deSCOUT 4/2004

17
No 509 / 84. Joergang SCOUTEN A GUIDEN FNEL deSCOUT 4/04 Beaver Wëllefcher Scouten/Guiden Explorer bei de Scouten Progressioun Responsabel Rover

description

Responsabel Rover 4/04 Beaver Explorer No 509 / 84. Joergang F N E L SCOUTEN A GUIDEN

Transcript of deSCOUT 4/2004

Page 1: deSCOUT 4/2004

No 509 / 84. JoergangSCOUTEN A GUIDENF N E L

deSCOUT4/04

Beaver

Wëllefcher Scouten/Guiden

Explorer

bei de ScoutenProgressioun

Responsabel

Rover

Page 2: deSCOUT 4/2004

EDITORIAL

EDITORIAL3deSCOUT 4/04

Périodique officiel de la FNEL Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg

43, rue de Hollerich, Luxembourg

Paraît 4 fois par an

Rédaction et mise en page Anne Kaiffer, Martine Feller, Jacques Degardin, Claude Freistroffer Impression Imprimerie Victor Buck, Leudelange Adresse postale deSCOUT (FNEL) B.P. 2676 L-1026 Luxembourg Tel +352 26 48 04 50 Fax. +352 26 48 04 30 E-mail [email protected] Internet www.fnel.lu

Clôture de rédaction pour le prochain numéro le 15 février 2005

deSCOUT

DEN CNA SICHT FILMER VU SCOUTS– A GUIDENAKTIVITEITEN

Am Joer 2007 gëtt den 100. Anniversaire vun der Scouts– a Guidebewegung gefeiert. Bei dëser Geleeënheet réaliséiert den CNA e Film iwwer de

Scoutissem zu Lëtzebuerg.

Dofir brauche mer äer Filmer an alle méigleche Formaten (35mm,16mm, 9,5mm, 8mm, S8)

gedréint virun 1960

Als oft eenzeg Zeie vu vergaangenen Zäite sinn dës Filmer e wäertvolle Bestanddeel vun eisem nationale kollektive Bewosstsinn. Oft kënnt dir äer al Filmer net méi kucken, well dir net méi dee richtegen Apparat dofir hutt oder well se schonn uerg matgeholl sinn.

Mir beroden iech.Mir restauréieren an zéie Sécherheetskopien.Mir suergen dofir, datt äer Filmer och fir spéider Generatiounen erhale bleiwen.

Déposéiert äer privat Filmer am CNA: Dir kënnt eis se schenken oder dir vertraut dem CNA se un a kënnt trotzdeem Propriétaire vun äere Filmer bleiwen. A béide Fäll zéie mir iech eng Videokassett oder en DVD. Dir kënnt äer Filmer an der Siège vun der FNEL oder direkt am CNA ofginn. Vergiesst net, däitlech ze markéieren:Wiem de Film gehéiert (Adress, Telefon, E-mail …)Wat um Film drop ass (Grupp, evt. Datum, Plaz ...)

Kontaktadress:Centre national de l’audiovisuel, Ministère de la Culture

5, rue de Zoufftgen • L-3598 DudelangeViviane Thill : Tél : 52 24 24 1

Dëst ass déi véiert a lescht Nummer vum deSCOUT vun dësem Joer. Domat och déi véiert Nummer, säit deSCOUT faarweg gedréckt gëtt an en neit Konzept huet, souwuel wat den Inhalt wéi och de Layout ugeet. Eist éischt Ziel war et, d’Zeitung erëm méi attraktiv fir eis Lieser ze maachen. Mir hoffen, dass eis dat gelongen ass an dass der ewell 3 Méint no der leschter Editioun ongedëlleg op de Bréifdréier waart.

En zweet Ziel, wat mer awer nach net ganz erreecht hunn, ass, IECH, d’Lieser, är Zeitung (well dat ass et jo schliisslech) matgestalten ze loossen. An dëser Nummer hu mer scho méi Bäiträg vu Gruppe kritt, mä mir wëllen nach méi!

Dofir zéckt net a schreift flott Artikelen, maacht schéi Photoen a schlot och Theme vir, déi iech interesséieren – well nëmmen esou kënne mir eis op ons Haaptaarbecht konzentréieren, nämlech de Layout. An

dann hu mer och nach Zäit fir aner Saachen ze proposéieren an ze maachen.

Mat dem neien deSCOUT soll den Image vun der FNEL no baussen (an och no bannen) moderniséiert ginn, neie Wand soll eran. Den Info huet e neien Numm, deSCOUT huet faarweg Fotoen, mä geet dat eleng duer? Wann d’FNEL sech soll a Fro stellen a progresséieren, muss se dat vu banne maachen. An dat net nëmme wat d’Publikatiounen ugeet, mä op alle Pläng. Eng modern FNEL heescht eng aktiv Équipe, déi eppes wëll änneren. D’Fro, déi mer ons vläicht als éischt musse stellen, ass déi, ob mer wierklech aktiv an eng Équipe sinn. Well nëmmen als Équipe kritt een eppes bewegt!

Wéini fänke mer un? Wéini fänks du un? Et brauch Courage. Trau dech. Mir trauen eis mat.

d’Redaktiouns-Équipe

Page 3: deSCOUT 4/2004

ÄER SAÏTEN

INHALT5deSCOUT 4/04

6

AKTUELL

RONDEREMONGD-FNEL

Formatioun vun de Wëllefcher-Cheffen

INTERNATIONALNetwork Meeting12

14 EXPLORER

ROVERRover-Quiz E flotten Owend

Rallye D’Aigles an de Kasematten

16 17

10

19 21

LitdiLuutelo Morse-Cahllenge

Vu et Entendu

TITELTHEMAProgressioun Wat déi Jonk op hirem Scoutswee léieren an erliewen.

ZU GUDDER LESCHTE flotte Cadeau

De klenge Scout

E gudde Rotschlo

3 Froen

26 28 30 31

Loups Blancs Journée Nature

Gréng Scouten a Guiden

24 25

6

14

21

Wou? Wéini? Mat wiem? Weist eis, wou der et am léifste maacht: deSCOUT liesen.

CONCOURS- Maacht eng flott Foto- eleng oder zu puer - mat der lescher Editioun vum deSCOUT- schéckt se un [email protected]

De Gewënner gëtt op deser Säit veröffentlecht a kritt seng Foto als Poster

deSCOUT 4/04

C. F

reis

troffe

rEq

uipe

For

mat

ion

Louv

etea

uxJ.

Deg

ardi

n

Page 4: deSCOUT 4/2004

6TITELTHEMA deSCOUT TITELTHEMA74/04

d‘Montée selwer ugefaangen huet, hu sech zwar nach e puer Leit verlaf (ähem!), mä de Rescht ass alles ouni Problem verlaf, an déi néi Scouten hunn all d‘Ziel vun der Montée erreecht. Mir wënschen hinnen all eng schéin Zäit an de Scouten an hoffen, dass si d‘Montée gutt iwwerlieft hunn. Beim Féier gouf et zum Ofschloss nach e gudde „Petit Beurres Kuch“, deen d‘Wëllef ons ganz léif gemaach hunn. Wéi mir zréckkoume wor et och schonn Zäit fir an d‘Bett...

Sonndes hu mir nom Kaffi all d‘Posten am Bësch ofgericht. Mir woren och séier fäerdeg an d‘Iessen huet schonn op ons gewaart wéi mir zréckkoumen. Mëttes hu mir du grëndlech ons Chargë gemaach a woren och heimat séier fäerdeg. Mir haten also nach Zäit fir e puer Spiller mat de Wëllef ze maachen, ier mir an den Zuch geklomme sinn an e bësse méi spéit midd op der Gare zu Lëtzebuerg ukomm sinn.

Dat wor awer net esou liicht, well dofir hu si missen t‘éischt hier Montée bestoen. Dës huet sech zu Wolz ofgespillt.

Alles huet mat enger hektecher Zuchfahrt ugefangen, bei där mir anscheinend genee 3 Minutten Zäit haten zu ongeféier 70 vun engem Zuch an deen aneren ze klammen. Glécklecherweis huet sech erausgestallt, dass mir net nach eng Weltrees virun ons haten, mee dass et dee selwechte Quai wor. Endlech ukomm, 2 Homer matzen an der Pampa, ee fir d‘Wëllef an ee fir d‘Scouten. Et bleift nach ëmmer ee Rätsel, wéi d‘Scouten et fäerdeg bruecht hunn, fir a Rekordzäit, méi séier wéi d‘Cheffen!!!, prett ze sinn an an de Bësch hier Poste virbereede goë wollten.

Also koum et dozou, dass e puer Minutten nodeems mir ukomm sinn, scho nees fort woren. Ënnerwee hu verschidde Leit hier Ultra-Motivatioun scho nees verluer well de Bësch leider net flach wor, mä ee sech éischter wéi an den Alpe virkoum. Wéi all Poste bis festgeluegt wor an jidderee sech op e gudde Picknick gefreet huet, stounge mir dommerweis virun engem Floss, dee munche Leit naass Féiss besuergt huet. Genuch Leit hun erausfonnt, dass hier Biergschong net esou waasserdicht si wéi op der Packung stoung, de Marc Eyschen krut Erbaarmen an ass ons mat der Remorque op déi aner Säit féiere komm. Komescherweis hu mir nom Iesse festgestallt, dass d‘Halschent vun de Posten op der anerer Säit vum Floss sinn, mä bis dohi wor d‘Afebréck awer och schonn opgebaut. Ier

PROGRESSIOUNJacques Degardin

Den 9 Oktober wor et erëm esou wäit: déi eelste Wëllef wore bereet, d‘Meute ze verloossen a vun der Troupe opgeholl ze ginn.

MONTEE bei den AIGLES

Les

Aigl

es

Eent vun den Zieler vum Scoutismus ass et, de perséinleche Fortschrëtt vun de Kanner a Jugendlechen ze förderen.

D’Scoutsbewegung ass a 5 Altersbranchen agedeelt, wouduerch eng altersgerecht Förderung vun de Kanner a Jugendlechen erméiglecht gëtt. De Programm vun all Branche gëtt un déi jeeweileg Besonnechkeete vun deem bestëmmten Alter ugepasst. Op hirem Wee vum Beaver bis zum Rover léieren d’Scouten ëmmer erëm eppes Neies. Si iwwerhuele Verantwortung, stieche sech ëmmer nei Zieler a probéieren, déi sou gutt ewéi méiglech ze erreechen. Well perséinlech Leeschtungen och am Grupp unerkannt ginn, motivéieren dat och déi aner, fir weider Schrëtt ze maachen.

Bei villen Aktivitéiten (an natierlech dem Alter entspriechend), bestëmmen d’Scouten nom Prinzip “Learning by doing” selwer mat. Dobäi ass de Wee grad esou wichteg ewéi d’Resultat. Esou kënnen déi Jonk aus hire Feeler léieren, se ginn duerch Erfollegserliefnisser motivéiert a léieren,

dass ee besser als Grupp zu engem Resultat kënnt.

An all Branche gëtt et Etappen, déi jiddereen op sengem Scoutswee duerchmécht. Hei gëtt ee fir dat unerkannt, wat ee geléiert huet an uwenne kann. Bei de Wëllefcher sinn dat zum Beispill bronze, sëlwer oder gëllene Feil, bei de Scouten/Guiden den Tenderfoot, éischt oder zweet Klass.

Eng weider wichteg Etapp um Scoutswee ass d’Montée: de Passage vun enger Branche an déi nächst. Fir d’Scouten sinn dat natierlech ëmmer speziell Erliefnesser, déi mat vill Spannung erwaart ginn. (Artikelen S. 7-9).

Progressioun zielt awer net nëmme fir deen Eenzelen, mä och fir de ganze Grupp, sief dat op lokalem oder federalem Niveau. Eng éischt Viraussetzung dofir ass d’Qualitéit vun de Responsabelen. Eng spezifesch Formatioun vun 2 Joer gëtt hinnen déi néideg Basis, fir de Programm mat adaptéierte Methoden ëmzesetzen. Woubäi mer bei der zweeter Viraussetzung wieren: en attraktive Programm, deen d’Zieler vum Scoutismus garantéiert. Dobäi ass d’Federatioun gefuerdert, fir déi noutwenneg Rahmebedingungen ze schafen (3 Froen, S. 31).

Egal ob perséinlech, am Grupp oder an der FNEL: wann een op ass fir déi Aner, prett fir Austausch an Zesummenaarbecht, kritt een nei Ideeën a stellt aler a Fro. An dat bréngt ee weider.

J. D

egar

din

Page 5: deSCOUT 4/2004

8TITELTHEMA deSCOUT TITELTHEMA94/04

No ongeféier enger Stonn si mir dann op dee leschten Deel vun eiser Montée gaangen a géint halwer zwou zu Wëlwerwolz bei eisem Home ukomm, wou mir nach eng Stënnche ronderëm d’Feier souzen an eis éischt Explorerveillée zesumme verbruecht hunn.

Duerno hu mir eis et op der Veranda ënnert enger Baatsch gemittlech gemaach an do geschlof. Den nächstn Moie war jiddereen nach midd an nom Mëttegiessen an nom Home botzen ass et op de Wee heem gaangen.

Eis Montée war zwar ustrengend, awer net esou schlëmm wéi verschidde Leit geduecht haten. Elo si mir dann Explorer a gespaant, wat mir an deenen nächste véier Joer zesumme wäerten erliewen, bis dann déi nächst Montée - an d’Rover - usteet.

Flooss fäerdeg an et ass och tatsächlech geschwommen. Ier mir weidergaange sinn, krute mir nach eng Béchs mat Glous dran, déi ënnerwee op kee Fall duerft ausgoen, soss géif et näischt z’iesse ginn.

Dunn ass et weider op den Trajet gaangen. Eiser Kaart no war dësen Deel dee schwéierste vum ganze Wee an dat war och tatsächlech esou: mir hu Bekanntschaft mat den Éisleker Koppe gemaach, biergop, biergof, biergop, biergof....

Méi wéi ee war e bëssen ze motivéiert an huet ongewollt Bekanntschaft mam Buedem gemaach.... Mee jiddereen huet et awer ganz bis op den zweete Poste gepackt. Hei ass et drëm gaangen, aus eise Jacketten eng Brëtsch ze bastelen an domatt ee „Verletzten“ an enger gewësser Zäit iwwert eng bestëmmte Streck ze droen.

An Zwëschenzäit war et no 10 Auer an och bei deem Leschten huet esou lues de Mo ugefaang mat grommelen. Well d’Chefen eis versprach haten, um nächste Poste géif et eppes z’iesse ginn, hu mir dunn och de Wee dohin a Rekordzäit zeréckgeluegt.

Voller Erwaardung si mir dunn um drëtte Posten an enger Schiefergrouf ukomm, mä de Schreck war grouss, wéi d’Chefen eis erkläret hunn, beim „Iessen“ géif et dorëms goen, eng Omelette ze kachen, ouni dobäi eis Hänn ze benotzen, d.h. mir duerften nëmmen eise Mond benotzen. Op Detailer dovu wëlle mir hei net agoen. Em sou besser war et, dass mir duerno awer Gegrilltes ausgedeelt kruten.

Nodeems mir an eiser véierjähreger Scoutszäit esou munch Montée selwer mat organiséiert haten, war et dann elo esou wäit. Endlech konnte mir erëm „aktiv“ un enger Montée deelhuelen.

Obwuel jiddereen no bausse ganz op „relax“ a „cool“ gemaach huet, ware mir awer all e bëssen opgereegt, wat dann elo an den nächste Stonne géif op eis duerkommen. Vun den „aalen“ Explorer, déi mat eis den Zuch geholl hunn, war selbstverständlech näischt gewuer ze ginn.

Géint 5 Auer si mir zu Wolz ukomm. Op der Gare krute mir als eenzegen Emfang eng Enveloppe mat Informatiounen an de Grapp gedréckt. Mir waren all frou, dass mer net a verschidde Gruppe getrennt goufen. Unhand vun eisen Informatiounen hu mir dunn erausfonnt, dass mir hu missen op Wolz bei de Panzer goen. Dat war ganz gutt esou, well um Wee dohi konnte mer eis nach Proviant besuergen.

Am Panzer hu mir dunn eng Kaart fonnt, wou deen éischte Posten agezeechent war. De Wee dohi war awer guer net esou einfach ze fannen a wéi mer endlech ukomm sinn, hate mir scho méi ewéi eng Stonn Verspéidung op eisen Zäitplang.

Op deem Posten ass et dëem gaang, e Flooss ze bauen an domat e Stéck iwwert d’Wolz ze fueren. Dofir krute mir zwee opgeblose Camion’s-Pneu’en, Paletten, Brieder a Ficelle zur Verfügung gestallt. Du konnt d’Bastele lass goen. Erstaunlech schnell, no enger halwer Stonn, war eist

De 25. September hunn aacht Piwitschen sech getraff, fir un enger wichteger Etapp an hirem Scoutsliewen deelzehuelen, der Montée an d’Explorer.

Tina Agosta, Damiano Schettini, Benji Fischer, Yannick Blom, Pol Hermes, Eric Welter, Andy Burg, Michel Colombo

EXPLORERMONTEE vun de CAPER PIWITSCHEN

Phot

os: E

ric B

lau

Page 6: deSCOUT 4/2004

10AKTUELL deSCOUT AKTUELL114/04

DEUX CHEFS DISPARUSAdeline TIDICK, une force inébranlable du scoutisme laïque n’est plus. Selon sa volonté elle est retournée à la nature comme un chef rentre dans le rang, une fois sa mission accomplie. Courageuse résistante, ses jeunes années ont été saccagées par la Gestapo. Dès sa libération, le scoutisme a donné un sens particulier à sa vie. Akela hors pair, elle a fait vivre leurs rêves de gosses à des milliers de louveteaux: le parc de Rippig transformé en village africain ou en forum romain reste inoubliable. C’est avec une ostensible fierté qu’elle portait la plus haute décoration de la FNEL aux grandes dates de l’année scoute.

Marie-José SCHONG-BOUCHÉ vivait la B.A. scoute. Clé de voûte des Mamer Wiselen, elle était active sur tous les fronts: membre élu du comité directeur fédéral, chef de groupe, responsable en diverses fonctions, elle avait la décision réfléchie et le tempérament vif. Son sourire contagieux entraînait les hésitants et charmait les opposants. Quand les vents étaient contraires, elle tenait bon et, le calme revenu, elle s’élançait en entraînant les autres. Au Pow-Wow, aux camps, lors de formations, aux activités des Wiselen, il fallait la voir entourée de jeunes comme de vétérans: de grandes heures de fraternité scoute. La FNEL lui avait décerné le «Mérite scout 25 ans» et le «Laurier d’or».

FONDATION FNELDe Verwaltongsrot fir d’Scouts-Joer 2004-2005: Président Guy AACH, Secrétaire Robert LOOS, Trésorier Michel SIMONIS,

VU et ENTENDUCastor Fricoteur

Coordinateur Marc BLAU. Memberen: Pierre DAX, Michel DONVEN, Francis EYSCHEN, Martine FABER-SCHMIT, Alain GEORGES, Mariette KILL, Michel WURTH.. / Gardien vum Haff: Wolfgang WEBERS.

«HINTER JEAN JEANS» Aux termes de cet avenant, Monsieur L. N., qui s’est vu attribuer plusieurs labours sis à Merl, au lieu-dit «Hinter Jean Jeans», est autorisé à concéder à l’Amicale des CB-DM a.s.b.l. un droit de superficie portant sur une partie du parcellaire qui lui a été affermé, dans le but de permettre l’agrandissement du home de l’association sis 38A, rue des Celtes. En contrepartie, Monsieur N. se voit attribuer une parcelle de terrain, sise au même lieu-dit. La ville concède à l’a.s.b.l. Amicale des CB-DM un droit de superficie sur trois parcelles de terrain, sises à Merl, au lieu-dit «Hinter Jean Jeans». (Extrait du C.R. Analytique Ville de Luxbg. 17.11.03.)

TAP-DANCE WITH PIRATESNo sooner had she handed over her responsibilities as Telstar chef de groupe to Chris GARRAT, that Beverly ATKINSON stepped out onto the stage of the Esch town theatre, tap-dancing through famous musicals with “Pirate Productions” to raise money for a good cause.

LES LYCÉENS ONT CHOISILe jury de jeunes lecteurs, réuni dans une brasserie rennaise, a attribué le 17e Goncourt des lycéens (2004) à Philippe GRIMBERT pour UN SECRET paru aux éditions Grasset.

DE BASARDer Croix-Rouge hiert Stater Fest wor alt nees struppevoll gudder, schéiner, éissecher Saachen a Präisser datt dee leschte Kuuschtert mëll ginn ass. Un deem Succès hunn eis verstänneg Semesteren an Old Guides, grad wéi eis Jongen a Meedercher mat hire Cheffen dichteg gehollef. Gesi goufen d’Aigles, CB-DM an HOGA.

DIE ZOTTELIGEN HIGHLANDERblickten erstaunt hinter ihren langhaarigen Stirnfransen hervor, als sich Mouvement Écologique und Forstverwaltung während der beschaulichen Sauregurkenzeit in die Wolle gerieten. Wie schützt man die Natur am besten? Laurent SCHLEY und Michel LEYTEM (Mamer Wiselen resp. Stroossener Kiewerlecken) von der Naturschutzabteilung belegten die Vorteile des extensiven Weidens gleich wissenschaftlich. Positive Auswirkungen auf Flora und Fauna erzielt eine Dichte von 0,3 bis 0,6 Grossvieheinheiten pro Hektar. Warum leben die Menschen so zusammen gepfercht, denken da die sympathischen Rinder und grasen ruhig weiter.

MALADIES DE CAISSE«Les ravages de l’alcool, du tabac et de la drogue, les retombées d’une mauvaise alimentation, les conséquences des nombreux accidents de la circulation routière, pour ne citer que ces exemples, pèsent d’un grand poids sur les dépenses de maladie: en les considérant comme une fatalité en raison de notre mode de vie, on occulte les véritables causes de la dérive de notre système de santé». L. Moyse (La Voix)

MONTS ET MERVEILLESUne rue ancienne, tout en pente comme la plupart à Funchal. Au numéro 40 de la RUA DE MARAVILHAS se niche le siège de l’Associao des Escoteiros de Portugal. En plein centre de la zone piétonne un buste en bronze de Baden-Powell sous son chapeau scout regarde passer un public coloré. Un peu plus loin, dans une rue commerçante, les louveteaux affluent dans leur local pour la réunion du samedi après-midi. Ile volcanique très verte, où l’inattendu et l’aventure sont au bout de la levada creusée à flanc de montagne, Madère est à 3 heures de vol de chez nous: une merveille de la nature.

ET SCHÉNGT1) datt d'Lions Bleus vu Bouneweg dëser Deeg nawell e ronne Gebuertsdag geife feieren.2) datt hire Periodique sech do kéint uschléisse well en och schonn ee respektablen Alter erreecht hätt.

ET SCHÉNGT NET NËMMEN1) wéi wann LBB 90 Joer um Bockel hätten an trotz dësem héigen Alter nach ëmmer ganz monter an aktiv wären.2) wéi wann d'WANDROUS och schonn zënter 30 Joer 11 mol pro Joer hier Lieser erfreeë géif.

D'ZEECHE VUM MOUNTD’Kommunikatioun vum 19. Jorhonnert huet de Sprong an d’Neizäit gemaach: am 160 Joer ale Morse-Alphabet ass den @ bäikomm. Dat neit Symbol .--.-. setzt sech aus de Buschtawen A an C zesummen an erlaabt de Funker elo och, hier E-Mail-Adressen auszetauschen.

Page 7: deSCOUT 4/2004

12INTERNATIONAL deSCOUT INTERNATIONAL134/04

“9th Network Meeting for Scouts and Guide Representatives to National Youth Councils and the European Platforms“ - Sou huet dat Treffen zu Ljubljana a Slowenien geheescht, wou ech vum 15. bis de 17. Oktober deelgeholl hunn, mä wat genau verstoppt sech hannert där Iwwerschrëft?

Eng kuerz Erklärung: praktesch an all Land a virun allem an allen europäesche Länner gëtt et e sougenannten “National Youth Council“. Dat ass en Daachverband an deem d’Associatiounen an d’Veräiner déi am Jugendberäich aktiv sinn, sech regroupéieren. Dozou gehéiere beispillsweis d’Studentenorganisatiounen, d’Jugendparteien, d’Jugendpompjeeën an natierlech och d’Scouten. Zu Lëtzebuerg hu mer natierlech och esou een NYC an zwar ass dat d’CGJL (Conférence Nationale de la Jeunesse), wou och d’FNEL vertrueden ass.

Dee Meeting a Slowenien war also en Zesummekomme vun all deene Scouten a Guiden uechter Europa, déi hier national Scoutsorganisatioun an deem Conseil vertrieden.

Fir t’éischt muss ee mol soen, dass esou en internationalt Treffe vu vir eran eppes immens Interessantes ass, well ebe lauter jonk Leit aus verschiddene Länner a Kulturen zesumme kommen. Freides, den éischten Dag si mer no engem kuerze Kenneléieren dann awer och féx zu der Aarbecht komm. Mir hunn eng

Presentatioun kritt zu WAGGGS (World Association of Girl Guides and Girl Scouts) a WOSM (World Association of Scout Movement), iwwert Strukturen an de Fonctionnement vun deenen eenzelen Organisatiounen, mir hunn déi eenzel Leit vu WAGGGS a WOSM kennegeléiert a mat hinnen iwwer Schwieregkeeten an Erfahrungen diskutéiert.

Freides Owes war dann nach den International-Evening, wou all Land sech e bësse virgestallt huet an e puer Spezialitéiten aus sengem Land offréiert huet. Ech hat just 4 Fläsche lëtzebuerger Wäi mat, deen awer en onmoossege Succès fonnt huet…

Samschdes moies ass et scho fréi ugaangen an no engem slowenesche Kaffi wor eng Diskusssiounsronn, wou et em d’Zieler an d’Aufgabe vum Scoutissem an engem méi groussen Europa gaangen ass. Zréck ze bahalen ass hei Folgendes: De Mouvement vun de Scoute funktionéiert deelweis ähnlech wéi international Entreprisen a genee wéi sou Firme sinn och mir drop ugewise Leit zu Bréissel ze hunn, déi bei den europäeschen Institutioune Lobby-Aarbecht bedreiwen. Dat heescht et si Vertrieder vu WOSM an der belscher Haaptstad, déi derfir suergen, dass d’Scoute vun der Politik wouergeholl ginn an och gefördert ginn. Dës Aarbecht ass elo mat 10 neie Memberstate wesentlech méi schwéier ginn an et ass eng grouss Erausfuerderung,

fir eis Positioun an der Gesellschaft a vis-à-vis vun der Politik ze sécheren. Heizou goufen dann divers Virschléi gemaach (Allianzen, méi Präsenz an de Medien…).

No deenen Diskussiounen hu mer eis an Aarbechtsgruppen agedeelt an déi individuell Problemer an den National Youth Councils beschwat. Hei ass opgefall, dass der vill déi selwecht Problemer haten: Keng Kooperatioun tëscht deenen eenzelen nationale Scoutsfederatiounen, zevill Afloss vun de politesche Parteien, zevill Ofhängegkeet vum Stat, keng Präsenz an de Medien…).

Duerno wor eng Presentatioun vun engem sloweneschen Expert a Saache Relations Publiques. Am Uschloss vun dësem Exposé war dann e Rollespill virgesinn, wou mer a 4 Gruppen agedeelt waren déi verschidden Aufgabe kritt hunn, déi mat PR ze dinn haten. Deen Owend ware mer dann och an e Restaurant an der Géigend iessen an hunn dann do slowenesch Polka missen danzen… an ech kann net danzen.

Sonndes, den drëtten a leschten Dag also, hu mer moies iwwer méiglech Verbesserunge geschwat, wat dat internationalt Zesummeschaffen tëscht de Scouten an den NYCs ugeet. Schliesslech goufen dann nach verschidde Conclusioune gezunn a nom Mëttegiessen ass jiddereen erëm heemgefuer oder meeschtens och geflunn.

Fazit, respektiv wat ech perséinlech vun deem W-E mat heem bréngen:

- Éischtens hu mer et zu Lëtzebuerg méi einfach wéi an deene meeschten anere Länner, well mer einfach en zimlech klengt Land sinn an et net schwéier ass d’Leit aus der Politik a.s.w. ze erreechen. Ausserdem sinn d’Scouten zu Lëtzebuerg eng staark a gutt representéiert Associatioun.

- Dann ass et awer och eventuell un eis déi CGJL ze stäerken an eis méi intensiv fir d’Jugend am Allgemengen anzesetzen.

- Obwuel mer eis nach net wierklech kënne bekloen, wier méi Mediepräsenz vläicht net ganz onwichteg.

- Schéi wier et och, wa mer de Modell Finnland hätten, wou et nëmmen eng Scouts-Associatioun gëtt, mä do sinn ech mer de Schwieregkeeten duerchaus bewosst.

- Da verstinn ech elo mol wéi d’Scouten um internationale Niveau funktionéieren, wat definitiv net sou evident ass. Ech géif et iwweregens gutt fannen, wann dat och eng Kéier kuerz am Kader vun de Formatioune géif ugeschnidde ginn.

Ausserdem weess ech elo, dass Slowenien en immens schéint Land ass (hun dat aus dem Fliger gesinn), dass d’Slowenen definitiv ze vill Fleesch iessen, dass jidderee ka Polka danzen an dass mir dee beschte wäisse Wäi maachen...

D’Scouten – Net zu lescht e Grupp vu Millioune jonke Mënschen!

Pol Konsbruck

9th NETWORK MEETING

Page 8: deSCOUT 4/2004

deSCOUT 4/04

Opgegraff gouf dës Idee, déi aus der Schwäiz kënnt, am Joer 1992 vun de Kiewerlecke vu Stroossen.

Si hunn och des Regelen opgestallt:- et geet dorëms, déi gréisst méiglech

Distanz mat Liicht ze iwerbrécken,- ee vun de Punkte muss op lëtzebuerger

Territoire leien,- d'Streck muss den ale Rekord ëm

wéinstens 500 Meter iwwerbidden,- de Message huet mindestens 5 Wierder,- een Onparteilechen iwwerwaacht déi

ganz Operatioun.Folgend Distanze si bis elo offiziell

iwwerbréckt ginn: déi éischt, als Test geduecht, goung vum Zolwerknapp op den Aussiichtsturm vun Diddeleng (9,750 km) an de Message war: "Scouten a Guide schaffen Hand an Hand". Si gouf vun der Unitéit vun de Kiewerlecke realiséiert.

D'Formatiouns-Équipe vun der Scout/Guide-Formatioun huet den Challenge dunn ugeholl an d’Distanz op 11,240 km verlängert, an zwar vum Aussiichtsturm vun Diddeleng op d’Cité um Schlass zu Hesper. De Message war hei "Stäerkt vum Trapp ass de Wollef, dat ass Gesetz".

D'Loutres vu Miersch hunn eng éischte Kéier de Rekord gebrach an d'Distanz op 18,230 km verlängert. Eng Équipe vun Explorer a Cheffen hu vun der Bascule zu Grevels an d’Sandkaul bei Biereng/Miersch gemorst.

Op e neits huet d'Unitéit vun de Kiewerlecken dëse Rekord gebrach avum Napoleon’s-Gaard de Message "E Scout respektéiert wat anere gehéiert. Dat ass d'Gesetz" op d'Aarelerknippche gemorst an haten dommader 18,850 km iwwerbréckt - neie Rekord also. Dat war 1993.

Et gouf also héich Zäit, dass sech nees een un dësen Challenge erënnert huet - an d’Loutres vu Miersch hunn dat dann elo mat Bravour gepackt. "18 komma 7 ass Distanz vum aktuelle Rekord" war hire Message, dee mat enger selwergebauter Fliigerluucht gemorst gouf.

Wann der elo Loscht kritt hutt, fir och eng Kéier matzemaachen an nach Froe sollten opstoen, kënnt der iech un d’Redaktioun vum deSCOUT wenden.

D'Formel no där d’Distanz (d) gerechent gëtt, ass iwweregens déi heiten:

d = sqrt [ (xa - xb )2 + (ya - yb )2 ] xa / xb = p.ex. 80 15 / 86 39

Lichtdistanzmorsen - Morsething - Kiewerlecks-Challenge - LitdiLuutelo - Morserekord: nennt et wéi der wëllt, et ass op jiddefall eng superflott Aktivitéit an eng net alldeeglech Erfahrung.

Claude Freistroffer

LITdiLUUTelo --/---/.-./…/.//-.-./…./.-/ .-../.-.././-./--./.Ben Jacoby, Tom Schintgen an alleguer d’Explorer

No enger Rei Joeren nodeems dee leschte Liichtmorserekord opgestallt gi war hu mir, d’Explorer vu Les Loutres-Miersch gemengt, mir kéinten et besser man.

Eist Ziel: e puer Kilometer méi wäit morsen an domat deen ale Rekord iwwerbidden. No vill Kappzerbrieches hu mir d’Streck vun Holtz (53 07/95 28) bis op Blaschette (80 15/86 39) (28,5km) festgehal.

De 16.Oktober war an d’Waasser gefall an de Samschdeg, 13. November, sollt et endlech eppes ginn. Eis Explorer hu sech owes getraff, dunn hu mer eis opgedeelt a sinn op déi zwou Plaze gefuer.

Wéi d’Senderteam dunn de Message kritt huet, hu mer net schlecht gestaunt, wéi mer och nach aner Zeeche wéi Buschtawen entdeckt hunn, nämlech Zuelen. D’Iwwerdroe vum Message um 20:30 war richteg ustrengend, zemools bei äiskalen Temperaturen.

D’Empfängerteam hat du Krämpes, fir „Kuerz“ vu „Laang“ ze ënnerscheeden. Schlussendlech haten se de Message aus dräi méi oder wéineger verschiddene

Versiounen zesummegewierfelt.

Dës Detektivaarbecht huet och zum Erfolleg gefouert an alleguer waren se frou datt eis de Rekord, no sou vill Spannung, gegléckt ass. Dat Resultat huet am Ufank guer net kloer geschéngt an huet e bëssen Übung virausgesat.

Fir datt eis Beméiungen net emsoss sinn, erwäche mer heimat deen ale Morse Challenge, dee vun de Kiewerlecken 1992 an d’Liewe geruff gi war. Dofir heescht et vun eiser Säit aus: qui fera mieux? wou et drëm geet, fir mat esou enger amüsanter Aktivitéit méi Bewegung tëschent déi verschidde Scoutsgruppen ze bréngen. Sou si mir allzäit bereed eng nei Erausfuerderung unzehuelen...

Avis aux Amateurs!

14EXPLORER EXPLORER15

Phot

os: C

. Fre

istro

ffer

Phot

os: J

. Deg

ardi

n

Page 9: deSCOUT 4/2004

deSCOUT 4/04 ROVER1716ROVER

ROVER-QUIZ

Freides den 8. Oktober hu mir als Rover-Equipe eisen desjährege Programm mat engem flotte Quiz-Owend gestart.

Anne Weis

Net manner wei 25 Rover aus dem ganze Ländche woren dësen Owend an d’Hollerecher Strooss komm. Nom klengen Aperitif gouf et dunn, dank dem Frank senge Kachkënschten, e gudden Teller Spaghettie mat engem klenge Glieschen Wäin derbäi.

Wei mer dunn all de Bauch voll haten ass et endlech lassgaangen….

D’Käpp hunn ugefaange mat dämpe wéi déi éischt Froe gestallt gi sinn an esou muenchereen huet sech gewonnert wéi den Eric et géif maache fir bei de Geschichtsfroen esou schnell a richteg ze äntweren?!

Bei de Museksfroen haten déi meescht awer esou hier Problemer oder weess du wéi déi 4 Membere vun den ODC geheescht hunn??? Wéi et dunn ugefaangen huet méi spéit ze ginn hu mer och eise System “wie wéini däerf äntweren” e bësse geännert fir déi ganz Saach e bësse méi schnell a mat nach méi Action oflafen ze loossen. Du goufen et zwar e puer liicht Kappkollisiounen, mä keng Angscht: se hunn et all iwwerlieft!

Wei dunn dei leschte Fro bis beäntwert wor, huet d’Jury sech kuerz zeréckgezunn an d’Kandidate konnte sech nach eng Kéier kuerz eraus erhuele goen, ier déi glécklech Gewënner-Equipe bekannt ginn ass. An zwar wor dat d’Equipe N. 5 mam Georges, Daniel a mam Pol.

Ech muss och Eierlech soen, dass mir all iwwert dest Resultat verwonnert woren... mä ech géif bal mengen, dass si och net esou richteg dru gegleeft haten, dass si d’Gewenner vum Owend kéinte ginn ;-) well am Ufank huet et nämlech ganz nom Contraire ausgesinn!!

Op alle Fall mengen ech, ob Gewënner oder Verléierer, hate mir all zesummen e flotten Owend a freeën eis och schonn drop eis um Rover-Schaff-W-E um Misärshaff den 13-14 November erëm ze gesinn.

Ech hu mer geduecht, gees de mol rëm mat op eng Rover(in)Aktivitéit. Esou relax Keelespillen oder een huele mat all deenen Aalen a Midde vu menger Generatioun, all déi Onmotivéiert, ze midd fir hiren Hënneschten aus der Fotell ze hiewen ausser fir sech an den Duerfcafé ze schleefen.

Mä ech hat mech ferm geschnidde mat menger Clichésvirstellung! Déi éischt Aktivitéit wor de Kasematterallye organiséiert vum Centser Jugendhaus. Dat

wor keng stëbseg Visite Guidée wou een no enger halwer Stonn agehaangen huet an nëmmen nach un dee gudde kaale Béierchen denkt, deen een duerno schluppe ka goen. Mir hunn een zolitten Trëppeltour duerch an ënnert d’Stad erduerch gemaach, sinn a Kasematten erageschéckt gi wou ee soss net erakënnt an hunn eng Rei kniwweleg Aufgabe misse léisen. Et huet scho gutt ugefaangen, andeems een e Spill huet misse maache fir de Präis

EAGLES (a)LIVE and (not) TIRED

D’Rover vun den Aigles hunn un engem net alldeegleche Rallye deelgeholl, deen si ënnert der Stad erduerch gefouert huet.

Dennis Wetzenberg

C. B

astia

nF.

Kay

ser

Phot

os: A

igle

s

Page 10: deSCOUT 4/2004

deSCOUT ONGD194/0418ROVER

fest ze leeë fir d’Participatioun: wat ee besser mam Dartfeil op een Ziel getraff huet, wat de Rally méi bëlleg gouf. Als gudde Rover (a virun allem aale Caféshänkert) hunn ech natierlech just de Minimum (mäin Hollännerblutt hat do och seng Fangeren am Spill) misse bezuelen. Weider Aufgabe wore réi Eeër iwwert eng bestëmmt Distanz passen, Lidder erkenne vun deenen ee just déi éischt puer Sekonnen héieren huet (do woren der och e puer dobäi aus der Zäit virum Spitney Brears, dowéinst konnt souguer ech nach matspillen!), e Stéck Watt weidergi vun Nues zu Nues déi mat Niveascrème ageschmiert wor (e gutt Mëttel géint meng Falen!), Pictionnary, ....

Wann et nëmmen esou harmlos Spillercher gewiescht wieren hätt ech déi nächst Deeg kee Muskelkater gehat! Mir sinn an eng Kasematt erageschéckt gi mat der Aufgab: fannt de Wee rëm eraus. No enger Zäitchen hu mer deen dann och fonnt, an ech wor e bësse manner stëbseg vu bannen, dofir awer vill stëbseg a virun allem spaweckeg vu baussen. Duerch aner Kasematte si mer op de Knéie gerutscht fir se ze kartograféieren (fir net Rover: molen) oder hu mer eis opgedeelt fir se ze duerchwullen op der Sich no engem Code. Spannend an interessant wor de groussen Tunnel ënnert der Alstad erduerch (wou ech a menger Jugend beim Cityjogging an e puer Sekonnen duerchgeflitzt sinn!). Un der Mauer hunge Stroosseschëlter mat der Plaz

drop wou ee grad wor. Sou si mer ënnert der Groussgaass (an net Niddeschgaass!) erduerch getrëppelt an hu mer en ale Buer, deen ënnert der Plëss ass, entdeckt.

Fir eis gro Zellen nieft dëser sportlecher Ustrengung och e bëssen erauszefuerderen hate mer nach e Froebou matkritt mat enge läppege puer honnert Froen. Dovunner wosste mer, wann et gutt geet, vläicht een Drëttel, mais bon, dat ass de Präis, deen ee bezillt, wann ee mat feine Leit a gudden AALE Rover ënnerwee ass, déi vun Tuten a Blose keng Ahnung hunn (ech inclus) obwuel mer eng Jett gescheit Bicher matgeschleeft hunn an och iwwer Händi probéiert hunn, déi eng oder aner Äntwert ze ergatteren. Bon, soit, komme mer zu méi positive Saachen.

Am grousse ganze woren et erstaunlech vill Leit (iwwert 150 mengen ech) déi vun 8 Auer Owes bis Moies 3 oder 4 (oder nach méi spéit) duerch d’Stad gerobbt, gerannt a geschlendert sinn. D’Liewer ass bei der ganzer Aktioun och net ze kuerz komm. Op all Poste gouf et eppes ze drénken an am Ufank an an der Mëtt vum Trajet och nach Gegrills a Fritten. Sou léisst et sech liewen!

Wann ech mech bis d’nächst Joer erholl hunn, da ginn ech op alle Fall nach eng Kéier mat, well et wor megagudd organiséiert a mir hun eis gutt ameséiert trotz der mentaler a kierperlecher Ustrengung, dem Reen, dem wäiten Wee, dem ....

Le nombre de participants a largement dépassé les attentes et ce grâce au soutien financier de partenaires scouts. En finançant le voyage de 13 scouts de pays différents, l’ONGD-FNEL était de loin le plus important partenaire.

Pendant 3 jours, ces jeunes de 18 à 26 ans ont travaillé en sessions plénières et en petits groupes sur les thèmes suivants:

- La participation des jeunes dans les prises de décisions. En effet, à ce jour, dans les pays africains il n’est pas de mise d’impliquer les jeunes chefs dans les prises de décisions.

- L’implication des groupes scouts dans la lutte contre le VIH/SIDA. Sachant que 70% des personnes infectées de par le monde vivent en Afrique Subsaharienne, cette pandémie est le pire ennemi de la jeunesse africaine. Il est urgent que tous les moyens soient mis en place tant pour prévenir la maladie que pour la soigner. Dans l’éducation à la prévention, le scoutisme peut être d’un très grand support.

- Le recrutement de nouveaux membres et une ouverture aux plus défavorisés.

Il a été élaboré une liste de 10 recommandations à présenter à la 12e Conférence scoute africaine qui s’est tenue à la suite du Forum. D’ailleurs, toutes les propositions ont été adoptées par la conférence. Les recommandations

concernant le VIH/SIDA stipulent :

- Que chaque association scoute nationale intègre les programmes sur le VIH/SIDA dans ses programmes nationaux et que de tels programmes doivent être facilités matériellement et financièrement.

- Que chaque association scoute nationale nomme un Commissaire chargé du VIH/SIDA.

3e Forum Scout Africain des JeunesMartine Faber-Schmit

Du 31. août au 03 septembre 2004, 42 jeunes délégués scouts, venant de 25 pays africains, se sont retrouvés à l’Ile Maurice.

La planification et l’exécution de ce Forum ont été largement soutenues par les scouts de l’Ile Maurice, les instances politiques de Maurice, le bureau régional africain et le bureau mondial.

L’ambiance parmi tous ces jeunes, venant en partie de pays qui se trouvent en conflit, était des plus collégiale, gaie et entreprenante. Pour beaucoup d’entre

Phot

os: M

. Fab

er-S

chm

it

Page 11: deSCOUT 4/2004

20ONGD deSCOUT RONDEREM214/04

eux, c’était le premier voyage hors de leur

pays natal. Pouvoir participer à un Forum

au niveau régional, pouvoir s’exprimer

et se faire entendre était une expérience

marquante, inoubliable.

J’ai eu la chance de participer à ce Forum

en tant que représentante de l’ONGD -

FNEL. J’avoue que j’ai eu un plaisir fou à

me mêler aux chants et danses de tous ces

jeunes qui pétillaient de joie de vivre. A les

voir avec leur enthousiasme, leur gaieté, leur

insouciance, j’avais parfois des difficultés à

concevoir que bon nombre d’entre eux

venaient de régions où on laboure encore

les champs à la houe, où il faut faire tous les

jours des kilomètres à pied pour se procurer

de l’eau potable, où l’analphabétisme reste

la norme, où la survie est menacée. C’était

pour moi une belle expérience de vie. Et

ce n’est pas sans une certaine envie que je

me suis dit que si nous, ici au Luxembourg,

nous pouvions transmettre un peu plus de

cette joie de vivre..... que de possibilités!

Feier warm gemaach), hu mer missen zréck an d’Heischen.

Do hu mer e puer Coure besicht, déi eis vill bäibruecht hu fir dass mer gutt op eis nächst Abenteuer virbereet sinn.

No engem wonnerbaren Owesiessen, dat eis schonn erëm dem Robin Hood seng Equipe gekacht huet (Nuddele mat enger Carbonara- oder Tomaten-Zooss) hu mer eis ee schéinen Owend mat flotte Spiller gemaach. Nom Montagsmaler an enger Charade wou mer Zeechnungen a Mimike vun deenen Aneren hu misse roden, hu mer Stillréckele mat Kaartespill gespillt, wou d’Ziel war, op der Plaz ze sëtzen, wou een am Ufank war. Fir dat ganzt ofzeschléissen hu mer dann e Spill gemaach wou een een Numm vun enger Mäerchen- oder Zeechentrickfigur um Réck stoen hat an duerch Froen un déi Aner erausfanne misst wéi eng Figur een ass. Dunn duerft jiddereen e puer Gesellschaftsspiller man ier e schlofe gaang ass.

Wéi mer d’Noriicht kruten, dass Chaos am Mäercheland herrscht, hu mer eis zesumme gedoe fir eppes dogéint ze maachen.

Vun den Zwergen emfaangen, pénktlech um zéng Auer hu mer eis bal alleguerten zu Diddeleng op der Gare getraff, mat Ausnam vun deenen, déi vergiess hunn hier Auer zeréck ze stellen an dofir ze spéit koumen. Fir dass keen erkennt, dass mer net an déi fantastesch Welt gehéieren, hu mer eis als Mäerchefigure verkleet. Du goufe mer gläich an d’Sizainen agedeelt: Rotkäppchen, Aschenputtel, Rapunzel, an Hänsel a Gretel.

Sou opgedeelt hu mer missen unhand vun anonymen Enveloppë mat Fotoen a verschlësselte Botschafte mat engem Code, dee nëmme véier Informanten woussten, dem Rotkäppchen säin Kuerf fannen an d‘Schnéewittchen aus engem Heizungskeller befreien. Dat alles hu mer misse virun 12h15 erleedegen.

Dankbar huet eis déi Schéinheet an d’Mäercheland bruecht, wou mer dunn an hirem Heischen mat de siwen Zwerge véier wonnerbar Deeg verbruecht an dobäi sou munch Abenteuer erlieft hunn.

No der Installatioun am Heischen hu mer e klenge Spazéiergang gemaach, woubäi mer dem Robin Hood a senger Band begéint sinn! Glécklecherweis wousste si, dass mer kommen an hunn eis souguer eppes fir d’Mettegiesse virbereet.

No engem delicieusen Bakaloo (Gromperen, Fleesch, Tomaten, Paprika,....am Sëlwerpabeier agepaakt an am

Vum 4. bis de 7. November gouf zu Diddeleng d’Formatioun fir Wëllefcher-Cheffen ofgehalen. Op den nächsten dräi Säite kënnt der noliesen, wat do alles lass war.

Agata Kral

den 1. DAG am MÄRCHELAND

Phot

os: E

quip

e Fo

rmat

ion

Louv

etea

ux

Page 12: deSCOUT 4/2004

22RONDEREM deSCOUT RONDEREM234/04

Dat ware sou Saache wéi: -Bakt emol eng Äppeltaart a gitt jiderengem e Stéck dovun -Baut en zweestäckegt Haus mat aacht Zëmmeren a Männercher, déi verschidden Aktivitéite man an dat ganzt aus Petit Beurren -Féiert e Paarungritual vun zwee Wëllef vir -Schreift e klengen Aufsatz, an deem d’ganzt ABC dra vertrueden ass ausser dem Buschtaf L

An, et ass bal net ze gleewen, mir hunn et gepackt an zwar op déi lescht Sekonn. Mir stoungen alleguerten op véier Still, ouni dass een den Buedem beréiert, dunn hate mer just nach 15 Sekonnen Zäit. Dunn huet jidderee sech séier e Stéck Taart geholl an op déi allerlescht Sekonn wore mer färedeg. Ouf, wee weess, wat mer soss nach hätte misse maachen...

Um halwer aacht war Hops an du goung et och scho lass mam Frühsport, mir hunn Amerikanesche Sëtzball gespillt. Dono gouf et Kaffi a Chargen, eben den übleche Programm. Géint zéng Auer ware mer dann all prett fir d’Couren. Et stounge 5 Atelieren zur Verfügung an et huet een der missen 3 man. Dat woren Alimentatioun, Finanzen, Assurancen, Söcuritéit an Hygiène. Um 12 Auer gouf et dann d’Mëttegiessen an zwar Poulet curry mat Räis an dräi verschiddene Faarwen. Nom Iesse goung et da weider mat den Couren. Fir d’ACM goung et dorëm, eng Versammlung ganz virzebereeden an iergendwann am Laf vum Joer ofzehalen. Owes wor et da méi witzeg, du stoung Veillée um Programm. D’Schnéiwittchen, alias Baloo, alias Denis huet ons eng Lëscht iwwerreecht mat 19 Missiounen. Vun deenen 19 Missiounen hu mir der missen op d’mannst 16 léisen. An dat Ganzt innerhalb vun zwou Stonnen.

MISSION (im)possible?Jeannot Dahm

Dobaussen, nom Moiesiessen (wat am Fong wéi ëmmer mega gutt war wéi all déi aner supergutt Molzechten déi mer do ze baffe kruten, well déi Kachéquipe déi mer do haten ass déi bescht déi ech jeemools ”gesinn” a “geschmaacht”hunn, nach eng Kéier KOMPLIMENT UN D'KACHÉQUIPE!!!) war ech emol eng Kéier net dee Leschten am Carré, hehe mä de Witzbold a Persoun, den Dennis selwer... Jo, a wéi dat dee leschten Dag vun engem Camp sou ass, ginn dann déi wonnerschéi Chargen ausgedeelt, dir wësst scho wéi eng!

Mëttes dunn, wei och déi lescht mat hire Chargë fäerdeg waren, hu mer dee ganze Formatiounscamp mat Spiller an engem witzegen Diplom ofgeschloss! Schued eigentlech, et war keen normale Camp wéi all déi aner, nee, et war besser...

Et ass 7 Auer an ech leien am Fong nach ganz relax am Bett, mä et huet jo missen esou kommen, elo schellt natierlech schonn de Wecker... et war dee Moien um Hänsel a Gretel fir déi aner ze erwächen.

Also stinn dann den Armand, d’Maischen (Pilipp) an ech op, fir de Radio sichen ze goen. Net laang hate mer gesicht, dunn hate mer en och scho fonnt, d’Eric Clapton CD erageschmass an hunn ons ee schéint Lidd gesicht! Zeröck am Dortoir hu mer et da lafe gelooss a si sinn déi Kéier emol eng Kéier schéi gemittlech erwecht ginn... (den Dag virdrun hat Alexandra déi wonnerbar Idee an d’Kichen ze goen, sech een Dëppe sichen ze goen an dann am Dortoir soulaang Radau ze schloe bis dunn och dee Leschten endlech opgestan ass, an dem Alexandra d’Meenung gesoot huet, naja wéi bal jiddereen dee Moien, sorry Alexandra...)

ALLES geet ERIWWERLuc Metzdorf

Page 13: deSCOUT 4/2004

24ÄER SÄITEN deSCOUT ÄER SÄITEN254/04

Et ware vill Aktivitéite schonn alleng nëmmen am Haff vun der Schoul opgeriicht. Do war een „Heisser Draht“, een „Éischt Hëllef-Stand“, eng Seelbunn, wou ee konnt erofrutschen an och ee Stand vun de Jeeër, wou mir vill iwwert Déieren an Natur erkläert kruten.

Wann een dës Stänn all gemaach hat, ass et mat engem klenge Bus an de Bësch gaangen. Do hu mer missen eng Geheimschrëft entzifferen. Duerno, méi wäit an de Bësch eran, waren Déieren ze erkennen, bei engem anere Stand huet ee misse Blumme sichen; et war och ee Spill mat engem Läffel (deen een huet missen de Läffel vun ënnen a seng Box stiechen, deen anere vun uewen), an eent wou Saache mat der Nues oder mam Mond ze erkenne waren.

All dës Spiller goufe vun de Scouten „Loups Blancs“ oder den Elteren erkläert, déi och beim Chalet Othon Aach d´Mëttegiesse gekacht haten, wat eis gutt geschmaacht huet.

Nom Iessen ass et mat de Spiller weider gaangen. Bei deem éischte Spill huet een Neel ageschloen. Ausserdeem huet ee missen zwou Zillen esou laang wéi méiglech an der Lut halen. Duerno ass et mat engem e bësse méi schwéiere Spill weidergaang. Et huet ee missen tëschent gespaante Ficellen duerchkraxelen, ouni se ze beréieren. Bei deenen nächste Spiller, wat och déi lescht Spiller vum Dag waren, ass et drëm gaangen ze morsen a mat zesummegebonnene Been ee Parcours mat engem Becher Waasser ze lafen, mä den Hoke war, dass am Becher e Lach war.

No all dëse Spiller ass et zréck an d´Schoul gaangen, wou mer vun der Elterevereenegung nach e Stéck Kuch an eppes ze drénke kruten. Duerno war d´Präisverdeelung. Eis Équipe, déi sech de Numm“Fënnef Schléifer“ ginn hat, war zwar net bei deenen dräi beschten, mä et goufen och flott Trouschtpräisser.

No dësem flotten Dag war ech, wéi och all déi aner, déi matgemaach hunn, gutt midd.

JOURNEE NATUREBen Seil

Et war ee schéine Samschdeg Mueren. Um néng Auer ass et lass gaang mat der Journée Nature am Lycée Technique Privé Emile Metz.

Phot

os: L

oups

Bla

ncs

Unter der Leitung des derzeitigen Präsidenten Batty HELLERS, seinen beiden Vizepräsidenten Louis DICKERS und Tania SCHMIT-BENASSUTTI sowie den Mitgliedern des Verwaltungsrats der ‘Amis’ wurde dieses gewaltige Unternehmen in Angriff genommen und in einer Rekordzeit durchgezogen. So dass das Ganze zum neuen Scoutsjahr 2003/04 im September, bis auf ein paar Kleinigkeiten, fast abgeschlossen war und eingeweiht werden konnte.

Der neue Anbau umfasst eine Fläche von 100m2 und begreift ein neues Lager für das Campingmaterial, Hydrofortraum, Heizungskeller, Lager des Küchenmaterials sowie eine neue Küche von 8x4m mit neuer Einrichtung. Das Ganze wurde mit einer Terrasse überdacht. Desweiteren wurde das ‘Parterre’ des ganzen Homes auf ein Niveau gesenkt oder gehoben, so dass jetzt alles auf einer Ebene ist. Im ganzen Haus wurden neue Kacheln gelegt. Neugestaltung der Buvette, Neuanstrich, sowie neue Wasser-, Gas- und Elektroleitungen angebracht.

Auf dem Campingplatz wurde mit dem ausgehobenen Boden eine neue Terrasse angelegt sowie die ‘Alentouren’ und der Hof neugestaltet und zum Schluß dem ganzen Gebäudekomplex ein neuer Anstrich der Fassade verpasst.

Alles nahm seinen Anfang im Jahre 1951 mit dem Kauf des Geländes auf der ‘Weich’ und nach fünfjährigem Selbstbau konnte das ‘Scoutshome Belvédère’ endlich im Juli 1956 vom Bürgermeister Jean FOHRMANN eingeweiht werden. Später wurde das

‘Scoutscenter’ über die Jahre hinweg ständig erweitert. Im Jahre 1962 durch ein Holzchalet für die Wëllefcher. Der Chef-Scout Grand-Duc Jean konnte 1984 einen ersten Anbau zum Home mit ‘Rittersaal’ und Sanitäranlage einweihen.

Der Kauf des Campingplatzes von der ARBED wurde 1988 besiegelt. Darauf erfolgte der Bau eines neuen Chalet aus Stein für die Biber und Wëllefcher, welcher 1996 zum 50. Geburstag der Greng Scouten a Guiden vom Chef-Scout Jean eingeweiht wurde. Darauf erfolgte 2001 der Bau eines neuen Sanitärblocks, mit einer Terrasse überdacht. Und jetzt in den Jahren 2003-04 der neue Anbau mit Lagerraum und moderner Küche, auch mit Terrasse überdacht.

Diese ganzen Unternehmen wurden durch den Verwaltungsrat der ‘Amis’ a.s.b.l., welche im Jahr 19534 gegründet wurde, durchgeführt. Dieser Verein wurde geschaffen, um den Bau des ‘Home Belvédère’ in die Hände zu nehmen sowie die nötigen Mittel um dies zu finanzieren zu beschaffen und später zu verwalten.

Dies Alles wäre aber ohne die finanzielle Hilfe des Staates, der Gemeinde Düdelingen sowie der Unterstützung von zahlreichen Spendern nicht möglich gewesen. Ihnen allen sprechen die Greng Scouten a Guiden ein dickes MERCI aus und freuen sich, den nächsten Generationen von Mädchen und Jungen so ein schönes, vereinseigenes, ‘SCOUTCENTER BELVÉDÈRE’ zu hinterlassen, um das schöne Spiel ‘Scouting’ auszuüben.

HOME BELVEDERERudy von Graes

Zu Pfingsten 2003 wurde auf der ‘Weich’ der erste Spatenstich zum weiterem Ausbau des ‘Home’ getan. Über den Sommer wurde dann auf dem ‘Scoutebierg’ fleissig gearbeitet, um die geplante Erweiterung durchzuführen.

Page 14: deSCOUT 4/2004

26ZU GUDDER LESCHT deSCOUT 4/04

petit PAPA NOEL... ...quand tu descendras du cielEe Multifunktiouns-Tool (z.B. Leatherman) mat

honnert Méiglechkeete fir den alldeegleche Gebrauch, huet een normalerweis och ëmmer an der Täsch oder um Rimm hänken an hëlleft an all méigleche Situatiounen: als Hummer, Meter, Fläschenöffner... a wann een e bis verluer huet, geet een direkt nees ee neie kafen. (Frank Stolz-Page)

En “Italiener” (Expressomaschinn) fir moies ee frëschen, waarmen a gudden Expresso un d'Bett (bruecht) ze kréien. Wann d'Leit de Geroch moies bis an der Nues hunn, wëll all Mënsch eng Taass - an de Biz ass op eemol ëmmer ze kleng - dofir kritt een e bestëmmt och a verschiddene Gréissten ze kafen.

Fir déi Saach nach ze verfeineren, kann een dann nach en Thermobecher gebrauchen oder nach méi uereg, eng "Kuska" - dann drénkt och nach d'A mat. (Pit Dolizy)

Dozou gehéiert da selbstverständlech een anständege Kocher, een deen och geet, an dat bei all Wieder an an all Situatioun - hei soll een op kee Fall spueren: nëmmen deen deiersten ass gutt genuch. (den Tom Scholtes schwätzt aus Erfahrung)

Ee Gamellesäckelchen: ëmmer brav alles dra maachen, da verléiert een och garantéiert näischt an et fënnt een och alles erëm.

Eng Stuermluucht fir de romantëschen Owend ouni de Kaméidi, deen déi aner Liichtspendéiermaschinne vu sech ginn.

Ee Fleece- oder seidenen Inlet fir an de Schlofsak. (Nancy Brosius)

D’Chrëschtkëndche kënnt och bei d’Scouten a Guide vun der FNEL. Hei e puer Gadget'en, déi mir vu verschiddene Leit virgestallt kruten an him wäermstens rekommandéiere kënnen, fir ënnert de Beemchen ze leeën.

Claude Freistroffer

Dat klengt schwäizer Täschemesser (Miniformat) fir un de Schlësselbond ze hänken - wat deem enge säi Leatherman ass deem anere säi Minimesser! (Miga Thill)

Ee Sëtzkëssen - aus Alumiumfolie. Kleng a super praktësch fir all Alter - vum klenge Beaver bis zum ale Wollef. Vläicht net "cool", mä et sëtzt een awer waarm an dréchen an déi aner eben net ...

Ee "Scouts"-Buch: dat geet vu "Globi bei den Pfadfindern" iwwert Dschungelbuch bis zu Natur-Bestëmmungsbicher. Och an onsem Scout-Shop ginn et FNEL's Bicher ze kafen.

An dann nach e puer kleng Saachen, ouni vill Explicatiounen - einfach fir eng Idee ze ginn:

- Täscheluucht fir op de Kapp,

- Becher mam Numm dra gravéiert - da geet en net esou schnell verluer,

- Bic, dee bei all Wieder an all Situatioun nach schreift (z.B. Spacepen),

- E Poncho - esou eppes vu praktesch, zemol bei onsem "gudden" lëtzebuerger Wieder,

- Gamaschen, besonnësch ze rekommandéiere fir ons Jeansboxen-Liebhaber,

- Eng Plastik-Huss fir topographesch Kaarten,

- Ee Minikappkëssen, dat ee ganz kleng kann zesummenknautschen - also eent ouni Loft!

- Eng wëlle Mutz fir de Kapp waarm ze halen,

- een Täschewärmer,

- Thermo-Ennerwäsch fir déi laang Owender dobaussen um Nuetsspill

ZU GUDDER LESCHT27

Page 15: deSCOUT 4/2004

28ZU GUDDER LESCHT deSCOUT ZU GUDDER LESCHT294/04

de klenge SCOUT

Jacques Degardin

Wien huet sech net schonn emol eng Keier verlaf? Den Norde verluer? Glecklecherweis gett et do awer sou e klengen Apparat, deen engem zreck op dee richtege Wee helleft: de Kompass. Dest ass am Fong naischt anescht ewei e klenge Magneit (d’Kompass-Nol), deen an enger klenger Kescht ass an sech doranner frai ronderem

dreint. Egal wouhin een de Kompass dreint, d’Nol kennt emmer erem zreck a weist an dei

selwecht Richtung: Norden. Ma firwat?

Eis Aerd ass och ee Magneit, mat engem Nord- an engem Sudpol. Mir spieren natierlech naischt dervun, mee dee Magneit ass vill mei staark wei een, mat deem een z.B. Biller op enger Metall-Tafel ophangt. En ass esou staark, dass d’Aerd komplett an e Magneitfeld agepakt ass. Well d’Kompassnol esou liicht ass a frai am Kompass kann dreinen, gett si magneitesch vum Nordpol vun der Aerd ugezunn.

Ma opgepasst! De Kompass weist dee magneiteschen Nordpol un. Dee lait net genau op dem geografeschen, well der Aerd hiert Magneitfeld sech bewegt, an zwar mat enger Vitesse vu bal 40km am Dag. Ma fir eis ass dat eigentlech net esou wichteg, well mir jo nie esou wait Strecken zu Fouss ginn an doduerch den Ennerscheed bal naischt ausmecht. Normalerweis ass awer den Ennerscheed tescht magneiteschem a geografeschem Nordpol op enger gudder Landkaart agezeechent.

Firwat... weist de Kompass no Norden?

Wosst de schonn?Wosst de schonn?Magnéiter ware scho bei de Griechen an de Réimer bekannt. D‘Chinesen hunn als éischt esou em d‘Joer 1000 d‘Magnéitfeld vun der Äerd entdeckt.

Déi éischt Kompassen hunn och d‘Chinese gebaut. Déi waren natiirlech vill méi einfach wéi déi vun haut: e Magnéit an enger Schossel oder suguer engem Läffel mat Waasser!

An Europa sinn déi éischt Kompassen eréischt um Enn vum 13. Jorhonnert opgetaucht, zur Zäit vun de grousse Reesen iwwert d‘Mier.

Du brauchs:• 1 grousst Glas, mat Waasser gefëllt

• 1 Tranche vun engem Wäistopp aus Kork,

1/2 cm déck

• 1 Magnéit

• 1 Bitznol

An esou geet et:1. Lee de Kork an d’Glas, fir dass en um Waasser schwëmmt.

2. Reif d’Nol ongeféier 50 mol iwwert de Magnéit, ëmmer an déi selwecht Richtung.

3. Lee d’Nol op de Kork.

4. D’Nol dréit sech lues a weist a Richtung Norden.

5. Dréin d’Glas e bëssen, d’Nol kënnt ëmmer erëm zréck.

Mir bastelen e Kompass

Wat ass dann e GPS?

Haut gëtt et nach en anert Gerät, mat deem een sech kann orientéieren: de GPS. Dëst ass eng Ofkierzung vum engleschen “Global Positioning System”. Wa mer elo am Auto sëtzen oder e portable GPS hunn, kritt den Apparat iwwer Satellit gesot, wou en ass, a mir kënnen dat op enger Landkaart ganz genau gesinn. Mee doduerch ass de Kompass awer nach net iwwerflësseg, well hien eppes méi kann: d’Himmelsrichtungen uweisen. An ausserdem ass en och nach vill méi bëlleg!

Page 16: deSCOUT 4/2004

30ZU GUDDER LESCHT deSCOUT ZU GUDDER LESCHT314/04

Claude Freistroffer

Dat kann dann un denger Schlofënnerlag leien: duerch däi Kierpergewiicht gëtt d’Fëllung vum Schlofsack ënnert der zesumme gedréckt. Esou geet dann ee groussen Deel vun der Isolatioun verluer, du läis souzesoe bal direkt um kale Buedem an duduerch verléiert däi Kierper ganz séier vill Hëtzt. Deem entgéint ze wierken ass d’Aufgab vu “Carrymat & Co”.

Mir zielen hei emol einfach déi 4 grouss Kategorië mat hire Vir- an Nodeeler op. Du kanns dech da fir déi entscheeden, déi deng Besoin’en am beschten erfëllt.

Loftmatratz: et läit een zwar ganz gutt op enger Loftmatratz, mä dëse Konfort bezilt een awer deier: si ass meschtens schwéier (et ginn zwar och extra liicht Matratzen ze kafen) an d’Gefor ass grouss, dass se e Lach kritt oder soss Loft verléiert - an dat meeschtens mëtten an der Nuecht. Dobäi kënnt dann nach, dass se op der Skala vum Isolatiounsverméige ganz ënne steet (dat kënnt doduerch, dass kal Loft ongehënnert an der Matratz zirkuléiere kann an dem Kierper ëmmer nees Hëtzt entzitt). Ausserdem muss dat Stéck och emol nach fir t’éischt opgeblose ginn. Duerfir kann een se awer mat an d’Waasser huelen...

Isomatten: si schonn e Krack besser. Se sinn net ufälleg fir esou “Loftproblemer”, verléieren also d’Loft net a si hunn duerch hier schaumeg Struktur eng gutt Isolatiounsfähegkeet. Dofir si se awer méi onpraktesch, well se loosse sech manner

gutt verpaken. Se si meeschtens och méi kleng an och manner bequem fir drop ze leien. An et muss een oppasse fir net déi bëllegst ze huelen: déi halen nämlech meeschtens net laang, si no e puer Kéieren zesummegedréckt oder ganz futti. Déi méi deier dogéint si schéin elastesch (a bleiwen et och an der Keelt), räissfest an drockbestänneg. Déi Beschte aus dëser Kategorie sinn aus Evazote-Schaum.

Therm-a-rest Matratz: (déi sech vum selwen opblosen) déi lescht Innovatioun a punkto Ënnerlag. Am Fong eng Mëschung vun deenen 2 aneren an domat och vun hire Vir- an Nodeeler. Mä hei gëtt nach fläisseg weider dru geschafft an et entstinn ëmmer nei Modeller: méi deck, Antirutschmaterial baussen a komesche Strukture banne fir méi Gewiicht ze spueren, asw...

Feldbett: wuel dat Onprakteschst, wat ee mat op de Camp schleefe kann an eigentlech nëmme gutt, wann ee während op d’mannst 3 Wochen op der selwechter Plaz bleift, de Rucksack net brauch ze droen an een d'Sachen op d'Plaz gefouert kritt. Vu Virdeel allerdéngs, wann et sollt naass ginn: well ee méi héich läit ass ee méi geschützt; och relativ bequem, mä soss wierklech net déi wäermste Geschicht.

*Opgepasst: meeschtens ginn do dem Hiersteller seng Critèren applizéiert. Eng europäesch Norm (EN13537-4.3.3) besteet eréischt säit kuerzem an ass net obligatoresch. Dës soll eng méi objektiv Bewäertung erméiglechen.

Du hues der ee superwaarme Schlofsak kaf, dee souguer Temperature vu -15°C packt*, mä et ass der nach ëmmer kal. 3FROEN

Firwat eng Strategie 2005-2007?

D’Strategie 2005-2007 ass d’Fortsetzung vum « Plan d’action … pour une FNEL plus

forte », deen op der Assemblée 2002 unanime gestëmmt gouf. Am Plan d’action ass

haaptsächlech un eise Strukturen, eisem Fonctionnéieren an u Reglementer geschafft

ginn. Doduerch hu mer eis déi néideg efficace Moyenë gi fir elo konkret mat der

Strategie 2005-2007 d’Ëmsetze vun de 5 Schwéierpunkten (international Dimensioun-

Integratioun vu benodeelegte Jugendlechen - Image vun der FNEL - nei Gruppen-

Coeducatioun) ze realiséieren..

Am Kader vun der Strategie ass scho vill an Aarbechtsgruppen op der Réunion

des Chefs diskutéert ginn. Wéi geet et elo konkret weider?

Niewend den Aarbechtsgruppe vun der Réunion des Chefs ass nach an deene

verschiddene Gremie vun der FNEL diskutéiert ginn. Am Januar zitt de Comité de

Direction d’Conclusiounen a presentéiert dann op der Réunion des Chefs am Februar

Propositiounen. Wa mer eis dann do eens sinn, dann hu mer all vill ze schaffen.

Den Image vun der FNEL no bausse soll geännert ginn. Firwat a wéi?

Eist Bild no baussen ass éischter old-fashioned a verstëbst. Wéi sot d’Martine Faber

op dëser Plaz an der leschter Editioun vum deSCOUT: e freedegen, ustiechenden

Dynamismus an onse Scoutsactivitéiten, Opgeschlossenheet an eng gesond

Risikofreedegkeet fir nei Weeër ze goe sin deen effikassten Image. Wéi dat gemaach soll

ginn, soll och am Comité de Direction am Januar diskutéiert ginn.

Vum Martine Feller un de Pier Dax, Commissaire Général Adjoint

CARRYMAT & Co.

Page 17: deSCOUT 4/2004