute gesäit, si wuel net méi aktuell - déi een haut ze kafe kritt si bal all High-Tech, ergonomesch, total duechgestylt an och nach schéi faarweg dobäi. Fir aus der Onmass vu Rucksäck dee richtege fi r iech eraus ze sichen, hutt der am beschten iech vun engem avertéierte Vendeur beroden ze loossen an net dee bëllegsten aus iergendengem Supermarché ze huelen; äre Réck oder dee vun ärem Kand wäert iech et danken.

- Fir d’éischt ass et emol ganz hëllefsräich wann een alles, wat een hofft a säi Rucksak verstauen ze kënnen, viru sech ausbreet. Méi wéi 20 kg däerfen et souwisou net sinn, nom Motto : wat méi liicht de Rucksak, wat méi liicht den Trajet! Am Idealfall gëtt 1/4 vum Kierpergewiicht vun engem Erwuessenen net iwwerschratt; bei Kanner ass et natierlech manner.

- Da sollen déi schwéier Saachen esou no wéi méiglech un den Kierper a Schëllerhéicht gläichméisseg verpaakt ginn, fi r dass d’Haaptgewiicht op de Becke kënnt. Dofi r ass et och ganz wichteg, dass dee Gurt gutt gepolstert ass an natierlech och zou gemaach gëtt.

- Eng einfach Kontroll fi r ze kucken ob de Rucksak gutt gepaakt ass, besteet doranner, de Rucksak einfach opzestellen – wann en net ëmkippt, ass et méi oder wéineger gutt.

- Dat Gefaach ënnen – wann eent do ass - ass fi r de Schlofsak geduecht.

- All déi aner Saachen (Kleeder, Proviant, Kocher, asw...) kommen an dat grousst Haaptfach.

- Eng gutt Idee ass et, fi r Saachen nach eng Kéier a Plastikstuten opzedeelen (den Deeg no – also net all d’Ënnerwäsch beienee leeën!!!), sou dass, wann et emol géif bannendran naass ginn, wéinstens een Deel vun den Kleeder géif dréche bleiwen.

- De Krimskrams (Täschemesser, Täscheluucht, Kompass …) gehéiert dann an den Deckel an an d’Säitentäschen.

- Méi laang Deeler wéi Carrymat, Zelt, asw… kënnen da nach bausse mat Rimmer ugestréckt ginn – awer esou, dass näischt hin an hier schaukelt – dat kascht näämlech ganz vill Energie an d’Gefor dass ee mat eppes hänkebleiwt gëtt och méi kleng.

Wéi paakt een dann elo dat gutt Stéck?

Page 16: deSCOUT 1/2004

deSCOUT 1/04

de klenge SCOUT

ZU GUDDER LESCHT3130ZU GUDDER LESCHT

D’Anne Kaiffer huet sech mam Maria Grazia Cogliati, Gruppechef beim Groupe Robert Schumann, ënnerhaalen. 33FROEN3Pourquoi faire aujourd’hui le pas vers un groupe mixte, après tant d’années réservées aux boy-

scouts?

Tout d’abord, il y de plus en plus de gens qui nous demandent s’il ne serait pas possible que leur fi lle soit admise dans notre groupe. Dans un deuxième temps, la vie de tous les jours nous amène à vivre dans une mixité continue et je pense, que conserver un groupe strictement boy-scout est un véritable paradoxe. En troisième lieu, je profi te un peu du fait que je suis un chef de groupe féminin au sein d’un groupe de garçons pour lancer le groupe dans cette aventure.

Y a-t-il eu des obstacles ou bien des réticences de la part des membres du groupe, du comité ou

bien des parents ?

L’initiative de faire des Robert Schuman un groupe mixte revient aux parents et à nos membres, qui aimeraient bien accueillir leurs sœurs au sein de notre groupe. Notre chef de meute, Laurent Danieau s’est aussi beaucoup investi dans ce projet.

Au sein de notre comité, il y en a peut être quelques uns qui ne sont pas très chauds à l’idée d’accueillir des fi lles, mais qui n’ont pas encore eu le courage de le dire…Mais à vrai dire il n’y a pas eu d’obstacles.

A partir de quand pensez-vous pouvoir réellement passer d’un groupe de boy-scout à un groupe

mixte ?

Si tout va bien, et je l’espère, nous seront un groupe mixte dès le début du mois de septembre. L’unique problème auquel nous devons faire face, se situe au niveau des cheftaines ! Mais je pense qu’une chose entraîne l’autre et au début, j’accompagnerai les enfants en WE, afi n qu’il y ait aussi une présence féminine lors de ceux-ci.

Moi, je souhaite de tout cœur que la chose puisse se réaliser de la meilleure façon possible. Car je pense que c’est une bonne chose pour les enfants, les parents, pour tout le monde en fait et que cette expérience contribuera entre autre à une plus grande ouverture d’esprit chez nous tous.

Firwat… sinn d’Kanalsdeckele ronn?Dir ass dat bestëmmt och scho passéiert: du leefs grad d’Strooss erof, an - patsch - do ass et geschitt: du bass an en Hondskoup getrëppelt… mmmhh! Mee an enger Strooss kann een a ganz aner Saachen trëppelen! Stell der vir, du leefs d’Strooss erof a, schwuppdiwupp, bass de verschwonn - an engem grousse Lach… well ee vergiess hat, de Kanalsdeckel zeréck op dat grousst ronnt Lach ze leeën! An do wiere mer scho beim Thema: fi rwat sinn dann déi Deckelen iwwerhaapt ronn?Vläicht ass et jo geduecht fi r dass se manner Plaz huele wann een se transportéiert? Nee, well dann hätt een se quadratesch oder op d’mannst véiereckeg gemaach, matt deene Forme spuert een am meeschte Plaz.Vläicht si se ronn, well een se da besser rullen kann. Dat kéint et sinn - obwuel, richteg wäit transportéiert een se jo net - wann se bis d’Lach zouhalen da sollen se och lein bleiwen.D’Äntwert ass vill méi einfach: doduerch dass d’Kanalsdeckele ronn si kënnen se op kee Fall an d’Lach fale wat si zouhalen, egal wéi een se dréint! Stellt iech vir, d’Deckele wiere véiereckeg. Deemno, wéi een se dréit, kënnen se dann op d’mannst deelweis an d’Lach falen. A wann et e laangt Véiereck ass, kann et einfach, schwuppdiwupp, am Lach verschwannen amplaz et zou ze man. Ee ronne Kanalsdeckel dergéint ka guer net a säin eegent Lach fale, well säin Duerchmiesser iwwerall d’selwecht ass. Den Deckel muss natierlech ëmmer e bësse méi grouss si wéi d’Lach, fi r dass den Deckel um Bord leie bleift!

Mee opgepasst, kleng Scouten: dat hei zielt nëmme fi r Kanalsdeckelen - den Obelix war och schéi ronn, dat huet en awer net dovun ofgehal an dat eent oder anert Lach ze fale wéi e kleng war…

Firwat… ass den Hëllefsruff SOS?Du wees bestëmmt wat dat heescht, wann een des dräi Buschtawe gesäit oder héiert: SOS - Hëllef! Rett mech! Ech erdrénken! Ech erdiischteren! Do brauch also een deng Hëllef! Mee fi rwat seet en da net einfach: Hëllef? Firwat déi 3 komesch Buschtawen?Déi eng soen, dass SOS “Save our Souls” heescht, also “Rett eis Séil” op englesch. Et ass awer nach vill méi einfach ewéi dat: d’Signal SOS gëtt et zanter dem 19ten Jorhonnert, wou et nach kee Funk gouf. Schëffer, déi op héijer Séi an Nout gerode sinn, hunn duerfi r mat Liichtzeechen an der Morse-sprooch em Hëllef geruff (de Code, dee 1832 vum Samuel Morse erfonnt gouf, an dee mir och an de Scoute gebrauchen). An eent vun den einfachsten a kloersten Zeechen an der Morse ass SOS: dräi mol kuerz, dräi mol laang, dräi mol kuerz: … --- …D’Matrouse waren esou also sécher, dass hiren Hëllefsruff souguer bei schlechtem Wieder ukoum.Zanter et de Funk gëtt, ass den Hellefsruff dacks “May-Day” - eng englesch Deformatioun vum franséischen “m’aider” (hëllef mir)… déi waren och net gutt am Franséischen! Do ass Morse wiirklech nach méi einfach. Mee weess du da wéi “May-Day” a Morsezeeche wier?

Martine Feller

De klenge Scout ass eng Nervesee, deen net ophält, engem lauter Lächer an de Bauch ze froen.

Page 17: deSCOUT 1/2004