deSCOUT 1/2005

17
deSCOUT 1/05 No 510 / 84. Joergang SCOUTEN A GUIDEN FNEL Shall we cook... or what? KACHEN A BRACHEN

description

Shall we cook... or what? 1/05 No 510 / 84. Joergang F N E L SCOUTEN A GUIDEN

Transcript of deSCOUT 1/2005

deSCOUT1/05

No 510 / 84. JoergangSCOUTEN A GUIDENF N E L

Shall we cook... or what?KACHEN A BRACHEN

EDITORIAL

EDITORIAL3deSCOUT 1/05

Périodique officiel de la FNEL Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg

43, rue de Hollerich, Luxembourg

Paraît 4 fois par an

Rédaction et mise en page Anne Kaiffer, Martine Feller, Jacques Degardin, Claude Freistroffer Impression Imprimerie Victor Buck, Leudelange Adresse postale deSCOUT (FNEL) B.P. 2676 L-1026 Luxembourg Tel +352 26 48 04 50 Fax. +352 26 48 04 30 E-mail [email protected] Internet www.fnel.lu

Clôture de rédaction pour le prochain numéro le 15 mai 2005

deSCOUT

No laangem zécken ass et endlech do: d’Fréijoer. Laang huet op sech waarde gelooss, mä elo kënne mer nees lass leeën a méi Zäit dobausse verbréngen. A wat dierfe mer net vergiessen, wa mer mat eisen Équipen op d’Sortie oder den Hike ginn? Biergschong, jo, mä vill méi wichteg: dass et eppes Uerdentleches hannert Zänn gëtt em Mëtteg, well soss gëtt och dee motivéierste Wëllefche granzeg. E wichtege Bestanddeel vun engem Dag dobaussen ass d’Iessen: wat gëtt et méi Flottes, wéi sech säi Menu um Feier ze kachen! A wat gëtt et méi Traureges, wéi en einfache verkuelten Thüringer oder eng Raviolisbéchs, déi keen opkritt. An dëser Nummer hu mer dofir e puer Iddië fir iech, wat een amplaz vu Mettwurschten a Kotelette soss nach alles kann um Feier maachen.

Et gehéiert also zu de Scouten hiren Aufgaben, deene Jonken déi richteg Manéier z’iesse mat op de Wee ze ginn. Wat si bei eis iessen, soll net nëmme gutt schmaachen, mä och nach gutt fir hir Gesondheet sinn. Mä net nëmmen d’Iessen, och d’Kache wëll geléiert sinn. A fir dass si dat léieren, sollen déi Jonk um Camp d’Pan an de Grapp huelen a selwer kachen, learning by doing. Éischtens ass et eng flott Aktivitéit am Grupp oder an der Patrull, zweetens léiere si d’Iessaachen emol anescht kennen, amplaz se nëmmen eranzeläffelen. Doniewent ass et déi bescht Art a Weis fir si ze responsabiliséieren. Well wann d’Nuddele bis Bräi sinn an d’Geschnëtzeltes net z’iessen ass, ginn d‘Käch an de Rescht vun der Patrull hongereg vum Dësch an d’Laun ass verduerwen. Déi nächste Kéier gëtt dann opgepasst. Oder gegrillt...

d’Redaktiouns-Équipe

INHALT5deSCOUT 1/05

deSCOUT 1/05

9

26

28 30 31

24 26

ÄER SAÏTEN

ZU GUDDER LESCHTDe klenge Scout

E flotten Eck

3 Froen

Tschechen zu Lëtzebuerg

Hollywood zu Mamer

RONDEREMONGD-FNEL

Konscht um Haff

Mérite Jeunesse

Frënn vun der FNEL

Kadere vun der FNEL

Photo-Concours

16 17 18 19 20 23

ROVER14 Rover-Camp D’Aigles zu Timbuktu

AKTUELLAu revoir, Chef-Guide

Vu et Entendu

11 12

TITELTHEMAKachen a Brachen Dobannen oder dobaussen, d’Kachen gehéiert ëmmer dozou.

Kache fir d’Stëmm vun der Strooss

6

9

6

Rov

er F

NEL

Aigl

esJ.

Deg

ardi

n

6TITELTHEMA deSCOUT TITELTHEMA71/05

Jacques Degardin

well en EIDELE MO ... Gutt zesummen um Camp iesse bedeit

Wuelbefannen, gutt Laun, Erhuelung, Gesondheet,... Op e Kach bei de Scoute waarden direkt e puer Erausfuerderungen. Et geet drëm, ouni groussen Opwand ee Menu opzestellen, deen équilibréiert ass a gutt schmaacht, ouni onbedengt aus komplizéierte gastronomesche Rezepter ze bestoen, fir dass jidderee kann eng Hand mat upaken.

Als éischt geet et drëm, zu engem verstännege Präis e Menu opzestellen, dee souwuel qualitativ wéi quantitativ un d’Besoin’en ugepasst ass. E Beaver ësst manner wéi e Scout, engem Explorer schmaacht dat eent méi wéi engem Wëllefchen. De Kierper brauch, jee no Alter an Ustrengung, méi oder manner Nährstoffer. Dës kann een a véier Gruppen andeelen. Zu den Opbaustoffer gehéieren d’Proteinen (Eewäiss), d’Lipiden (Fett) an d’Gluciden (puren Zocker a Kuelenhydraten). D’Schutzstoffer bestinn engersäits aus Mineralsalzer (Calcium, Eisen, Iod...), anersäits aus Vitaminen (A, B, C, D, E, K, P, H). Dobäi kommen dann nach Fiberen a Waasser.

Ausgeglach iessen heescht och Ofwiesslung an de Menu’en, well esou ass ee sécher, dass de Kierper all Dag déi Nährstoffer kritt, déi e brauch. Fir

erauszefannen, wat een all Dag soll iessen, gëtt et déi sougenannten Iessens-Pyramid. Dës Pyramid ass a Gruppen agedeelt, vun deenen een all Dag ee Produkt soll iessen. Wat de Grupp méi ënnen (also méi breet), wat ee méi soll dervun iessen (cf de klenge

SCOUT). Donieft dréit d’Ofwiesslung derzou bäi, dass d’Iessen (an d’Kachen) all Dag erëm eppes Neies ass - an esou méi Spaass mécht.

Et geet awer net duer, dass déi Responsabel e gudde Menu opstellen a kachen, d’Kanner sollen och bei all Phase matmaachen. Wéi bei alle Scouts-Aktivitéiten, léiere si duerch selwer maachen, wat een an der Kiche muss wëssen. Dat geet vun der Basis vun enger gesonder Ernährung iwwert d’Akafe bis zur Hygiène. Ausserdem schmaacht d’Iessen direkt nach besser, wa si hëllefen, de Menu auszesichen, ze kachen, den Dësch ze decken an ze dekoréieren.

Wat natierlech ëmmer flott ass - a wat ee just bei de Scoute fënnt - ass d’Kachen dobaussen. Et gëtt näischt méi Schéines, ewéi zesumme ronderëm d’Feier ze sëtzen a séng Gromperen, Spiessercher oder Geméis, am beschte mat wëlle Kraider gewürzt, iwwert der Glous grillt. Duerno gëtt dann d’Gittar ausgepak an et gëtt erëm ee vun deenen onvergiesslechen Owender...

Zesummen iesse gehéiert och zum Liewen am Scouts-Grupp. Viraussetzung zu engem gelongenen Iessen ass eng gutt Kichen.

Phot

os: J

. Deg

ardi

n

... ass eng UEREG PLO

Phot

os: A

rchi

ves

FNEL

8TITELTHEMA deSCOUT TITELTHEMA91/05

STËMM vun der STROOSSTom Scholtes

Et ass scho bal eng Traditioun, dass säit fënnef Joer eng Équipe vun der FNEL fir d’Chrëschtfeier vun der Stëmm vun der Strooss zu Bouneweg kacht. Dëst Joer hunn d’Rover vun der FNEL sech der Saach ugeholl.

Eng véier vun eis hate moies um 8 Rendezvous an der Provencale vir akafen ze goen. Am Laf vum Dag sinn dunn ëmmer méi Hobby-Bocusen derbäi komm, sou dass mer herno zu enger gudder Dose woren. Um Menu stoung dëst Joer eng Britt mat Buschtawen, duerno Kallefsgeschnetzeltes mat Champignon’en a Rahmzooss, derbäi gouf et Nuddelen a gréng Boune mat Speck. Zum Schluss gouf et Glace a Bûche als Dessert.

Als éischt goufen emol eng gutt zwanzeg Kilo Rëndsschanken an zéng Kilo Rëndfleesch ugebroden an duerno mat Zoppegeméis a Waasser am groussen Dëppen opgesat. Duerno gouf direkt d’Kalleffleesch an de Speck geschnidden. Sämtlech Problemer, déi sech en Cours de Route gestallt hunn, goufen duerch geschéckt Improvisatioun séier geléist, a well mer zu vill woren, war et zu kengem Moment stresseg oder chaotesch.

Mir hate gutt Zäit vir an der Mëttespaus eng Fläsch Béier an Take Away vum Inder ze genéissen, mä duerno ass de Misère lass gaang: et woren zwar bal nëmmen al a routinéiert Kichespezialisten um Wierk, mä keen - weder Commis nach Hëllefskach nach Kichechef - hat dru geduecht, fir de Schaum vun der Britt ze schäffen! Amplaz vun enger schéi kloerer Britt hate mer een dréiwe Jus, deen zwar exzellent geschmaacht huet, mä iergendwéi louche ausgesinn huet...

Mä an eiser informatiséierter Welt vun haut ass dat kee Problem, de Pit gouf op de World Wide Web geschéckt, “Clarifier” a “Bouillon” als Begrëffer op engem wuelbekannten Searchtool aginn a schwupps hate mer eng 337 Links mat plus ou moins dem selwechte Rezept fir eng Britt ze clarifiéieren. Genial! denkt sech do den onbewanderten Laien.

Mä Quetschen och! All eis schéi Rezepter haten als Point commun, dass se richteg opwenneg a laangwiereg woren... keng Chance.

De Krisegremium huet décidéiert, dass mer einfach emol waarde géifen a kucke wéi eis Zöppchen no puer Stonnen op Feu doux géif ausgesinn. Abee, mir hate wéi ëmmer fatzeg Chance, well herno huet se vum selwen tipptopp ausgesinn a grad esou gutt geschmaacht. Beschte Beweis duerfir wor de Fait, dass owes emol keng hallef Louche Rescht blouf.

Mir haten iwwerhaapt eng gutt Sträif erwëscht, well et wor fir d’éischt an deene fënnef Joer, wou mer pénktlech fäerdeg woren an ouni Retard servéiere konnten.

Um “Treffpunkt 105 “, dem Lokal vun der Stëmm zu Bouneweg, gouf et dunn nach méi enk: et wore wäit iwwer 100 Leit, déi sech an den enke Raim wéi d’Hierken am Faass gedréckt hunn.

Duerfir hei emol e puer Rezepter, déi iech ureege sollen, och emol eppes neies auszeprobéieren.

Dee richtege spezifesche Goût vun engem Scoutsiessen - nee, ech schwätzen net vun ugebrannt - kann natierlech nëmmen op engem Holzfeier am Bësch entstoen - also maacht d’Feier mol schonn un:

Packalu: Kënnt net aus dem indianeschem, mä vu “Pack” an “Aluminium”. Relativ einfach ze maachen an ëmmer nees gutt: op ee mat Botter gutt agefett grousst Stéck Alufolie gëtt eng Couche dënn geschnidde réi Gromperescheiwe geluecht - dodrop kënnt dann eng Couche Gehacktes, dann nees Gromperen, nach emol Gehacktes a fir ofzeschléissen eng Couche Gromperen.

Dat Ganzt mat Crème fraîche begéissen, salzen a pefferen an dann d’Alufolie ganz gutt zou maachen - vläit nach eng zweet oder drëtt Folie benotzen an dann eng zwanzeg bis drësseg Minutten an d’Glouss lee’en. Kann och nach mat Ënnen, Muerten oder Champignonë verfeinert ginn an et kann een och mat Zoossë schaffen - betruecht dat heite Rezept just als Ausgangspunkt. Vergiesst awer net, de Packalu am Feier ze dréinen! An de Kéis eréischt duerno drop maachen...

(um Internet fënnt ee méi, wann een ënner “Foil Dinner” sicht)

An, wat hutt dir dann op ärer leschter Sortie am Bësch op de Grill gehäit? War et alt nees eng Wurscht (Thüringer Aart)? Oder war et souguer eng Kotelett? Einfach a schnell ass dat jo, mä vläit mat der Zäit e bëssen einfallslos...

Claude Freistroffer

KÄTTI SCOUTPoulet am Lehm: De Poulet gëtt banne mat Gewierzer (Salbei, Romarin, Péiterséileg, Lorber asw - jee no Goût - an e wéineg Salz gewierzt an da mat Lehm (+/- 1kg) fangerdéck agekleet. Oppassen, dass de Lehm iwwerall d’selwecht déck ass a keng Rëss huet. Dat ganzt kënnt elo während enger Stonn an d‘Glouss - bascht de Lehm, muss et esou gedréint ginn, dass de Rass no uewe kuckt - wann näischt geschitt, kann een dat ganzt bis zu zwou Stonne leie loossen. Fësch kann iwweregens op déi selwecht Manéier zoubereet ginn - et geet just méi schnell.Spiisser:Einfach an awer onheemlech ofwiesslungs-räich: vu Fleesch bis Fësch iwwer vegetaresch; als Entrée oder Haaptplat bis zum Dessert - et kann ee bal alles op ee Spiiss stiechen. Losst einfach är Fantasie spillen, et kennt bal ëmmer eppes Guddes dobäi eraus.HielännerbléiesaaftHuet näischt direkt mat Kachen ze dinn, ass awer eng gesond Alternativ zum Sirop aus dem Supermarché: 10-20 Hielännerbléien (déi schonn op sinn, awer nach net wieleg) an engem Liter Waasser kachen. 24 Stonnen zéie loossen, filtréieren a mat 50 cl Zitrounejus an 1,5 kg Zocker vermëschen - a propper Fläschen offëllen a kill stellen. Mat Waasser verdënnt ee Genoss.

10TITELTHEMA deSCOUT AKTUELL111/05

les PROMENEURSGeorges Hausemer

Il y a longtemps déjà, au siècle passé pourrait-on dire, une patrouille d’éclaireurs qui avait déniché sa clairière de rêve, dressait son petit camp. En haut de ce vert vallon qui, telle une crique à la mer, s’était glissé dans un creux de la forêt, deux tentes. On mettait la dernière main aux «astuces» pour le coin cuisine.

En cette belle fin d’après-midi, à l’heure douce où la nature est épanouie et paisible, un couple de promeneurs sortit de la forêt en suivant le sentier au fond du val. Arrivés près du camp, l’homme et la femme remontèrent vers les tentes pour saluer les jeunes et bavarder un peu.

Quand les visiteurs furent repartis, il y eut un temps de silence, puis tous avaient quelque chose à dire:

“Dat wor de Chef Scout a seng Fra!”

“Si si kënneg hei, si kennen de Bësch”

“Si wësse bei de Scoute Bescheed.”

Et ainsi de suite.

“Hien huet “Jo” zu hir gesot.”

Avec cette pudeur, qui est le vrai jardin secret des jeunes, ils regardèrent en silence s’éloigner le couple, qui affectueusement continuait son chemin bras dessus, bras dessous.

Le 10 janvier, la Grande-Duchesse Josephine-Charlotte, Chef-Guide du Luxembourg, nous a quittés pour toujours. Dernier hommage...

Col

lect

ion

R. V

on G

raes

Rov

er F

NEL

Op ±9m2 hu mer zu 12 Rover d’Fleesch an d’Boune gewiermt, d’Nuddele sur Place gekacht fir dass se net solle verbratschen, dat ganzt op d’Tellere verdeelt an niewebäi och nach gespullt, well net genuch Telleren a Couvert’en do waren.

Servéiert hunn d’Volontaire vun der Stëmm vun der Strooss an eng Équipe vu Leit vun der First State Bank. Ech well eis sécher elo net op d’eege Schëller klappen, mä eise Menu wor eis dëst Joer extra gutt gelongen, et si bal keng Reschter op den Telleren an d’Kichen zréck komm an och an den Dëppe wor herno näischt méi eraus ze krazen.

Nom Iesse krut Jiddereen nach ee Schlofsak, ee Schal an eng Tut mat Séissegkeeten als Cadeau, an et wor wierklech eng gutt Ambiance ënnert de Leit. Am Géigesaz zu deenen anere Jore gouf et kee Gestreits a kee Buttek. Et ass näämlech esou, dass et op der Chrëschtfeier als eenzeg Kéier am Joer Alkohol ze drénke gëtt a vill Leit profitéieren dervun, fir sech eng kräfteg unzestrécken. Dat ass awer dëst Joer net de Fall gewiescht .

Iwwerhaapt ass opgefall, dass wäit iwwer d’Halschent vun de Leit déi do waren, glat a guer net an eise Klischee vum versoffene Strummert oder futti’sen Junkie passen. Et wore vill Leit, déi einfach aarm si wéi

d’Kierchemais, vill al Leit, déi keen Dag iwwert dem Kapp oder bal keen

Akommes hunn, an och vill Réfugié’en ouni Pabeieren.

Sou ass den Owend vir mech perséinlech mat gemëschte Gefiller an enger Hellewull Gedanken op en Enn gaangen! All déi Leit liewen Dag an Dag aus nieft eis, ouni dass se eis vill këmmeren. An de Schlagzeile si si just emol fir e puer Deeg wann et een extra schroe Wanter ass! Hunn ech net geléiert, laanscht si ze goen, ouni se ze gesinn? Hunn ech mer net ugewinnt, si z’ignoréieren, well si mäi Bild vun eiser schéiner “Spaassgesellschaft” verschampeléieren? Ass déi ganz Aktioun net just fir mäi schlecht Gewëssen iwwer d’Feierdeeg ze retten? Kann ech näischt derzou bäidroen, fir d’Ursaachen amplaz vun de Symptomer ze beseitegen?

Meng perséinlech Äntwerten op all dës Froe woren net grad gëeegent, fir meng Laun ze verbesseren. Ech mengen, ouni elo wëllen de Moralapostel ze spillen, ech kéint ganz vill méi maachen, a wann et nëmme wier, fir d’Leit vun der Strooss mat aneren Aen ze gesinn, als normal Mënsche mat vill Problemer a wéineg Chance am Liewen.

An ech géif soen, och mir alleguer als Scoute kënnten e gutt Stéck méi engagéiert sinn, wat d’sozial Problemer virun eiser eegener Dir, bei där ee jo fir d’éischt kiere soll, ugeet.

12AKTUELL deSCOUT AKTUELL131/05

CLAUDE FISCHERIl est parti la tête haute. Né en 1918, Claude jeune faisait partie des Diables Mauves; il a obtenu le Woodbadge en 1939. En stage à Paris lors de l’invasion, il fut des Luxembourgeois autour du Chef Scout de la FNEL Georges SCHOMMER, prêts à combattre l’intrus. La désintégration de l’Etat le vit, mêlé à l’exode, traverser la France en vélo avec un camarade jusqu’à la frontière espagnole.Rentré au pays, il rencontra dans la famille de son employeur, vers la fin de l’occupation, des jeunes de la troupe clandestine «Roude Léiw». Dans l’ambiance exaltante de la Libération il s’est attaché avec les anciens chefs DM à faire accepter un scoutisme exigeant, centré sur la Patrouille, à ces garçons remuants. Les premières Promesses eurent lieu au Cercle municipal désert, le 30 décembre 1944, alors que des bombes longue-portées tombaient encore sur la ville. Tout un peuple était en besoin de s’affirmer, d’aller de l’avant. Les jeunes au foulard mauve et or étaient de service aux «Civil affairs», à la «SHAEF Mission», à la Croix-Rouge, au Rapatriement, aux cérémonies et manifestations patriotiques.Educateur dans l’âme, prévoyant les temps plus calmes à venir, Claude prit soin de transmettre l’esprit et la tradition des Diables Mauves à la troupe en ébullition, tout en tenant ses patrouillards en haleine. Il lança des programmes serrés six ans durant, de la mystérieuse «action Kahlenberg» aux grands camps d’été: la haute montagne près de La Clusaz, les Calanques corses, l’Algérie, les Baléares alors terrae incognitae, ainsi que l’inégalé Jamboree de la Paix à Moisson près de Paris, au cours duquel il escorta le Chef Scout Jean en visite.

VU et ENTENDUCastor Fricoteur

A la Rentrée de 1950 il passât le relais à son adjoint Guy WEICKMANS. Il continuait à suivre avec intérêt l’évolution du mouvement et de la troupe comme membre du Conseil national de notre fédération.Loyal et reconnaissant envers ses supérieurs Sepp WEBER (commerce), Paul WELTER (AEG), Guill KONSBRUCK (Etat), René PEULVE et Mathias FELTEN, Claude choisit de faire carrière à Radio Luxembourg, qui lui confia la direction des programmes. Erudit et doué d’une excellente mémoire, il fut un interlocuteur apprécié. Il est mort le 30 janvier 2005. Nombreux sont venus ses amis et nos anciens quand on portat en terre les cendres de Claude FISCHER, Scoutmaster des Diables Mauves.

AUSZEICHNUNG FÜR MUNGOHamburgs Oberbürgermeister nannte den Lion Bleu mit seinem rechtsgültigen Namen Charles THIBO, bei der Überreichung des Karl Klasen-Preises der Journalistenstiftung an den Redakteur der Mitteldeutschen Zeitung, welcher mit seinen transatlantischen Artikeln „um Verständnis für die jeweils andere Haltung wirbt“.

B.A. MAT DEM KACHLÄFFELOch dëst Joer hu Rover a Reponsabel vun der FNEL erëm e Réveillons-Iesse fir d’Kaschtgänger vun der „Stëmm vun der Strooss“ preparéiert. Mat enger „Bûche“ wann ech gelift. Och soss koumen d’Forschettë fir e gudden Zweck an den Asaz: Kiewerlécken, Loups Blancs, CBDM, Lions Bleus, Well Sai, Telstar, an nach e puer Heemlecher. Et gëtt Zäit, dass e Grupp Fitness-Training ubitt.

SPROOCHEN-ZALOTZu Bienne, der gréisster zweesproocheger Stad vun der Schwäiz, huet de Joe ANNICIARICO, 6. Schouljoer zu Gaasperech, den drëtte Präis

gewonnen, am internationale Molconcours wou d’Schoulkanner gewisen hunn, wéi si an hirer Welt vun zwou a méi Sproochen eens ginn.

«PONT DE MISERE SUR LA SÛRE»La très riche exposition de dessins de Jean-Pierre LAMBORAY, peintre de l’Oesling, comprend 2 belles œuvres de 1937 de ce lieu-dit cher à la FNEL. Galerie d’Art Am Tunnel de la BCEE.

NEIE COMITE FIR D’AMICALEFrancis EYSCHEN, Président; Pierre DAX, trésorier; Michel DONVEN, secrétaire; Guy AACH, Robert BEREND, Paul GEDITZ, Simone GEHLEN-DIEDERICH, Martine FABER-SCHMIT, Mariette KILL, Jos LOSCHETTER, Pierre MATAGNE, Michel SIMONIS, Robert SUNNEN, Charles TURK, Renée WELL-FONCK et Michel WURTH, membres. Fir mat ze man, Telephone 513110 (Michel DONVEN).

FRANK WILHELML’ancien des Eclaireurs d’Echternach a dédié son article dans l’annuaire culturel des professeurs luxembourgeois «Récré» sur La fin de la Deuxième Guerre mondiale vue par des écrivains luxembourgeois francophones à la mémoire d’Adeline TIDICK. Il y cite nos amis Claude CONTER, Henri KOCH-KENT, Jos LEYDENBACH et Robert MATAGNE entre autres.

DU SCOUTISME DANS L’AIRLe 27 décembre 1904, le Duke of York jouait la première représentation de la pièce de J.M. Barrie. Elle raconte l’histoire de la petite Wendy et de ses frères, entraînés par PETER PAN, le garçon qui ne voulait pas grandir, au Pays imaginaire, où ils retrouvent les «garçons perdus» et la fée Clochette. Ensemble, ils vivent des aventures palpitantes, notamment des bagarres avec des pirates emmenés par le capitaine Crochet.

B.A. MAT HÄERZ A GEESCHTEis Anciennes Renée, Milly, Alice, Jeannie, Marianne a Pierrette, déi all Woch am Vestiaire vun der Croix-Rouge hire Scouts/Guide-Geescht liewen, koumen den 23. Dezember véierfaarweg an der Zeitung zu Éieren an zu engem schéinen Titel: «les Mères Noël».Op der Cap hunn d’Piwitschen eng kulturell Ausstellung mat Molerei a Skulpturen an den Déngscht vun der gudder Saach gestallt. Zu Diddeleng hunn déi Jonk vun de Peaux Rouges Courage a Freed an de CIPA an an d’Spidol gedroen.

TEMOINS DE LA 2e GENERATIONCharles GOERENS dans une interview:«Auschwitz, que l’on considère comme un accident, est en fait un emblème. Demandons-nous comment la population a pu s’accoutumer à ce processus de déshumanisation des juifs, qui n’étaient plus considérés comme des êtres humains, mais comme de la vermine? Comment des hommes ont-ils pu faire ça à d’autres hommes ?.. Nous devons bien mesurer les dangers qui nous guettent. Car tout ce qui contribue à stigmatiser les gens est mauvais»(Voix 27.1.05)

SCOUT-SHOP FNELest ouvert en 2005 de 18h00 à 20h00 (*16h00 à 20h00) les jeudis suivants: 24 mars, 21 avril, 12 mai, 16 juin, 30 juin, 7 juillet, 29 septembre*, 6 octobre, 20 octobre*, 17 novembre, 1 décembre, 15 décembre.Tout équipement pour randonnées et camps (sac de couchage, sac à dos), uniformes et insignes, livres scouts: Vademecum, Scoutsbichelchen, etc., Adresse: 43, rue de Hollerich à Luxembourg(bancomat et cartes de crédit acceptés)

deSCOUT 1/05

Dëst wor déi fantastesch Destinatioun vum Aigles Rover-Camp am déiwen Dezember.

Knapps hate mer d’Wanderschung ausgedoen, de Schweess huet eis nach de Rucksak un de Réck gepecht an d’Loft wor nach frësch ewéi eng Meebrise, dunn ass et scho lass gaang mam Programm: d’Corinne, d’Nouki an de Benoît haten elle vill Motivatioun agpaakt. Als aller éischt hu mer en Tasestänner gebastelt, mat deem een och am déiwen Dschungel kann Tase schleefen (10 op ee Coup), ouni dass eng Drëps iwwerleeft. Eng fantastesch Aigles-Erfindung, dat muss einfach emol gesot sinn.

Nodeems mer eis mat der Stéchsee an dem Glaspabeier Billardsbullen-déck Bloderen ugeluecht haten, si mer vun eise grausame Cheffen an den däischtere Bësch vun Timbuktu geschéckt ginn, ouni Pullover, ouni Luucht, just de Stolz huet eis gedroen. Als Aufgab hate mer, dem Tyrann vun Timbuktu säi Fändel ze erueweren. Wat aner Leit als blousst Stratego-Spill géife beschreiwen, wor fir eis eng Aufgab em Liewen an Doud, wou et drem gaang ass, dat timbuktanescht Vollek ze befreien an eng Demokratie ze erbauen. No etlech Stonnen u laangem Gerolz an Hin an Hier a messerschaarfe strategeschen an taktesche Schachzich hu mer dem béisen Tyrann säi Fandel

WEEKEND zu TIMBUKTUGeorges Krombach, Aigles

Wäit si mer gefuer, laang hu mer gesicht, schwéier hu mer geschleeft a frou wore mer wéi mer et endlech fonnt haten : Timbuktu.

fonnt an op engem Koup Bananen-Äsche verbrannt. Bis spéit an d’Nuecht ass mam Vollek, wat endlech seng Fräiheet fonnt hat, gefeiert ginn! Mir hu vun der gudder Atmosphère profitéiert, fir d’Verspriechen ze ma fir déi Leit, déi nei bei ons am Grupp woren. Gottseidank hate mer e Pak Raclette agepakt a konnten dem auserhéngerte Vollek vun Timbuktu mol Cuisine Savoyarde presentéieren. Et huet nawell geschmaacht! Ronderëm dat risegt Feier, dat d’Glous bis an den Himmel gepucht huet a Stären doraus gemat huet, ass eng schnuckeleg Stëmmung opkomm an et ass een nom aneren an d’Hängematt gefall.

Daags drop wor alles wäiss! Geschneit

huet et zu Timbuktu, dat ganzt Vollek

wor ausser sech: Wéi mer hinnen emol bis

bäibruecht haten, dass Schnéi géif pechen,

hu mer séier zesummen eng riseg Armada

vu léiwe Schnéimännercher gebaut, déi

sécher nach haut do stinn... wann se net

geschmolt sinn. Am Nomëtteg, nodeems

mer als Au revoir eng sérieux Portioun

Campings-Nuddelen offréiert haten,

si mer an dat grousst a waarmt Mier

schwamme gaangen an nach haut siche

mer no den Aigles-Rover, déi sech mat

de flotten timbuktanschen Waassernixen

duerch d’Bascht gemat hunn...

14ROVER ROVER15

Phot

os: A

igle

s

deSCOUT 1/05

Patrick Oth

16ONGD

Kriterien für den Sensibilisations-BadgeDas Programm des Aufnähers steht unter der Obhut der ONGD-FNEL.Die Kriterien zum Erhalt des Aufnähers sollen in das Programm der Pfadfinder integriert werden, z.B. sollen sie ihrem Branchen-Buch beigelegt werden.Beschreibung des Sensibilisations-Badge:Der Aufnäher besteht aus einem Teil, das “Erde, Haus und Taube” darstellt. Die Farbe des Hausdachs soll dann je nach Branche ändern.Der Aufnäher wird von der ONGD, zu einem noch zu bestimmenden Zeitpunkt überreicht.Auch wenn verschiedene Kriterien sich überschneiden, so sollen sie doch dem Alter und den Fähigkeiten der Teilnehmer angepasst werden.Um den Sensibilisations-Badge zu erhalten, müssen die Pfadfinder folgende Kriterien erfüllen:Alle Teilnehmer müssen einen Verantwortlichen in ihrer Gruppe ausfindig machen, der das Projekt leitet, einen Bericht schreibt, Fotos hinzufügt und eine Teilnehmerliste führt.Beaver (6-8 Jahre)- Bildergeschichte zum Thema- Entweder jedes Trimester 1 Versammlung zum Thema oder 3 aufeinander folgende Versammlungen zum Thema- Entweder 2 Sortien oder 1 Weekend zum Thema

ONGD-FNEL (Sensibilisation)Wëllefcher (8-11 Jahre)- Bildergeschichte zum Thema- Entweder jedes Trimester 1 Versammlung zum Thema oder 3 aufeinander folgende Versammlungen zum Thema- Entweder 2 Sortien oder 1 Weekend zum Thema- B.A.(Bonne Action) zum Thema, z.B. Ziegelsteine der ONGD-FNEL verkaufen.Scouten a Guiden (11-15 Jahre)Diese Aktivitäten sollen in der Patrulle stattfinden.- ”Echange culturel du tiers monde, des pays en voie de développement” in Luxembourg. Dieser Austausch findet während 2 Sortien und 1 Weekend statt.- Collage zum Thema. Diese Collage muss später in der Truppe oder sonstwo vorgestellt werden. Die Teilnehmer bekommen eine Liste mit verschiedenen Entwicklungsländern.Explorer/Rover (15-26 Jahre)Eine “Entreprise à long terme” soll gegründet werden. Die ONGD muss in festzulegenden, zeitlichen Abständen über den Verlauf des Projektes informiert werden, z.B. Film, Camp, Projekt in einem Entwicklungsland.Die Teilnehmer bekommen eine Liste mit verschiedenen Entwicklungsländern.Die Kriterien zu den einzelnen Projekten werden individuell mit der ONGD und dem Teilnehmer ausgearbeitet.

Sculpture

Peinture

Photographie

MisaershaffKonschtum Haff

eng kreativ Aktivitéit firExplorer - Rover - Branchecheffen

vum 6. bis den 8. Mee 2005

SCOUTEN A GUIDENF N E L

fir jiddereenden 8. Mee 2005

Meekiermes

Ausstellung vun eisen Artisten an deene

verschiddene Konscht-Atelier’en

RONDEREM17

18RONDEREM deSCOUT RONDEREM191/05

ACKERMANN Charles Louis, ALS Claudine, ANGEL Robert, ANGEL Tom, AREND Claude, ARENDT Georges, ARENDT Jacques, AUDRY Jean, BAUM-GALLE Jeanny, BEREND Robert, BERG Charles, BERGER Eugène, BERNARD Albert, BERNARDY René, BILLON-JACQUEMART Andrée, BOURSIER Madeleine, BRAHMS Pierre, BRAQUET Sylvie, BRAQUET Michel, BRASSEUR Anne, BRAUN Jacques, CAHEN Jean, CASEL Henri, CERF Francis, DALEIDEN Simone, DAX Pierre, DE LORENZI René, DEGARDIN Jacques, DE MUYSER Guy, DENNENWALD Francis, DIESCHBOURG & fils Sàrl, DOLIZY Pit, DONVEN Michel, DUPONT Marc, DUPONT Philippe, DUPONT-SEVENIG Claude, EISCHEN Michel, ELVINGER Martine (Eilo), ENTRINGER Edith, FABER André, FABER-CALMES Rita, FABER-CAROSATI Josée, FABER-SCHMIT Martine, FEIDER Marc, FELL Jean, FISCHER Paul, FLESCH Colette, FOEHR Vincent, FOURNIER-ZINS Bertrand, FRANCK Adrienne, FRANCK-ARENDT Norbert, FRANCK-BOURSCHEID Christine, GALOWICH Marc, GAUDISSART Marc André, GIERENZ-WEBER A., GOEBBELS Raymond, GRETHEN Henri, GUT Roland, GUT-THEIS Anne, HAAS Christiane, HAAS Joseph, HALSORF Charles, HAMILIUS Jean, HAMMELMANN-FABER Malou, HAMON-CHAFFOTEAUX Patrice, HARTMANN André, HATZ Aender, HAUSEMER Georges, HEISBOURG-WURTH Annick, HELMINGER-SCHINTGEN Karin, HESS Fernand, HINZ Günther, HOLLENFELTZ-BOUSSER Laurence, HOUEL-HOFFMANN Frutz, JACQUEMART Alexandre, JALLAY Marc, KALENTZIS Arion-Louis, KARLESKIND Jean-Luc, KASS-FRISCH Edith, KILL Mariette, KNEIP Robert, KOLBER Marc, KREMER Claude,

d’FRENN vun der FNEL

E grousse Merci un Iech alleguer. Mat Äerem Don oder Orde Permanent ënnerstëtzt Dir d’FNEL an hëlleft d’Aktivitéiten an d’Formatiounen ze fi nanzéieren.

KREMER Remy, KRIEGER Joseph, KRIEPS Alexandre, KUFFER Claude, KUFFER Jean, LAMESCH Alfred, LAUER Jos, LECORSAIS Reggie, LECORSAIS René, LENERT Marc, LINDEN Jean, LIONTI Lucie, LOESCH Tom, LOSCHETTER Joseph, MAGNANI Raymond, MAJERUS Edmond, MANGERS-ANEN Edmée, MARCUS David, MAROLDT Ed., MATAGNE Pierre, MEYER Francis, MEYER Julien, MEYER Anouk, MEYERS-WIES Simone, MOITZHEIM-SCHROEDER Jean-Joseph (Jeff), MOSSONG Bernadette, MUNCHEN Charles, NEUMAN Reginald, OTIS Claeys, PAQUET Georgette, PAQUET Sylvie, PFEIFFER Paul, PLEBANI Giancarlo, PROST Jacques, PRUM Pit, PRUSSEN Robert, RAUS Jacques, RECHTFERTIG-STORCK Lou, RECKEN-SCHNEIDERS Claude, RECKINGER Pit, REIFFERS-MERGEN Edith, REUTER Georges, RIETH-AACH Nathalie, SCHAACK Albert, SCHAACK André, SCHAACK Louis, SCHEUER Prosper, SCHINTGEN Claude (Chouch), SCHNEIDER Kik (Charles), SCHNEIDER Jean-Claude, SCHNEIDER Pierre, SCHOCK-SCHMITZ Uschi, SCHOCKWEILER Carlo, SCHOCKWEILER Colette, SCHWALL-LACROIX Annette, SCHWARTZ Jean-Paul, SELENATI CHAUFFAGE, SIMON-JUNIUS Coryse, SPECK Gary, TAPIS HERTZ, THOME Georges, TONEY Kenneth et Lisa, TURK Philippe, VANDELOO-SCHARRY Romaine, VERVIER Jean-Francois, VON LEIPZIG Wolf, WAGENER-BEAUVENT Jaqueline, WEBER Dany, WELL Jean, WELL-FONCK Renée, WELTER Jean, WENGLER Emmanuelle, WEYNANDT Marcel, WIES Georges, WITRY-SCHWACHTGEN Tuddie, WOLTER Thierry, WURTH Michel, XYDIAS Gerassimos

Stand: 31.12.2004

Am Ufank wor ech net esou begeeschtert vun der Saach, well ech mer geduecht hunn, et misst een nawell e ganze Koup Zäit aplangen an déi huet ee meeschtens net am Iwwerfl oss. Mä no e sëllechen Diskussioune mat Scoutskollegen hu mer dunn zu puer décidéiert, datt mer dat Ganzt nawell géinge maachen, schonn eleng well mer ons vun deem gefuerderten Hike vill Furri erwaart hunn.

Doheem hunn ech mer den Umeldungsziedel dann emol méi genee ugekuckt:

12 Méint Service? Dat dierft fi r ee Scouts-Chef jo wuel kaum ee Problem sinn.

18 Méint Skills? Scho méi komplizéiert, mä wann ee säit dem Leadership kee formatiounsfräit Joer méi hat, ass dat och keng Affär.

12 Méint Sport? Scho méi quokeleg, well ech ausser Yoga näischt an däer Richtung man. Mä no e puer Diskussiounen a Froe bei anere Kollegen hunn ech dunn erausfonnt, datt Yoga (wat net nëmmen aus „Omm“ summe besteet) nawell als Sport kéint duerchgoen.

Projet résidentiel? Dësen Deel war dee klengste Problem, vu dass ech am Abrëll 2004 an Island um Jugendprogramm vun der europäescher Scoutskonferenz deelgeholl hat (an ech ka jidderengem nëmme wäermstens empfi elen, fi r sech op déi nächst Geleeënheet déi sech bitt fi r un eppes Internationalem deelzehuelen, ze stierzen).

4 Deeg Hike? No e puer Juni-Deeg chaoteschem Plange war deen och organiséiert an huet nëmmen dorops gewaart, am August ausgefouert ze ginn. Obwuel et déi 4 Deeg iwwer déck waarm war a mer dommerweis beim Plangen e puer Héichtelinnen, déi am Éislek jo net siele sinn, iwwersinn haten, hu mer eis gutt ameséiert a scho beim Heemfueren ugefaangen, eis en Trajet fi r d’nächst Joer ze iwwerleeën.

Am Hierscht hu mer ons e puer mol mat deenen anere FNELs-Participanten am Siège getraff, fi r méi formell Saachen wéi Bichelcher ausfëllen zesummen ze erleedegen. De 14. Oktober hu mer dunn zu puer missen ee klenge Rapport iwwert ons Aktivitéiten fi r den Mérite am Siège virun engem ausgewieltene Publikum maachen.

Den 2. Dezember war et dunn esou wäit: mir kruten onse Mérite vum Grand-Duc Jean a vum Prënz Guillaume iwwerreecht. Virdrun awer krute mer nach e puer Rapport’en a Fotoë vun anere Leit hiren Aktivitéite presentéiert, déi sech net manner gutt ameséiert hate wéi mir.

Alles an allem kann ech nëmme soen, datt et mech vill manner Zäit kascht huet, wéi ech am Ufank gemengt hat an datt ech vill Spaass bei der Saach hat.

MERITE-JEUNESSEChantal Hermes, Caper Piwitschen

Et ass elo bal ee Joer hier, datt d’Anne Weis mech op der Réunion Semestrielle op d’Thema Mérite Jeunesse ugeschwat huet.

LUXPRESS/Jean-Claude Ernst

20RONDEREM deSCOUT RONDEREM211/05

Les cadres de la FNELCommissaire adj. aux louveteaux Dennis WEZENBERG, CTCommissaire adj. aux louveteaux Joanne GOEBBELS, CTCommissaire aux scouts/guidesGilles MARTIN, CD / CTCommissaire adj. aux scouts/guidesChristian BETZEN, CTCommissaire adj. aux scouts/guidesNathalie SCHWEICH, CTCommissaire aux explorersSandra CELLINA, CD / CTCommissaire adj. aux explorersThierry WINKEL, CTCommissaire adj. aux explorersPatrick TOMBS, CTCommissaire à la routeAnne WEIS, CD / CTCommissaire à la routeChristian BASTIAN, CTCommissaire à la routeAlain STOOS, CTGérant des biensMariette KILL, CD / CAChargé de la communicationAnne KAIFFER, CD / CACoordinateur du Centre de formationMarc BLAU, CD / SFFConseiller juridiqueFrançois TURK, CAConseiller médicalRoger WIRION, CACoordinateur 2007Carlo Schott, CD (voix consultative)

Président nationalAlain GEORGES Vice-Présidente nationaleAndrée BILLON-JACQUEMART Président national honoraireGeorges HAUSEMER Commissaire généralMartine FABER-SCHMIT, CD / CG / CPCommissaire général adjointPierre DAX, CD / CG / CPCommissaire générale adjointeJosiane KAISER-HINGER, CD / CG / CPSecrétaire généralPit DOLIZY, CD / CA / CG / CPSecrétaire général adjointAki KUSKE, CD / CA / CG / CPCommissaire au programmeHenri SCHREINER, CD / CT / CG/ CPCommissaire au programme adj.Pouss BLAU, CTCommissaire à la formationCarlo SCHOTT, CD / SFF / CG / CPCommissaire adj. à la formationPatty NEY, SFFTrésorier généralReggie LECORSAIS, CD / CA / CPTrésorier généralMely HERRMANN-STEINBACH, CD / CA / CPCommissaire internationalPaulette NICOLAY-TONNAR, CD / CA / CPCommissaire aux beaversLaurence MERES, CD / CTCommissaire aux louveteauxSändi SPIELMANN, CD / CT

Les Aigles, RollingergrundEYSCHEN Marc, FRANCK AdrienneBisons futés, FrisangeCAPELLE-DONVEN Danièle, HOURSCHT JeannotCB/DM, Luxembourg -, GOEDERT ChristianeLes Castors, Schuttrange-, FUNK MarcoDaereldéieren, BridelBOURONE Georges, NOTHAR FélixDachsen, DippachMONVILLE Yves, KONSBRÜCK JulienEclaireurs d’Echternach, EchternachKOHN Jean-Jacques, KAUFFMANN DanEilerenger Feldmais, EhlerangeDe JAGER Lucien, DE JAGER PaulFIISS, Luxembourg-CentsTHILL Miga, ENGELMANN LucGreng Scouten a Guiden, DudelangeJADIN Yves, REDING ChristianeLes Hirsch, Colmar-BergCHRISTEN-HALSDORF Pat, POSING GerrieHOGA, Hollerich-GareMULLER Jean-Claude, CAHEN Carole

Les Loups Blancs, Luxbg-LTPEMLSTREFF Yves, DOROTEA Carlo Kiewerlecken, StrassenBEGA Max, BAUER JeffLions Bleus, BonnevoieMAJERUS Patrick, LAMPACH ChristopheLes Loutres, MerschJACOBY Vic, RÜTZE RogerLussig Quaichlecken, EchternachHERKES Ferny, WAGNER AnnePiwitschen, CapBLAU Eric, -Panthères Noires, LorentzweilerKAP Alain, WAGNER FabiennePeaux Rouges, DudelangeBRANDENBURGER-DETAIL Michèle, SCHUBERT GuyRobert Schuman, LuxembourgCOGLIATI Maria Grazia, -Telstar, LuxembourgGARRATT Chris, THISSEN PierreWell Säi, SteinselHERMES Sharon, BETZEN ChristianWiselen, MamerDELLERE Caroline, HAMER Claude

Composition de la Conférence permanente (Délégué, suppléant)

CP:

Con

fére

nce

Perm

anen

teC

D: C

omité

de

Dir

ectio

nC

G: C

omm

issa

riat

Gén

éral

CT:

Con

seil

tech

niqu

eSF

F: S

ervi

ce F

orm

atio

n FN

ELC

A: C

onse

il A

dmin

istr

atif

Conseil national LBSAMartine FABER-SCHMITPier DAXJosiane KAISER-HINGERPit DOLIZYPaulette NICOLAY (IC LBSA)Henri SCHREINERReggie LECORSAISCarlo SCHOTTGroupement Ass. & Féd. Scouts/Guides Lux.Martine FABER-SCHMITGroupement GAFSGLPierre DAXMérite JeunesseGeorges HAUSEMER, trésorier Anne BLAU, Anne WEIS, coordinateursNATURAChristiane LOOS-SCHONGCGJLFrank STOLZ-PAGECOSLPaulette NICOLAY

Comité OmbudsmanJean-Jacques KOHNConseil Supérieur de la jeunesseGroupement GAFSGLConseil Supérieur du bénévolatGroupement GAFSGLAssociation du bénévolatGroupement GAFSGL: Nancy DAX-BROSIUSLuxembourg Capitale de la Culture 2007Coordination FNEL: Carlo SCHOTTGroupement GAFSGL: Steph MEYERSProjet Film: Nadine SCHUMMERSFF : Commission consultative SNJ-formationCarlo SCHOTT, Pit DOLIZYFondation FNEL Entente des Gestionnaires des maisons de jeunesMichel SIMONIS, Martine FABER-SCHMITCommission consultative HomeMartine FABER-SCHMIT, Pit DOLIZYStrategie 2005-2007Education à la paix (Rover): Tom SCHOLTES

Représentants de la FNEL

Groupe Histoire FNELAlfred GUILLON, Aender HATZ, Georges HAUSEMER, Jos LOSCHETTER, Robert PEFFER, Nadine SCHUMMER, Roby SUNNEN, Rudy von GRAESCommission des distinctions honorifi quesJos LOSCHETTER, Yves JADIN, Jean-Claude MULLER, Martine FABER-SCHMIT, Josiane KAISER-HINGER, Pierre DAX, Henri SCHREINER, Carlo SCHOTT, Pit DOLIZYCoordinateur OMMS JOTA / JOTINico REULANDEquipe internationaleFrank STOLZ-PAGE, Annouk PRIMEquipe Scout-ShopMariette KILL, Martine EYSCHEN-CONTER, Micky LEYDET-HUBERTY, Josette RAUS-BEFFORT, Liette WIRION-LECORSAISRescponsable logistiqueYves BLASENEquipe matérielMarc BLAU, Romain DELAGE, Steve KLEIN, Michel LEYTEM, Henri SCHREINER,Buvette QG FNELCarlo STEMPEREquipe deSCOUTJacques DEGARDIN, Martine FELLER, Claude FREISTROFFERResponsable AnimationMike FANTINGestion www.fnel.luYves JADINGestion www.misaershaff.luClaude FREISTROFFER

Equipes Service FNEL

Amicale FNELFrancis EYSCHEN, PrésidentMichel DONVEN, Secrétaire, Délégué à la Conférence permanentePierre DAX, Trésorier

Fondation FNELGuy AACH, PrésidentRobert LOOS, Secrétaire,Délégué à la Conférence permanenteMichel SIMONIS, Trésorier

ONGD-FNELPierre MATAGNE, PrésidentPaul GEDITZ , Vice-Président, Délégué à la Conférence permanenteCristina RODRIGUES, SecrétaireGary SPECK, Trésorier

22RONDEREM deSCOUT RONDEREM231/05

Employés salariés

Beavers

Carole CAHEN (respo), Frank BAULER, Patrick

GRAAS, Laurence MERES, Lynn MERTZIG

Louveteaux

Corinne GUIDORENI (respo), Marc JENTGES,

Line KUFFER, Patty NEY, Pierre SCHOLTES,

Peggy SIERADZKI, Sandy SPIELMANN, Dennis

WEZENBERG

Scouts/Guides

Marc LAUX (respo), Christian BETZEN, Caroline

DELLERE, Luc ENGELMANN, Fabienne WAGNER

Explorers

Tom SCHOLTES (respo), Patrick MAJERUS, Thierry

WINKEL

Secrétaire Conseil techniqueClaudine SCHEECKFormateurPit DOLIZYSecrétaire administrative Yvette GEDITZ-PETERS (courrier, fi nances)Secrétaire administratifClaude KUFFER (fi chier FNEL, publications, maintenance siège)ONGD-FNEL SensibilisationMax BEGAONGD-FNEL Gestion des projetsJacqueline MONVILLEONGD-FNEL SecrétariatBrigitte KARGER (Administration)Patrick OTH (Administration, Finances, Sensibilisation)

Beavers

Claire DE JAGER, Sarah DUPONT, Patrick GRAAS,

Aurélie HOFFMANN, Carine KERSCHEN, Lynn

SCHINTGEN

Louveteaux

Timo MANN, Philippe MAYER, Cathia NEU,

Nathalie SCHMIT, Kirsten TOMBS, Mady WEGENER,

Françoise WEYDERT

Scouts/Guides

Anne BLAU, Marc EYSCHEN, Yves GAFFINET,

Claude HAMER, Andy HENDRIKS, Serge LUDWIG,

Felix NOTHAR, Daniel SEIL, Fabienne WAGNER

Explorers

Yves BLASEN, Tom FRANKENBACH, Yves

GAFFINET, Cathy GIRARDIN, Tom GIRARDIN,

Georges HAMES, Armand HILBERT, Lex KILBURG,

Steve KLEIN, Christophe LAMPACH, Michel

LEYTEM, Benoît THIX, Anne WAGNER

Rovers

Anne BLAU, Thierry BLAU, David BURG, Frank

KAYSER, Martine NICOLAY, Stéphanie NUSS, Pol

SIMON, Benoît THEISEN

Tronc commun

Dany SCHONG (respo), Pat CHRISTEN-HALSDORF,

Pit DOLIZY, Patrick JAANS, Isabelle KAYSER, Line

KUFFER, Carlo SCHOTT

Leadership

Max BEGA (respo), Yves ENGEL, EYSCHEN, Jil ROB,

Benoît WAGNER

Scoutsakademie

Steffen TROCH (respo), Marc BLAU, Nancy DAX-

BROSIUS, Claude HAMER, Steve KLEIN, Carole

REGENWETTER

Bosses et Bobos

Pouss BLAU (respo), Frank BAULER, Pit DOLIZY,

Tania DONDELINGER, Véronique SCHOTT, Roger

WIRION

Equipes fédérales

SFF-Equipes formations

CONCOURS

Matgemacht haten des Kéier:- d’Mamer Wiselen,- d’Margot, de klenge Pit, d’Ginette an de Patrick,- d’Dippecher Dachsen.D’Fotoen kënnt der op www.fnel.lu gesinn

an d’Gewënner sinn ...

Mamer Wiselen

- Maacht eng fl ott Photo- eleng oder zu puer

- mat der leschter Editioun vum deSCOUT- schéckt se un [email protected]

De Gewënner gëtt hei veröffentlecht a kritt e fl otte Cado

Wou? Wéini? Mat wem?Weist eis, wou der et am léifste maacht: deSCOUT liesen.

24ÄER SÄITEN deSCOUT ÄER SÄITEN251/05

TSCHECHEN op BESUCHKirsten Tombs, CB/DM

maachen en Tour duerch Iechternach laanscht all déi wichteg Plazen. Guide ze spillen an engem Land, wou ee schonn zënter 18 Joer wunnt, ass awer net ëmmer einfach… Zëmol wann och nach alles muss iwwersat ginn! Duerno geet et weider an de Mëllerdall… Hei si jo nach méi Bierger… an de Schiessentümpel ass zwar ganz schéin, mä dat kritt keen Tschech anstänneg ausgeschwat!!! Wa mir owes zréck an den Home kommen, ginn d’Préparatioune fir d’Veillée lass: hei sinn all eis Scouten invitéiert. Virum Iessen (en typesch tschechescht Iessen) gi mir offiziel wëlkomm geheescht mat der tschechescherNationalhymne a kréien de Patrick an ech nach eng Kéier Merci gesot fir dat, wat mir hinnen organiséiert hunn. Nom Iessen ass et Zäit fir d’Veillée : Wann d’Feier ugemaach gëtt, gëtt de Sall däischter gemaach a jidderee steet op. D’Feier däerf mat näischt anescht ewéi nëmmen enger Fakel ugemaach ginn, jiddereen ass roueg. Wann d’Feier un ass, gëtt e Lidd gesongen an d’Veillée ass offiziell ugaang. Eng ganz flott Zeremonie!

Samschdes ass schonn dee leschten Dag: mueres gi mir mat hinnen an d’Bock-Kasematten. Duerno hu si e bësse Fräizäit fir d’Stad ze entdecken. Am Nomëtteg hu mir e Jeu de Ville, mat eise Scouten an den Tschechen zesummen. Owes um 18h00 geet et an d’Krypta: do läit de Jang de Blannen an dee wëllen d’Tschechen onbedéngt gesinn. Um 18h30 gi mir nach an eng Mass an der

Am Mäerz vun dësem Joer koum dunn en e-mail vum Vojtech : hie géif gäre mat sengem Grupp op Lëtzebuerg kommen a freet eis Hëllef fir e flotte Camp z’organiséieren. Et gi ganz vill e-mailer hin an hir a schlussendlech koum de Vojtech am September eng Kéier op Lëtzebuerg. Während engem gemittlechen Owend kréien de Patrick, de Vojtech an ech Iddie fir de Camp. Am Oktober ass et da souwäit: de Vojtech kënnt mat enger Equipe vun 22 Leit op Lëtzebuerg !

Dënschdes, de 26. Oktober em 23h40 komm si zu Lëtzebuerg op der Gare un: de Patrick hëllt en Deel vum Bagage of a luet et an den Auto, während ech mat hinne bis an den Home vun de Lions Bleus trëppelen, wou sie déi nächst 5 Nuechte wäerte verbréngen. Sou vill wéi méiglech vu Lëtzebuerg gesinn a 5 Deeg, Natur a Kultur, dat war d’Iddi vun dësem Camp…

Mëttwochs ass et dann erëm fréi Dag: em 8h15 huele mir den Zuch fir op Rëmeleng. Mir verbréngen de ganzen Dag am Minett: mir ginn an e Musée, mir ginn trëppelen am Fond de Gras… an owes komme mir midd awer zefridden erëm zréck an den Home.

Donneschdes steet Veianen um Programm : eng Visite am Schlass an dann trëppelen an de Bësch. Wat sinn hei vill Bierger !!! Awer et ass och schéin a ganz gemittlech, an dat ass d’Haaptsaach.

Freides gi mir op Iechternach: fir t’éischt steet e bësse Kultur um Programm. Mir

Kathedral: Tscheche si kathoulesch a gi gären op all Camp zesummen an eng Mass, och wa si net vill dovu verstinn.

Sonndes mueres heescht et dann nach eng Kéier fréi opstoen, well um 9h17 fiert den Zuch… No ongeféier 15 Stonnen Zuch wäerte si Owes zu Prag ukommen….

De ganze Camp war einfach genial. Mir hu vill gesinn, vill gelaacht a vill vun enaner geléiert. Si hu ganz vill Zeremonien, déi hinnen um Häerz leien an déi si och ëmmer respektéieren (e schéint Beispill ass d’Owesgebiet: et gëtt zesumme gebiet, duerno gëtt nach e Krees gemaach, e Lidd gesongen an da geet jiddereen an d’Bett): et ass ganz vill Spiritualitéit dran. All Dag gouf e Quiz gemaach, mat Froen iwwer dat, wat mir deen Dag gemaach a gesinn haten. All d’Scouten haten en Dagebuch, wou si Stempelen dra kruten, all Stempel war eng bestëmmten Zuel Punkte wäert. Zeréck an der Tschechei gouf gekuckt, wéi eng Équipe am meeschte Punkte gesammelt hat.

Ech wäert dëse Camp op alle Fall a ganz gudder Erënnerung behalen: et war immens ustrengend awer et war wierklech derwäert! Mir hu vill flott Kontakter gemaach an déi wäerten net esou séier futti goen. An eppes ass sécher: Guide (touristique) spillen am eegene Land ass guer net esou einfach wéi een dat géif mengen, awer et ass flott!Et war eng genial Experienz!

Wéi mir virun annerhallwem Joer e Gruppecamp zu Prag haten, hunn tschechesch Scouten eis bei eisem Programm gehollef. Mir haten ausgemaach, datt mir dat selwecht fir si hei zu Lëtzebuerg géife maachen.

Phot

os: C

B/D

M

26ÄER SÄITEN deSCOUT ÄER SÄITEN271/05

An der Krëschtvakanz hu mer eis alleguer op engem grujeleg kalen Dag bei de Wisele getraff an hunn op déi feierlech Entrée respektiv Sortie vun eise Cheffen am Carré gewaart. Dës Kéier awer koume Filmstaren (ok, verkleete Cheffen). Eist Campthema wor jo schliisslech Hollywood!

No dëser Eröffnung hu mer eis et mol am Home gemittlech gemaach an déi Leit erëmgesinn, déi mer an Ungarn kennegeléiert haten. Kloer däerf op sou engem Camp eng Bastel fir op de Krëschtbeemchen net feelen!

Nom Owesiessen hu mer eis gutt waarm ugedo fir d’Nuetsspill (wou d’Cheffen an d’Explorer géint d’Scouten aus onerkläerlechen Grënn gewonnen hunn (ehm!!)). Mir sinn duerch an duerch erfruer nees am Home ukomm an hunn dunn och schnell geschlof (respektiv sou gemaach wéi wann...)

Den Dag drop hu mer eis nom Kaffi schnell fäerdeg gemaach an de Bus geholl fir an der Stad e Rallye ze man. Mir duerfte souguer a Geschäfter goen, obwuel mer relativ schnell vum H&M verbuede kritt hun, de Buttek ze betrieden.

Nomëttes géint 3 hu mer eis dann och rëm op den Heemwee gemaach. Mir hu jo nach misse Saache fir eisen 2. a leschten Owend virbereeden. No enger waarmer Dusch

gouf dann och kräfteg weider geprouft fir eisen Danz, dee mer patrulleweis hu misse virbereeden.

Owes gouf et e richtegen 3-Gang-Menu a mir hunn déi verschidden Dänz virgefouert. Duerno koum dee laang erwaarte Moment, wou mir eis Cadeau’e konnten auspake respektiv verschenken. Jiddefalls hu mer och nach de Film gekuckt, deen de Benoît an den Angel an Ungarn gedréint haten an e wor wierklech déck gutt. A schliisslech wor et och rëm Zäit fir an d’Bett...

De leschten Dag gouf fläisseg gebotzt a geraumt éier mer dobaussen an der angenehmer Keelt gegrillt hunn. Mir hunn eis missen tommelen, well mer rëm de Bus geholl hunn. Dës Kéier goung et net an d’Stad, mä op de Kierchbierg fir an de Kino e Film kucken ze goen. No enger turbulenter Odyssee mat eise gereimege Rucksäck konnte mer dunn a Rou de Film „Die Unglaublichen“ kucken.

A scho wor et rëm un der Zäit fir de Rendez-Vous mat eisen Elteren. No enger Chaîne d’Adieu golt et Äddi ze soen an esou war alt nees e flotte Camp no Ungarn eriwwer...

KRESCHT-CAMP zu MAMERCaroline Prost, Les Aigles

Vum 20. bis 22. Dezember hunn d’Aigles, d’Wiselen, d’Pantheren an d’Dachsen, sou wéi se schonn an Ungarn zesumme woren, e flotte Camp zu Mamer verbruecht.

Phot

os: A

igle

s

28ZU GUDDER LESCHT deSCOUT ZU GUDDER LESCHT291/05

de klenge SCOUT

Abee dach, et huet eppes domat ze dinn, an zwar solle mir net ëmmer dat selwecht iessen, mä vu ville verschiddene Saachen. A wat genee? A wei dacks? Ma dat gesäis du hei an dëser Pyramid: déi seet eis, wéivill vun all Zort mir am beschten iesse sollen, fir gesond ze liewen. Déi Iesssaachen, déi op der ënneschter Schicht sinn, solle mer am meeschten iessen. Wat mir méi erop ginn an de Stäck vun der Pyramid, wat mer ëmmer manner vun deenen Zorte solle frupsen. Lo dierf een awer net fuddelen a verschidden Etagen einfach ewechloossen. An dëser Pyramid fënns du näämlech alles, wat’s du dierfs, mä och alles, wat’s du solls iessen, fir dass deng Ernährung och ausgeglach ass, well vun nëmme Schokola kritt een och nach de Bauch wéi!

Gesond Iessen

Firwat seet meng

Mamm all keier, wann

ech e Steck Schokola

well, ech misst fir

d’eischt e Steck

Uebst iessen? Dat

huet jo awer guer

naischt domat ze

dinn!

Komm, mir fänken ënne bei der Pyramid un. Do gesäis du vill Brout, Nuddelen, Räis, Gromperen asw. Heivu solle mir all Dag 3-4 Portiounen iessen. An dëse Saache si näämlech vill Kuelenhydraten, an déi ginn ons Energie, déi mir brauche fir ronderëmzelafen. Déi Kuelenhydrate maachen eis och gutt sat a si hale laang bäi, fir dass du net erëm direkt Honger kriss. Am beschte si sougenannte „Vollwertprodukter“, dat ass dee bronge Räis, brong Nuddelen oder brongt Brout mat Kären, well déi hunn nach ‚alles’ dran, dat heescht och nach méi Ballaststoffer, Vitaminnen a Mineralstoffer. Dat alles brauche mir och, fir dass d’Iessen an eisem Mo gutt verdaut gëtt a fir dass mir kee Bauch wéi kréien.

Un zweeter Plaz kënnt d’Geméis an d’Uebst. Si ginn onsem Kierper déi meeschte Vitaminnen a Mineralstoffer. Déi brauche mir, fir dass eise Kierper gesond bleift a mir net esou bleech am Gesiicht ginn ewéi d’Geeschter beim Harry Potter. Am beschte solle mer op d‘mannst zweemol Geméis an 2 Stécker Uebst den Dag iessen. Mä dat ass jo net schwéier, well déi ganz lecker sinn.

Op der drëtter Etage sinn d’Mëllech-produkter a Fleesch oder Fësch. Mëllechprodukter wéi Mëllech, Kéis a Joghurt si gutt fir d’Zänn a fir d’Schanke well si vill Calcium hunn. Éischtens brauchen eis Schanken dat, fir dass mir grouss a staark ginn, an zweetens brauchen eis Zänn et, fir dass den Zänndokter keng Lächer an eisen Zänn muss flécken.

Fir grouss a staark ze ginn, brauche mir och Fleesch oder Fësch, well do vill Phosphor, Eisen a

Vitaminnen dra sin. Eemol den Dag Fleesch iesse geet awer déck duer. Opgepasst bei all deene leckere Saache wéi Wurschten an Zoossiss, do ass ganz vill Fett dran an duerfir ass dat nëmmen hallef esou gutt ewéi et ausgesäit.

Ganz uewen an der Pyramid sinn déi ganz lecker Saachen: d’Séissegkeeten, well déi jo och bei iech ganz uewe sinn... Déi bréngen eis gutt Laun an och Energie (fir eng kuerz Zäit), mä leider kréie mir

dovun och Lächer an d’Zänn an en décke Bauch, well si voller Zocker

sinn. Duerfir solle mir dees Séissen nëmme wéineg iessen. Dat flott

un eiser Pyramid ass awer, dass mir jo näischt dierfe ganz

ewech loossen, also och d’Séissegkeeten net! Wann

dir also clever sidd an dir hutt iech och un

de Rescht vun der Pyramid gehal, da

verhandelt DIR mat ärer Mamm,

well dir jo e klengt Stéck

Schokola den Dag dierft

iessen...

Martine Feller

30ZU GUDDER LESCHT deSCOUT ZU GUDDER LESCHT311/05

3FROEN

Wéini hues du ugefaange mat kachen?

Dat ass alles bei de Scoute komm, sou em 1966/67. Virdrun hate mir ëmmer eng Kach-

Équipe an dat wor zimlech luguber. Iergendwann hu mir dunn décidéiert, dat selwer an

d’Hand ze huelen an eis éischt Versich woren och vläicht net onbedengt dat Gielt vum

Ee. Sou koum et, dass ech amplaz kleng unzefänken, mol fir d’éischt geléiert hunn, am

groussen ze kachen. Zesumme mat dem allerbeschten Assistent, deen ech jee hat, dem

Georges Gehrend, hu mir am Ufank emol haaptsächlech getest, bis dass mir spatz haten,

wéi et geif goen..

Wéi gëtt een da vum Hobby-Kach zum Tëlee-Kach?

Dat wor alles Zoufall. Deemools huet et bei RTL geheescht : mir brauchen ee fir d’Kach-

Emissioun ze maachen. D’Iddi huet mir gefall, ech hu mech gemellt a scho wor et

geschitt. Mam Wieder wor et iwweregens d’selwecht gaangen...

Ee gudde Rotschlo fir déi, déi grad réischt ufänke mat kachen?

Net zevill komplizéiert, alles ëmmer ganz einfach halen ouni zevill Gekniwwels

ronderëm. Einfach kachen, dat kann awer roueg e bësse méi wäit goen ewéi Ravioli an

der Béchs waarm maachen. Et kann een och Spaghetti mat Zooss selwer kachen... Et soll

ee sech awer op kee Fall aus dem Konzept brénge loossen; a scho guer net vu Cheffen,

déi vum Kache keng Ahnung hunn, ausser selwer z’iessen an ze drénken. Sech selwer

vertrauen an net zécken, mol eppes neies ze probéieren.

Vum Anne Kaiffer un de Max Kuborn, alen Diable Mauve an Hobby-Kach

ee FLOTTEN ECKMir fänken u mat enger flotter Plaz am

Éislék: d’Grillplaz “An der Kaul” zu Wolz. Mëtten am Bësch geleeën, ass et hei ideal fir eng Mëttespaus ze maachen. Virun allem, wou d’Plaz op engem Wee läit, dee ronderëm Wolz an Näertreg geet an duerch e flotte Bësch féiert (De Wee ass am Guide “182x Lëtzebuerg, Wanderwege und Lehrpfade”, Editions Guy Binsfeld). Ënnerwee fënnt een ënnert anerem e klenge Weier a Ruinen. Dës sinn d’Fundamenter vun engem Sanatorium, deen awer ni fäerdeg gebaut ginn ass.

Zu Wolz selwer gëtt et och vill ze kucken. D’Schlass dierft jo relativ bekannt sinn, mä wosst der, dass do och e Béiermusée dran ass? Zu Wolz ass och de Generalstreik géint d’Nazi-Besatzung am zweete Weltkrich ugaang, dorun erënnert haut e Monument an e Musée iwwert d’Schluecht vun den Ardennen.

Wolz ass och eng vun den Haaptstied vum Scoutismus. Net fir näischt ginn et hei eng Hellewull Chalet’e vun alle Gréissten. Hei steet och “d’One Penny Monument”, wat vum lëtzebuerger Skulpteur Lucien Wercollier fir d’Scouts-Bewegung geschafe gouf.

Fir weider Informatiounen a fir d’Reservatioun vun der Grillplaz kënnt der iech un de Syndicat d’Initiative Wiltz wenden. Telefon 95 74 44, E-mail [email protected], Site www.arbo.lu/syndicat/synfr00.html

Jacques Degardin

Eng nei Rubrik mat Iddië fir är Sortie’en, Camp’en an nach villes méi. Schéckt och dir eis äere flotten Eck, zu Lëtzebuerg oder am Ausland, un [email protected].

Phot

os: J

. Deg

ardi

n