TURMES EMPAIN - wielgreng.lu · A mengem fréiere Beruff beim regionalen Tourismusbüro (ORT...

12
Well mer eist Land gär hunn GRÉNG NEWS Är gréng Kandidate fir den Norden Norden WAHLEN 2018 LU / FR GRENG.LU Lëscht 2 EMPAIN Stéphanie TURMES Cl a ude

Transcript of TURMES EMPAIN - wielgreng.lu · A mengem fréiere Beruff beim regionalen Tourismusbüro (ORT...

We ll mer eist Land gär hunn

GRÉNG NEWSÄr gr éng Kandidate fir den Norden

Norden

WAHLEN 2018

LU / FR GRENG.LU

Lëscht 2

EMPAINSté phanie

TURMESClaude

Et geet eis dorëms, d‘Zukunft ze gestalten: déi vun eisem Land an déi vun eise Kanner.

CHERS CITOYENNES ET CITOYENS,

Les cinq dernières années, une équipe verte motivée s’est engagée au sein du Gouvernement, du Parlement et au niveau local pour assurer un meilleur avenir

au pays, aux habitants et à l’environnement. Nous avons prouvé que le choix de l’électeur est important, que notre participation gouvernementale a fait une nette différence et que la politique verte fait du bien à notre pays. Déi gréng ne se cachent pas et affrontent les grands défis.

Nous voulons résoudre les problèmes et assurer un avenir durable à notre pays, ainsi qu’à nos enfants et aux générations futures. C’est l’objectif que nous avons poursuivi depuis 2013 au sein du Gouvernement et c’est dans cette voie que nous voulons continuer - avec votre confiance et votre aide – les cinq prochaines années. Car il reste encore beaucoup à faire.

Dans ce dépliant, nous vous présentons nos 9 candidates et candidats pour la Circonscription du Nord sur base d’un précieux mélange d’expériences professionnelle, politique et de vie.

Avec cette équipe forte et sympathique, nous espérons pouvoir compter sur votre soutien lors des élections du 14 octobre 2018. L’enjeu est de taille. Il s’agit d’assurer l’avenir, la cohésion et le bien vivre ; parce que nous aimons notre pays.

Claude Turmes & Stéphanie Empain

LÉIF BIERGERINNEN A BIERGER,

Déi lescht 5 Joer huet sech eng motivéiert gréng Equipe an der Regierung, an der Chamber an och um Terrain fir d’Zukunft vun eisem Land, sengen Awunner a senger Ëmwelt agesat. Si huet bewisen, datt et net egal ass, wien ee wielt, datt eng gréng Regierungsbedeelegung een däitlechen Ënnerscheed mécht, an datt gréng Politik dem Land gutt deet. déi gréng sëtzen d’Problemer net aus. Eis geet et drëms d‘Problemer ze léisen, an dem Land an all sengen Awunner - a speziell och eise Kanner a Kandskanner - eng liewenswäert Zukunft ze garantéieren.

Genee dat hu mir zanter 2013 an der Regierung an Ugrëff geholl, a genee do wëlle mir – mat ärem Vertrauen an ärer Hëllef – déi nächst 5 Joer weider fueren. Mir hu villes beweegt, mee et bleift och nach villes ze maachen. Dofir proposéieren Iech déi gréng nees ee kohärente Programm an eng Equipe mat motivéierte Fraen a Männer aus alle Regioune vum Land.

An dësem Depliant stelle sech eis 9 Kandidatinnen a Kandidaten aus dem Bezierk Norde vir. Si bidden Iech e wäertvolle Mix u Liewens-, Beruffs- a Politikerfarung.

Mat dëser staarker a sympathescher Equipe hoffe mir de 14. Oktober och op är Ënnerstëtzung. Well et geet ëm vill. Et geet ëm d‘Zukunft, den Zesummenhalt an e gutt Liewen, well mer eist Land gär hunn!

Claude Turmes & Stéphanie Empain

ENG STAARK EQUIPEfir den Norden

EMPAINSté phanie

TURMESClaude

fir den NordenNo 20 Joer Europapolitik freeën ech mech erëm op Lëtzebuerg an de Norde vum Land ze kommen. Ech sinn zeréck komm, fir dem Camille Gira seng Aarbecht fir den Ëmweltschutz an d’Liewensqualitéit am Norde weiderzeféieren. Besonnesch d’Nordstad ronderem Dikrech an Ettelbréck huet eng wichteg Roll fir déi ganz Regioun: Dofir war et mir perséinlech wichteg, d’Grënnung vun enger Entwécklungsgesellschaft fir d’Nordstad virunzedreiwen, déi de Bau vu neie Wunnquartier’en an anere wichtegen Infrastrukture méi schnell virundreift.

Am Transport brauche mir weider Verbesserungen. Fir dass de Bus net am Stau steet ginn separat Bus-Couloiren tëschent Dikrech an Ettelbréck realiséiert. Déi nei Pattons-Bréck zu Ettelbréck wäert nieft enger Busspur, och eng separat Vëlosspur hunn. Donieft ginn d’Buslinnen innerhalb vun der Regioun ausgebaut an och Ruffbussen, déi flexibel op Nofro hin, beispillsweis weekends oder owes, agesat kënne ginn, agefouert. De Contournement vun Housen gëtt schonn d’nächst Joer an Ugrëff geholl, fir dass de Verkéier op der N7 méi schnell a méi sécher gëtt.

De Stauséi ass d’Häerz vun eiser Waasserversuergung a muss dowéinst besser geschützt ginn. Mir hunn immens konstruktiv Gespréicher mat de Baueren, déi gewëllt sinn déi wichtegst Ressource vum Liewen ze schützen a mat dëser éierevoller Aarbecht fir den Norden a fir eis Kanner ze handelen. Mir wäerte méi wéi 5 Milliounen Euro all Joer zur Verfügung stellen, fir dësen Déngscht am Numm vum Waasserschutz ze honoréieren.

TURMES *57 Joer • Dikrech

*Staatssekretär fir nohalteg Entwécklung an

Infrastrukturen

*Fréieren Deputéierten am Europa-Parlament

Claude Après 20 ans d’engagement politique au sein de l’Union européenne, je suis heureux de retrouver mes racines. Je suis revenu pour continuer le travail

de Camille Gira qui s’est toujours investi pour la protection de la nature et une bonne qualité de vie dans le magnifique nord du pays. C’est surtout la ‘Nordstad’ qui a un grand potentiel et qui joue un rôle important pour notre région: Voilà pourquoi la création d’une société de développement pour la ‘Nordstad’ m’a particulièrement tenu à coeur. Elle devra pouvoir lancer plus rapidement la construction de nouveaux quartiers résidentiels et d’autres infrastructures importantes.

Des améliorations du transport s’imposent. Avant la fin de l’année nous réaliserons des couloirs réservés aux bus entre Diekirch et Ettelbruck, afin que les bus peuvent éviter les embouteillages. Des couloirs de bus et une piste réservée aux cyclistes seront aménagés au niveau du nouveau pont Patton à Ettelbruck. Nous assurerons en outre la mise en place de nouvelles lignes de bus au sein de la région Nord ainsi que des bus à la demande qui, de manière flexible, pourront être mobilisés notamment en soirée ou pendant les weekends. Le contournement de Hosingen sera abordé l’année prochaine pour rendre le trafic sur la N7 plus rapide et plus sûr.

Le Lac de la Haute-Sûre est au cœur de la distribution d’eau potable de tout le pays et il faut donc protéger ces eaux de la meilleure façon possible. Le dialogue constructif avec les agriculteurs de la région nous tient à coeur, car ce n’est qu’avec leur collaboration que nous pourrons garantir la protection de ce trésor naturel. Un trésor que nous devons obligatoirement préserver pour nos enfants. C’est pourquoi nous mettrons à disposition plus de cinq millions d’euros par an pour honorer leur service au nom de la protection de l’eau.

EMPAIN *35 Joer • Ierpeldeng / Wooltz

*Selbststänneg

*M.A. Politikwëssenschaft

Sté phanie

Ech sinn dovun iwwerzeegt, dass een Ëmdenken a ville Beräicher néideg ass an ech hu Loscht, mat unzepaken. Eis Generatioun huet d’Saach elo an der Hand fir nei Denkmusteren an nei Iddie mat op den Dësch ze bréngen. Ech well mech déi nächst 5 Joer asetze fir eist Land an eis Regioun weider ze denken, sou dass se de Bedürfnisser vun de Mënsche méi gerecht ginn.

A mengem fréiere Beruff beim regionalen Tourismusbüro (ORT Éislek) hunn ech geléiert, dass et wichteg ass, sech senge Stäerkte bewosst ze sinn. Hei uewen hu mir eng immens héich Liewensqualitéit a wonnerschéi Landschaften. Leit vun no a wäit kommen heihinner fir ze entschleunegen an Energie ze tanken. Op dës Eenzegaartegkeet wëll ech opbaue fir eis Regioun weider ze entwéckelen. Mä den Norden ass méi, ewéi just eng touristesch Attraktioun. Mir mussen dofir suergen, dass d’Leit hei uewe weiderhi gutt liewe kënnen an d’Regioun sech wirtschaftlech entwéckele kann.

Fir d’éischt musse mir dofir suergen, dass Grondbedierfnisser ewéi d’medezinesch Versuergung, eng gutt Kannerbetreiung an en effikassen ëffentlechen Transport assuréiert ginn. Donieft läit mer um Häerz, dass mir lieweg Duerf- a Stadkären hunn, an deenen d’Leit sech kënne begéinen. Dat ass natierlech och enk verbonne mat der wirtschaftlecher Entwécklung. Mir geet et drëms, wirtschaftlech Aktivitéiten unzezéien, déi eis wonnerschéin Natur net futti maachen an déi eng Plus-Value fir eis Gesellschaft hunn.

Je suis convaincue que nous devons changer d’habitude à différents niveaux, et je suis motivée à prêter main-forte. Notre génération dispose des idées et du savoir-

faire nécessaires pour faire avancer les choses. Dans les cinq prochaines années, j’espère pouvoir m’engager pour un développement respectueux de notre pays et de notre région, et surtout des besoins de la population.

En tant qu’ancienne gestionnaire à l’office régional du tourisme (ORT Éislek), j’ai appris qu’il est important d’être conscient de ses forces et atouts. Notre région, avec ses beaux paysages, nous offre une qualité de vie élevée. Des visiteurs viennent des quatre coins du monde pour se revitaliser. C’est sur ces points forts que je veux miser quand il s’agit de définir le futur de notre région. Mais le nord est bien plus qu’une attraction touristique. Nous devons veiller à ce que les habitants de la région puissent continuer à profiter de cette qualité de vie extraordinaire tout en assurant que l’économie régionale puisse se développer.

Tout d’abord, nous devons veiller à ce que les besoins primaires tels que les soins médicaux, la garde des enfants et un transport public efficace soient assurés. Ensuite, il me tient particulièrement à coeur que les centres de nos villes et villages soient des endroits vivants, des endroits de rencontre. Ceci est bien-sûr lié à un développement économique intelligent. Pour moi, il est primordial d’attirer des activités économiques qui ne nuisent pas à notre magnifique nature et qui proposent une plus-value pour notre société.

Meng Ausbildung zum Ingenieur huet mech geléiert Problemer systematesch an als Ganzes unzegoen, den Iwwerbléck ze behale fir gutt Léisungen ze erschaffen. Als Professer hunn ech ni vergiess de Mënsch ze respektéieren, sief et de Schüler oder de Mataarbechter, an hier Suergen eescht ze huelen. Dëst hat och groussen Afloss op meng politesch Aarbecht an ass mäin « Leitmotiv » : Eng gutt thematesch Virbereedung vu mengen Dossieren, de Matmënschen nolauschteren, als Vermëttler optriede fir Brécken ze bauen, sou dass keen op der Streck bleift. Dëse Prinzip bestëmmt scho säit 20 Joer meng Politik am Réidener Kanton.

ANZIA *51 Joer • Useldeng

*Deputéierten

*Professer-Ingenieur

*Gemengeconseiller

*President Naturschutzsyndikat SICONA-Centre

*Vize-President Syndikat de Réidener Kanton

*President Leader Atert-Wark

*President Op der Schock asbl

Gérard

Ma formation d’ingénieur m’a appris à aborder les problèmes d’une manière systématique et holistique, afin de trouver la meilleure solution possible. En tant que professeur, j’ai toujours

veillé à respecter les élèves et les collègues de travail et à prendre leurs soucis au sérieux. Ceci a fortement influencé mon engagement politique et a forgé mon « Leitmotiv » : Préparer minutieusement mes dossiers, écouter les personnes concernées, agir comme intermédiaire pour concevoir des passerelles afin de ne négliger personne. Ce principe a porté ses fruits pendant plus que 20 ans dans le canton de Redange.

Wa mir haut Léisunge fir muer wëllen erschaffen, da musse mir e Bléck op dat Ganzt werfen, an de Buedem op deem mir liewe respektéieren!

En doucen Iwwergang an d’Pensioun erméiglechen, d‘Isolatioun am Alter vermeiden duerch intergenerationell an interkulturell Solidaritéit, dat ass mir wichteg. Nëmmen andeems mir konkret Moossnamen ergräifen, kënne mir sécherstellen, dass eng aktiv Bedeelegung um sozialen a kulturelle Liewen och am Alter garantéiert ass. Dowéinst brauche mir héichwäerteg Leeschtungen am Fleegeberäich, diversifiéiert Weiderbildungsofferen, ugepasste Sportaktivitéiten a sécher Mobilitéit.

ASCHMAN *63 Joer • Clierf

*Pensionnéiert Léierin

*Gemengeconseillère

*Presidentin vun der Kommissioun vum 3. Alter a vun

der Kommissioun fir Integratioun a Chancëgläichheet

Betsy

Le bien vieillir est un sujet qui me préoccupe.Permettre une transition souple entre vie active et retraite, prévenir l’isolement des seniors par une solidarité intergénérationnelle et interculturelle.

En prenant des mesures concrètes nous pourrons garantir à tout un chacun une participation active à la vie sociale et culturelle: Promouvoir le vieillissement en bonne santé par une offre de services de soins de qualité, de formations, d’activités culturelles et sportives adaptées et de moyens de mobilité permettant un déplacement autonome et sûr.

Active ageing: Eng gutt Liewensqualitéit am Alter ass mir wichteg.

Duerch mäin Interessi fir den Déieren-, Ëmwelt-, an Naturschutz a mäin an déi Richtung orientéierte Studiëgang, weess ech dass mir eis och iwwert d’Zukunft vun eiser Ëmwelt musse Gedanke maachen. Jiddweree lieft gäre weiderhin an enger propperer an intakter Natur. Se ze erhalen an ze schütze sollt also och selbstverständlech sinn! Zesumme kann een hei vill erreechen.

BIRCHEN *24 Joer • Waarken / Ettelbréck

*Studentin an Ëmweltbiologie

*Bachelor en Cultures Européennes

Filière Philosophie

*Comitésmember Theaterclub Rido-Op, Member

Jugendverein Waarker Jeekelen

*Member vun der Ëmweltkommissioun a vun der

Chancegläichheetskommissioun

Svenja

Grâce à mon intérêt pour la protection des animaux, de l’environnement et de la nature, ainsi que mes études dans ce domaine, je sais que nous devons également nous préoccuper de

l’avenir de notre environnement. Chacun veut vivre dans une nature propre et intacte. La préserver et protéger devrait donc être considéré comme évident! Ensemble, nous pouvons accomplir beaucoup.

Sech zesummen fir d’Natur, d’Emwelt an d’Déieren asetze lount sech!

NATUR- AN ËMWELTSCHUTZ

* Drénkwaasserschutz, duerch d’Ausweise vun neie Waasserschutzzonen, virun allem um Stauséi.

* Ëmsetze vum neien Naturschutzgesetz fir e bessere Schutz vun eise Landschaften an eise Bëscher.

* Verbuet a Reduzéierung vu geféierleche Pestizide, notamment vum Glyphosat.

* Eng staark Zesummenaarbecht mat den Naturparken Our an Uewersauer fir weiderhi Projeten ze realiséieren (ënner anerem ronderëm d’Liichtverschmotzung) an dës da mat de ville kulturellen Attraktiounen aus der Regioun verbannen,  fir esou en nohaltegen Tourismus ze fërderen.

déi gréng setze sech a fir

Duerch meng benevole Engagementer, sief et fir héichbegaabte Kanner, als Elterevertriedung oder an der Flüchtlingshëllef, hunn ech geléiert, dass wann een eppes erreeche wëll an een aus voller Iwwerzeegung handelt, ee vill beweegen an nohalteg matgestalte kann. Dës Erfarung wëll ech och an der Politik abréngen.

DELTGEN *44 Joer • Dikrech

*Privatbeamtin

*Begabungspädagogin

*Member vum Comité exécutif vun déi gréng

*Spriecherin vun déi gréng Norden

Giny

À travers mes expériences dans le bénévolat en tant que représentante des parents, dans le travail avec des enfants à haut potentiel ou dans le cadre de l’aide aux réfugiés, je me suis rendue

compte qu’il faut agir avec conviction afin de faire bouger les choses et de façonner un avenir durable. C’est ce constat qui me pousse à m’engager en politique.

Politesch gestalten an agéieren, aus voller Iwwerzeegung a mat vill Engagement.

Als jonk an dynamesch Generatioun voller neier Iddien ass et wichteg, dass mir bei de groussen Erausfuerderunge vun haut, wéi dem Klimawandel oder der Entwécklung vun alternative Wuesstemsmodeller, matschwätzen. Zesumme kënne mir eng liewenswäert Zukunft mat enger intakter Ëmwelt als Liewensgrondlag schafen.

DUPREZ *23 Joer • Wilwerdang / Ëlwen

*Masterstudentin a Politikwëssenschaft

*Comité vun déi jonk gréng

*Member vum Klimateam Ëlwen

Tanja

Faisant partie d’une génération jeune et dynamique, je pense que nos contributions sont importantes pour relever les grands défis d’aujourd’hui tels que le changement climatique

ou bien la mise en valeur de modèles économiques alternatifs. À nous de préserver un environnement intacte pour garantir des bases saines pour les générations futures.

Kommt, mir engagéieren eis fir eis Zukunft!

LIEWENSQUALITÉIT

* Schafe vu lokalen Aarbechtsplaze, duerch eng Dezentraliséierung vu staatleche Verwaltungen op Ettelbréck an Dikrech.

* Méi bezuelbare Wunnraum a fir méi lieweg Uertschaften, duerch e neie Fong vum Staat deen de Gemengen hëlleft an hier Stadkären ze investéieren, an eng méi intensiv Zesummenaarbecht vu Staat a Gemengen.

* Verbesserung vun der medezinescher Versuergung am Norden, duerch den Ausbau vu Maisons Médicalen an engem nationalen Zentrum fir ganzheetlech Medezin duerch d’Fusioun vum CHdN a vum CHNP.

déi gréng setze sech a fir

Als Physiksproff, Familljepapp, Gemengeconseiller an Naturmënsch setzen ech gären nei Iddien ëm. Et ass spannend ze erkennen wéi villfälteg d’Zesummenhäng tëscht der Ëmwelt an de Liewewiese sinn. Och d’Nordstad kéint esou zum Beispill vun de Beie léieren: E klore Plang a fläisseg Zesummenaarbecht féieren zum Erfolleg.

THILLEN *53 Joer • Dikrich

*Physiksproff

*Gemengeconseiller

*President Denkfabrik Nordstad

*Hobbyimker

Frank

En tant que professeur de physique, homme de famille, conseiller communal et amoureux de la nature, j’aime mettre en œuvre de nouvelles idées. Il est passionnant de voir à quel point les

relations entre la nature et les êtres vivants sont diverses. Ainsi, la Nordstad pourrait aussi apprendre des abeilles: Un plan clair et une coopération intense mènent au succès.

Ee klore Plang a fair zesummeschaffen, da klappt et!

Jonke Leit Loscht op d’Handwierk ze maache muss eng Prioritéit vun der nächster Regierung ginn. Als Bäcker-Pâtissiersmeeschter erliewen ech all Dag wéi schwéier et ass, Nowuess fir ons Beruffer ze fannen. Den Image vum Handwierk muss e gréissere Stellewäert kréien an et muss sech lounen en Handwierk ze léieren!

WILMES *55 Joer • Uewerfeelen / Feelen

*Fräiberuffleche Bäcker-Pâtissier Meeschter

*Schäffen

Dan

Augmenter l’attractivité des métiers artisanaux chez les jeunes doit être une des priorités du prochain Gouvernement. En tant que pâtissier-boulanger, je vois chaque jour à quel point il

est difficile de trouver la relève. Il faut valoriser le travail artisanal et le rendre attractif pour les jeunes.

Et gëtt héich Zäit d’Handwierk opzewäerten.

MOBILITÉIT

* Verbesserung vum ëffentlechen Transport, duerch den Ausbau vun der Gare zu Ettelbréck an d’Aféierung vun neie Buslinnen a Ruffbussen, déi flexibel an op Nofro hin agesat kënne ginn.

* Verbesserung vun der doucer Mobilitéit duerch besser Zesummenaarbecht tëschent Staat a Gemengen am Beräich Vëlosweeër.

* Schnell Verbesserung vum Verkéiersfloss a vun der Sécherheet, duerch de Contournement Housen an Hengescht an Ausbauaarbechten op der N7.

déi gréng setze sech a fir

déi gréng 2018 - Im

primé au Luxem

bourg sur du papier recyclé

CCPL LU85 1111 1204 2043 0000 DEI GRENG | KOMMUNIKATIOUN: DON

Ënnerstët zt eisMAACHT EN DON!

déi gréng Secrétariat du parti

3, rue du Fossé, L-1536 Luxembourg Tél. (+352) 27 48 27 1, [email protected]

GRENG.LU

GRÉNG ON TOURmir komme bei Iech

INVITATIOUNLéiert eis Kandidaten a Kandidatinnen aus dem Bezierk Norden kennen a gitt alles gewuer iwwert de grénge Wahlprogramm an eis Prioritéiten fir d’Regioun!

INVITATIONRencontrez nos candidates et candidats de la circonscription Nord et informez-vous sur notre pro gramme électoral et nos priorités pour la région.

WOOLTZ INFOVERSAMMLUNG / SOIRÉE D‘INFORMATION DËNSCHDEG / MARDI 02.10. 19:00Prabbeli, 8 Gruberbeerig L-9538 WiltzWunnen, Schaffen, Fräizäit a Famill: eis Iddie fir Wooltz an Ëmgéigend Vivre, travailler, loisirs et famille: nos idées pour Wiltz et ses environsMam / Avec Claude Turmes, Stéphanie Empain, Gérard Anzia

RÉIDEN INFOVERSAMMLUNG / SOIRÉE D‘INFORMATION FREIDEG / VENDREDI 05.10 19:00Réiden an der Aula, 1 rue d’Ospern L-8508 Redange-sur-AttertMobilitéitsoffensiv fir de WestenOffensive de mobilité pour l’OuestMam / Avec François Bausch, Claude Turmes, Gérard Anzia

NATIONALEN INFO-OWEND MAT GEBÄERDESPROOCH STROOSSEN MÉINDEG / LUNDI 08.10 19:30 Centre culturel Paul Barblé, Strassen

NIEDERFEULENVISITT NEIT WANDRAD / VISITE NOUVELLE ÉOLIENNE SONNDEG / DIMANCHE 07.10. 10:30RV beim Hennesbau15C, rue de la Fail L-9175 Niederfeulengréng Visitt vum neie Wandrad zu Feelen: Nei Revenue fir Bierger, Baueren a Betriber Visite verte de la nouvelle éolienne à Feulen: Nouveaux revenus pour citoyens, agriculteurs et entreprises Mam / Avec Dan Wilmes, Claude Turmes, Gérard Anzia

BIEKERECH INFOVERSAMMLUNG / SOIRÉE D‘INFORMATION DËNSCHDEG / MARDI 9.10. 19:00Zu Biekerech an der Millen / Au moulin de BeckerichHuewelerstrooss, 103 L-8521 BeckerichLiewensqualitéit am Réidener Kanton: Op de Spure vum Camille Gira La qualité de vie dans le Réidener Kanton : Sur les traces de Camille GiraMam / Avec Gérard Anzia, Stéphanie Empain, Claude Turmes

DIEKIRCHINFOVERSAMMLUNG / SOIRÉE D‘INFORMATION MËTTWOCH / MERCREDI 10.10 19:00zu Dikrech am Festsall / Salle des fêtes de DiekirchPlace des écoles (Stehresplaz) L-9226 DiekirchGutt liewen an der Nordstad - eis VirschléiBien vivre dans la Nordstad - nos propositionsMam / Avec Claude Turmes, Svenja Birchen, Giny Deltgen, Frank Thillen

Lors de ces soirées, une traduction en langue française est assurée.

Méi Infos iwwert gréng Stänn a Wahlversammlungen op Plus d’infos sur nos stands et soirées d’information sur

WWW.GRENG.LU

INVITATIOUN NATIONALE MEETING ZUKUNFT. ZESUMMENHALT. GUTT LIEWEN. GRÉNG WAHLKAMPF-FINALE AN DE ROTONDEN

DONNESCHDEN, 11. OKTOBER 2018 VUN 18:30 BIS 20:00Rotondes | Place des RotondesL-2448 Luxembourg - Bonnevoie

Eis Spëtzekandidatinnen a -kandidaten invitéieren Iech an d’Rotonden, wou der déi gréng Prioritéite fir d’Wahle virgestallt kritt. D’Kandidatinnen a Kandidaten aus de véier Bezierker freeë sech, Iech deen Owend ze begéinen.